Op den Inhalt sprangen

Gare Téiteng

Vu Wikipedia
Gare Téiteng

Streck 6c, 6d
PK 7,981
Quaien 1
Gleiser 4 (1 mat Quai)
Uertschaft Téiteng
Gemeng Keel
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 28’ 38’’ N
      6° 02’ 05’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare vun Téiteng ass eng Gare op der CFL-Linn 6c an op der CFL-Linn 6d tëscht der Gare Keel an der Gare Rëmeleng respektiv dem Verluedequai vun der Intermoselle am Rëmelenger Laangegronn.

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare vun Téiteng huet e gratis Park & Rail-Parking mat spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Vum 16. Juni 2007 un, huet d'Gebai vun der Téitenger Gare eng nei Bestëmmung kritt. En ettlech Téitenger Veräiner a Gesellschaften deele sech de Parterre fir hir wéchentlech Sëtzungen.

An der Gare hu verschidde Veräiner hire Sëtz:

  • de Seniorentreff Téiteng
  • d'Frëndinnen an der Gare
  • den OGB-L Téiteng
  • d'Société Avicole Kayl
  • Lëtzebuerger Rentner an Invalide Veräin Téiteng
  • d'APEEP Association des parents d'élèves de l'école primaire Kayl.Tétange

Den 13. Juni 2022 gouf d'Voyageurs-Gebai vun der Gare proposéiert als national Kulturierfschaft klasséiert ze ginn.[1]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Näerzeng Keel   RB
CFL-Linn 60b 
  Rëmeleng Rëmeleng
Lëtzebuerg Keel   RE
CFL-Linn 60b 
  Rëmeleng Rëmeleng
Commons: Gare Téiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).