Op den Inhalt sprangen

Rëmeleng

Vu Wikipedia
Rëmeleng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rumelange
de: Rümelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Rëmeleng
Buergermeeschter Henri Haine (LSAP)
Awunner 5.130
  01.01.2012
Koordinaten 49° 27’ 38’’ N
      06° 01’ 50’’ O

Rëmeleng ass eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied a läit am Süde vum Kanton Esch. Et ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Rëmeleng.

Rëmeleng läit an deem vun der Keelbaach gegruewene sougenannte Keeldall (Käldall fir d'Awunner). D'Koppe ronderëm si räich u Minett.

Den héchste Punkt vu Rëmeleng läit am Origerbësch op 434 m an deen déifsten an der Sauerwiss op 296 m.

Rëmeleng ass déi südlechst Uertschaft am Land (Grenzmaark FL-91 op 49° 26′ 53,7″), de südlechste Punkt läit awer an der Gemeng Keel (Maark FL-96 op 49° 26' 52").

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Rose des vents Esch-Uelzecht Keel Keel Rose des vents
Däitsch-Oth (F) N Keel
W    Rëmeleng    O
S
Ëtteng (F)

Urspronk vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am Joer 698 daucht den Numm Rumelacha an engem Dokument op, et kann awer net als sécher ugeholl ginn datt dee sech op dat haitegt Rëmeleng bezitt.

1297 dann ass déi éischt geséchert Ernimmung. Et gëtt eng sëllege Bezeechnungen, Rumelenges, Ruomlinga, Rumlingen, Remlingen, Rümblingen, Rümlingen, Riemlingen, Rhemlingen a Roemlingen.

Den Numm kënnt eventuell vu Rum-ili, Land vun de Réimer[1]. D'Endung -eng dogéint deit op e fränkeschen Urspronk hin[2]. Wéi déi zwee zesumme passe gëtt hei drënner erkläert.

Éischt Besiidlung

[änneren | Quelltext änneren]

Ausser verstengerte Muschelen aus dem mëttlere Jura, Eckzänn vun engem Hielebier aus dem Äiszäitalter déi am Laangegrond fonnt goufen a Quarzitschaber aus der Steenzäit gëtt et keng archeologesch geséchert Fondsaachen aus der Fréizäit vu Rëmeleng. D'Rëmelenger Grouwenopsiicht Charel Limpach rapportéiert awer vun Aarbechter fonnt ural Galerien a Schlaken op Rëmelenger Terrain. Den Nicolas Charpantier entwéckelt doraus an aus der Analys vun ale Flouernimm an engem gewësse Schaarfsënn eng Theorie vum Urspronk vu Rëmeleng[3].

Him no gouf et, wann net schonn zur Keltenzäit, da spéitstens an der Réimerzäit am 3. Joerhonnert eng éischt Besiidlung vu Rëmeleng mam Zil fir Eisen ze gewannen, dat um Tëtelbierg entweeder an de Mënzschléierateliere weiderverschafft gouf oder vun do an den Exporthandel op de grousse Réimerstroosse Metz-Arel-Tréier-Köln koum.

Hie geet dovun aus, datt an de Laangemaissen keltesch Sklave gehaust hunn, déi fir d'réimesch Hären ëm de Géigekeeser Tetricus hu missen a klenge Grouwen a Pafert am giele Lager, an am Heedefeldchen am bronge Lager an am Rëscheler Lach am groe Lager Minett ofbauen, deen dann um Pafertsbuer an um Ieweschbuer gewäsch gouf, am holzräiche Beiswénkel a Krommfuer a Renniewe zu Réigoss geschmollt gouf, an du mat Ween um Dellwee op Däitsch-Oth, Réideng, Nidderkuer a schlussendlech op den Tëtelbierg gefouert gouf.

Eng kleng Ekipp vu réimesche Wiechter huet sech wuel an Hëseng verschanzt, zoustänneg fir de Verbindungswee op den Tëtelbierg an der Rei ze halen a fir d'Transporter ze begleeden an ze beschützen.

D'Haaptwuecht géif een awer Op Rembuer lokaliséieren, no beim Waasserlaf, ongeféier op der selwechter Héicht wéi d'Laang Maissen. No Norden hi war déi natierlech Héicht e gudde Schutz, op deenen anere Säite koum no enger Zort Plëss a Glacis an engem (Häd) e Wall mat Pallisad (Walert) an eng Dréchemauer aus Holzfachwierk mat Steng dertëscht (Gebrannte Bësch).

Wéi de legitime réimesche Keeser Aurelian sech op de Wee an den Norde gemaach huet, fir sech d'Sonnerräich Gallien vum Tetricus zeréckzehuelen, hu wuel och d'Häipen an d'Befestegungen zu Rëmeleng gebrannt. Déi déi iwwerlieft hunn, hunn d'Pick net méi an de Grapp geholl mä hunn als einfach Bauere weidergemaach, sou datt de Räichtem ënner dem Buedem fir vill Joerhonnerten an de Vergiess geroden ass.

Wa Germanen agefall sinn da konnte se déi entweeder zeréckschloen oder se hu sech bei de Kosengen um Aumetzer Plateau verstoppt bis datt de Stuerm eriwwer war a se nees alles opbaue konnten. Vill méi schlëmm koum et wéi d'Hunnen ënner hirem Kinnek Attila am Joer 451 a Gallien agefall sinn a beim Marsch vun Tréier op Metz och duerch d'Gebitt vum spéidere Lëtzebuerg koumen. Anscheinend hu se am Hësengerlach eng Zäitche gerascht, well nach bis an d'16. Joerhonnert era gouf déi Plaz och nach Hunnendall genannt.

D'Franken, déi vu 413 u virun allem luusse koume fir ze plëmmen, hu sech spéitstens ëm d'Joer 480 definitiv an der wäitleefeger Géigend néiergelooss. Apaart de Streech vu Fréiseng an Englengen am Osten, Piisseng a Lidleng an der Mëtt, bis Péiteng an Hierkereng am Westen, huet hinne gutt gefall, sou datt se do sou sëllechen nei Siidlungen ugefaangen hu wéi soss néierens an der spéiderer Grofschaft. D'Rumili déi wuel op der Plaz waren hu se net weider gestéiert a se hunn hir Siidlung eventuell no hinne benannt.

Spéider Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

Eng éischt Kéier gëtt Rëmeleng wéi gesot 1297 als Rumelenges an engem Akt vum Simon, Här vu Keel ernimmt.

Wärend der ganzer Feudalzäit ass d'Grenz tëscht Grofschaft/Herzogtum Lëtzebuerg a Grofschaft/herzogtum Bar duerch Rëmeleng gaang. D'weltlech Häre vu baresch-Rëmleng waren d'Schlasshäre vun Ëtteng, déi vum Grof vu Bar e Lehe kruten. Well déi awer 1368 der Stadter Mënsterabtei en Deel vun hire Rëmlenger Gidder verkaaft hunn, hate se duerno nëmme méi dräi Haiser Rescht (vun den insgesamt 12 Haiser am 15.Jh.). Trotzdeem hu se um drolege Recht vun der Kiermesherrlechkeet festgehalen, wat bedeit huet datt all Joers vum 7. September mëttes bis den 9. September mëttes den Ëttenger Här op Rëmleng koum fir d'héich, mëttel an ënnescht Geriichtsrechter ze vollzéien, an zwar net nëmme fir säi Grapp Haiser mee fir ganz Rëmeleng, als och fir deen Deel deen zum Zolwer Haff Keel gehéiert huet. Fir eng Bagatell vun Näischnotzegkeet koum een un de de Stielesteen (Pranger, Lomperank) deen am ënneschten Hädterwee war. Gouf awer een zum Doud verurteelt, sou gouf en um Här sengem Gaalgen um Ëttenger Gaalgebierg opgehaangen. Donieft huet den Ëttenger Här och d'Moossen a Gewiichter kontrolléiert an de Präis fir Wueren a Wäi festgesat.[4]

Rëmleng hat spéitstens 1384 eng eege Kapell um Kierchbierg, mee well relativ dacks net mol e Kaploun do war hunn d'Leit trotzdeem missen an d'Keeler Parkierch um Péitersbierg goen.

Wéi d'Marie vun der Bourgogne, Herzogin vu Lëtzebuerg, 1477 Krich géint Frankräich a Loutrengen huet misse féieren, ass am Raum Rëmeleng-Beetebuerg vill gebrandschaatzt ginn. Dat klengt Dierfge Morweng, dat am haitege Flouer Uewertéiteng louch, ass souguer ganz verschwonnen.

Ganz uerg ass et am Drëssegjärege Krich ginn, wärend deem 1633 en plus nach d'Pescht koum. Vill Awunner si mat hirem Véi an d'Bëscher geflücht, wou se an Hiele gehaust hunn an der en ettlech den Hongerdoud gestuerwe sinn an net méi zeréckkoumen. Wee sech am Duerf blécke gelooss huet hat et sécher net besser, well d'Truppe waren immens grausam Kaschtgänger. An där Zäit gouf wuel och de Miltgeshaff komplett zerstéiert.

1782 huet de Keeser Jousef II. d'Leifeegeschaft ofgeschaaft. 1789 wollten déi Rëmelenger Bauere sech du ganz selbstänneg maachen, a si hunn d'Verdeele vun de Gemengegidder gefrot, wat de Keeser hinnen och d'Joer drop accordéiert huet, sou datt d'Banngenossenschaft verschwonnen ass.[5]

De 24. Juni 1803 ass Rëmeleng zesumme mat Uewertéiteng eng eege Par ginn.

1820 koum et zu engem Gebittstosch mat Frankräich. De Wëllem I. huet de Weier vum Hellegen Anton zu Uewertéiteng hiergi géint e Stéck vum Billert.

Nach 1823 war Rëmeleng eng butzeg Uertschaft, d'Haiser stoungen all ëm den Uertskär dee sech ëm d'Kierchestrooss, déi spéider Batty-Weber Strooss an déi spéider Kierfechtsstrooss forméiert huet. Do wou haut den Uertskär ass, bei der Maartplaz, war viraals net gutt baue well d'Keelbaach huet dunn nach sou vill Waasser gefouert datt se bei Reen dacks iwwer d'Uwänner gaangen ass an den Dall iwwerschwemmt huet.

D'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng/Ëtteng ass 1860 opgaangen. 1884 koum d'Streck Téiteng-Laangegronn derbäi, sou datt de Minettstransport mat Karen endgülteg ophéiere konnt.

Eng onofhängeg Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Rëmeleng huet bis 1891 zu der Gemeng Keel gehéiert. Duerch d'Gesetz vum 27. Juni 1891 gouf déi onofhängeg Gemeng Rëmeleng geschafen.[6] Zu der neier Gemeng huet nieft der Uertschaft Rëmeleng och de Weiler Uewertéiteng (Haut-Tétange) gehéiert.[7] Den éischte Buergermeeschter war den Industrielle Jean-Pierre Nau, dee seng Nominatioun de 24. Oktober 1891 krut.[6]

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Rëmeleng den Titel Stad.[8]

Bevëlkerungsentwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
Joer       Awunner
1541 120
1796 245
1864 709
Joer       Awunner
1891 2.796
1900 4.601
1910 5.342
Joer       Awunner
1930 5.278
1940 4.245
1947 4.072
Joer       Awunner
1960 4.271
1965 4.176
1975 3.898
Joer       Awunner
1987 3.429
1992 3.703
1994 3.950
Joer       Awunner
1995 4.006
1998 4.196
2001 4.303
Joer       Awunner
2007 4.709
2009 5.017
2010 5.015
Joer       Awunner
2016 5.469
2020 5.557
Monument fir de J.P. Bausch zu Rëmeleng am Park, Wierk vum Albert Hames
"Stèle Jericho", Monument vun der UPAFIL, am Park Sauerwiss

Bekannt Rëmelenger

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Herders Lexikon, Band 10, S. 420
  2. Nicolas van Werweke
  3. Nicolas Charpantier, Rümelinger Land und Leute, 1957
  4. Nic. Charpantier, Al-Remeleng, S. 34 in Rumelange "Roches Rouges", Imprimerie Bourg-Bourger, 1957
  5. Nic. Charpantier, Al-Remeleng, S. 48 in Rumelange "Roches Rouges", Imprimerie Bourg-Bourger, 1957
  6. 6,0 6,1 Luxemburger Wort 1941-10-31, S. 4 (Rümelingen 50 Jahre selbständige Gemeinde).[1]
    Wolff, L. & R. Kirsch, 2008. Saviez-vous que … ? Le tout savoir sur Rumelange en plus de 500 faits marquants. In: R. Kirsch (réd.), 2008. Honnert Joer Stad Rëmeleng : 1907 – 2007. Rumelange : Collège échevinal de la ville, [2008], Leudelange, Qatena, S. 87-133.
  7. Loi du 27 juin 1891, concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Rumelange. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1891, N° 38, S. 466.
  8. Loi du 4 août 1907 attribuant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1907, N° 42, S. 518-519.