Staatsrot (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
D'Gebai vum Staatsrot um Fëschmaart.
D'Gebai vum Staatsrot (mam ronnen Tuerm) vum Rempart aus gesinn. Lénks de Boulevard Victor-Thorn.
5, Rue Sigefroi
Plack beim Agank vum Staatsrot

De Staatsrot ass e consultatiivt Organ am Lëtzebuerger politesche System. Seng Kreatioun geet zréck op d'Konstitutioun vum 27. November 1856.

E setzt sech zesummen aus 21 Memberen (vun deenen der op d'mannst 11 musse Juriste sinn), déi formell vum Groussherzog ernannt an entlooss ginn, an dat op d'Propose hi vun (een nom aneren) der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot selwer.

De Staatsrot erfëllt ze soen d'Roll vun enger zweeter Chamber, ouni awer sou eng ze sinn. Hien huet just d'Funktioun fir säin Avis ze ginn: Hie muss iwwer all Gesetzesvirschlag oder - projet consultéiert ginn, ier d'Chamber doriwwer kann ofstëmmen. Dobäi muss en iwwerpréiwen, ob d'Virschléi an d'Propositiounen a Konformitéit mat der Konstitutioun sinn, international Konventiounen, dorënner och d'EU-Recht respektéieren an och soss näischt Onrechtméisseges dra steet.

Och groussherzoglech Reglementer (also Beschlëss vun der Regierung) kënnen dem Staatstrot virgeluecht ginn. Schliisslech decidéiert de Staatsrot, ob d'Chamber eng zweet Kéier muss ofstëmmen (de sougenannte Vote constitutionnel). Dëst ass eng Zort suspensive Veto, d. h. am Endeffekt kann d'Chamber sech driwwer ewechsetzen.

Bis 1994 war de Staatsrot och nach eppes wéi en iewescht Geriicht, mä en Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Affär Procola huet festgestallt, datt dëst net mat den demokratesche Prinzipie vun der Gewaltendeelung kompatibel wier.

Am Abrëll 2005 huet d'Regierung e Gesetzesentworf virgeluecht, dee virgesäit, d'Zuel vun de Membere vun 21 op 27 ze héijen[1]. Zu enger Ofstëmmung iwwert dëse Gesetzesentworf koum et allerdéngs net. De Projet de loi ass am Ganzen dräimol zréck an d'Institutiounekommissioun gaangen, bis en dunn am Mäerz 2016 offizell zréckgezu gouf.[2]

Den 1. Juni 2017 gouf an der Chamber dann en neit Gesetz gestëmmt, dat virgesäit, datt an Zukunft op d'mannst een Drëttel vun de Membere vum Staatsrot musse Frae sinn. Dës Weidere gouf d'Amtszäit vun de Memberen op 12 Joer begrenzt.[3][4] Nodeems am Mee 2018 d'Sam Tanson (Déi Gréng) vun hirer Plaz am Staatsrot zréckgetrueden ass, fir fir de Claude Adam an der Chamber nozeréckelen, koum et am Staatsrot zum Eklat. Déi Gréng haten d'Joëlle Christen fir de vakante Sëtz proposéiert. Amplaz vun der Joëlle Christen gouf allerdéngs déi onofhängeg Affekotin Martine Lamesch fir déi Plaz nominéiert.[5]

De Staatsrot huet säi Sëtz an engem Gebai um Fëschmaart.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staatsrot (Gebai).

Aktuell Memberen

Membere vum Staatsrot sinn:[6]

Positioun Numm Proposéiert vun[7] Nominatioun fir Member[8]
President Georges Wivenes CSV 2001-03-291. August 2006/Juni 2016
Vizepresidentin Agnès Durdu DP 2006-04-077. Abrëll 2006
Conseiller Romain Nati LSAP 2004-10-1515. Oktober 2004
Conseiller René Kollwelter LSAP 2005-04-2929. Abrëll 2005
Conseiller Ierfgroussherzog Guillaume Groussherzog 2005-06-1010. Juni 2005
Conseiller Marc Schaefer LSAP 2006-12-1818. Dezember 2006
Conseiller Patrick Santer CSV 2009-05-1313. Mee 2009
Conseiller Lydie Lorang CSV 2010-02-011. Februar 2010
Conseiller Charles Lampers CSV 2011-02-2828. Februar 2011
Conseiller Martine Deprez CSV 2012-10-3131. Oktober 2012
Conseiller Christophe Schiltz LSAP 28. November 2013
Conseiller Lucien Lux LSAP 24. Dezember 2013
Conseiller Alain Kinsch DP 4. Februar 2015
Conseiller Marc Thewes CSV 4. Februar 2015
Conseiller Jeannot Nies CSV 11. Mee 2015
Conseiller Dan Theisen DP 10. Juni 2015
Conseiller Héloïse Bock DP 25. Juli 2015
Conseiller Marc Colas CSV 27. November 2015
Conseiller Isabelle Schlesser 1. Juli 2016
Conseiller Véronique Stoffel ADR 5. Mäerz 2018
Conseiller Martine Lamesch 24. Mee 2018
Conseiller Yves Wagener 1. Februar 2019

Fir eng komplett Lëscht vun all de Memberen zanter der Grënnung, 1857, kuckt: Lëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger Staatsrot.

Presidente vum Staatsrot

President vum Staatsrot Ufank vun der Funktioun Enn vun der Funktioun
Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine 28. November 1857 10. Abrëll 1868
Charles-Mathias Simons 5. Januar 1869 5. Januar 1870
François-Xavier Wurth-Paquet 16. Februar 1870 16. Februar 1871
Vendelin Jurion 15. Mäerz 1871 15. Mäerz 1872
Édouard Thilges 25. Juli 1872 29. Juli 1874
Emmanuel Servais 27. Dezember 1874 8. November 1887
Henri Vannerus 15. Februar 1888 15. Februar 1889
Édouard Thilges 15. Februar 1889 23. Mee 1895
Henri Vannerus 23. Mee 1895 28. Dezember 1914
Victor Thorn 28. Dezember 1914 3. Mäerz 1915
Victor Thorn 6. November 1915 24. Februar 1916
Mathias Mongenast 1. Abrëll 1916 19. Juni 1917
Victor Thorn 19. Juni 1917 15. September 1930
Joseph Steichen 27. Februar 1931 20. Februar 1932
Ernest Hamélius 10. Juni 1932 16. November 1945
Léon Kauffman 14. Dezember 1945 14. Februar 1952
Félix Welter 14. Februar 1952 30. Juni 1969
Maurice Sevenig 1. Juli 1969 26. Juni 1975
Emile Raus 26. Juni 1975 25. Juni 1976
Albert Goldmann 26. Juni 1976 4. Dezember 1976
Ferdinand Wirtgen 20. Dezember 1976 30. September 1978
Roger Maul 1. Oktober 1978 16. September 1979
Alex Bonn 21. September 1979 18. Juni 1980
François Goerens 20. Juni 1980 2. August 1987
Ernest Arendt 6. August 1987 6. August 1988
Georges Thorn 6. August 1988 30. Oktober 1991
Jean Dupong 1. November 1991 18. Mee 1994
Paul Beghin 19. Mee 1994 31. Dezember 1999
Raymond Kirsch 14. Abrëll 2000 13. Januar 2001
Marcel Sauber 15. Januar 2001 11. Mäerz 2003
Pierre Mores 29. Abrëll 2003 30. September 2007
Alain Meyer 1. Oktober 2007 14. November 2009
Georges Schroeder 17. November 2009 7. Juni 2012
Victor Gillen September 2012 20. Dezember 2014
Viviane Ecker 23. Dezember 2014 Juni 2016
Georges Wivenes  Zanter dem Juni 2016

Literatur

  • Le Conseil d'Etat, gardien de la Constitution et des Droits et Libertés fondamentaux, 2006, ISBN 2-9599724-1-4
  • Le Conseil d'Etat face à l'évolution de la société luxembourgeoise, 2006, ISBN 2-9599724-0-6

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Staatsrot (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Projet de Loi N° 5458. Websäit vun der Chamber:
  2. Websäit vun der Chamber:
  3. Gesetz vum 16 Juni 2017. Legilux:
  4. Artikel bei RTL
  5. Artikel aus dem Tageblatt
  6. Websäit vum Staatsrot
  7. "On achève bien les chevaux". Forum 261, 10. November 2006
  8. Membres depuis 1857 - Websäit vum Staatsrot