Harpalyke (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 5 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.105.000 km |
Periapsis | 16.335.300 km |
Apoapsis | 25.874.700 km |
Exzentrizitéit | 0,226 |
Ëmlafzäit | 623,3 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,46 km/s |
Inklinatioun | 148,6° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Dicht | ? g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,2 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 23. November 2000 |
Den Harpalyke (oder Jupiter XXII) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Harpalyke gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank d'Bezeechnung S/2000 J 5.
De Mound gouf no der Harpalyke, enger Duechter vum Klymenos aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Harpalyke kreest a 623 Deeg a 7 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 21.105.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,226. Mat enger Inklinatioun vun 148,6° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Harpalyke zu der Ananke-Grupp gerechent.
Physikalische Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Harpalyke huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. Den Harpalyke huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h. nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Déi visuell Magnitude ass 22,2m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2001-A28: S/2000 J 2, S/2000 J 3, S/2000 J 4, S/2000 J 5, S/2000 J 6 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2001-U21: S/2000 J 2, S/2000 J 5 18. Oktober 2001 (Zeréckentdeckung)