S/2003 J 3
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 3 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 20.224.000 km |
Periapsis | 16.242.000 km |
Apoapsis | 24.206.000 km |
Exzentrizitéit | 0,1969 |
Ëmlafzäit | 583,88 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,49 km/s |
Inklinatioun | 147,541° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,4 |
Entdeckung | |
Entdecker | Universitéit vun Hawaii |
Entdeckungsdatum | 5. Februar 2003 |
Den S/2003 J 3 ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.
Inhaltsverzeechnes
Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]
Den S/2003 J 3 gouf den 5. Februar 2003 vun Astronomen vun der Universitéit Hawaii entdeckt. De Mound huet nach keen offiziellen Numm. Bei de Jupitermounden sinn et an der Reegel weiblech Gestalten aus der griichescher Mythologie. Den Numm gëtt normalerweis vun der I.A.U. festgehalen. Am Ament gëtt de Mound mat der Nummer S/2003 J 3 bezeechent.
Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]
Den S/2003 J 3 ëmkreest de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 20.224.000 km an 583,88 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,1969. Mat enger Bunnschréiegt vun 147,5° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.
Wéinst senge Bunneegenschaften gëtt den S/2003 J 3 zu der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, gerechent.
Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]
Den S/2003 J 3 huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus silikateschem Gestengs. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestralten Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,4m.