Eukelade (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 1 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.661.000 km |
Periapsis | 17.225.200 km |
Apoapsis | 30.096.800 km |
Exzentrizitéit | 0,272 |
Ëmlafzäit | 746,4 Deeg |
Ëmlafvitess | 746,4 km/s |
Inklinatioun | 165,5° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,6 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 5. Februar 2003 |
Den Eukelade (och Jupiter XLVII) ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den S/2003 J 1 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound ktut den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) den offiziellen Numm Eukelade (no der Eukelade, enger Duechter vum Zeus).
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Eukelade kreest a 746 Deeg an 10 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.661.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,272. Mat enger Schréi vun 165,5° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Eukelade der Carme-Grupp, nom Jupitermound Carme genannt, zougedeelt.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Eukelade huet en Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt, wann ee vun engem Opbau aus Silikatgestengs ausgeet, op 2,6 g/cm³ geschat. Seng visuell Magnitude ass 22,6m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2003-E11: S/2003 J 1, 2003 J 2, 2003 J 3, 2003 J 4, 2003 J 5, 2003 J 6, 2003 J 7 4. Mäerz 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2003-E29: S/2003 J 9, 2003 J 10, 2003 J 11, 2003 J 12; S/2003 J 1, 2003 J 6 7. Mäerz 2003 (deelweis Revisioun vun MPEC 2003-E11)
- MPEC 2004-H07: S/2003 J 1 16. Abrëll 2004 (Zeréckentdeckung)