Op den Inhalt sprangen

Orthosie (Mound)

Vu Wikipedia
Orthosie
(Jupiter XXXV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 9
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 20.720.000 km
Periapsis 14.902.000 km
Apoapsis 26.538.000 km
Exzentrizitéit 0,2808
Ëmlafzäit 622,56 Deeg
Ëmlafvitess 2,37 km/s
Inklinatioun 145,921°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,1
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 11. Dezember 2001


Den Orthosie (oder Jupiter XXXV) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Den Orthosie gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Am Ufank krut de Mound déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 9.

De Mound gouf uschléissend no der Orthosie, enger griichescher Schéinheetsgëttin, genannt.

De Mound Orthosie kreest a 622,56 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 20.720.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2808. Mat enger Bunneschréi vun 145,9° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Orthosie der Ananke-Grupp, benannt nom Jupitermound Ananke, zougerechent.

Physikalesch Daten

[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Orthosie huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,1m.

Portal Astronomie