City Shopping Bus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) AVL-CSB)
City Shopping Bus
De City Shopping Bus um Rond-point Robert-Schuman
City Shopping Bus
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
Bustyp Midibus, Elektrobus
opgaang Januar 2000
zougemaach 15. Juli 2023

De City Shopping Bus war eng gratis Busnavett vun de Stater Bussen déi vu Januar 2000 bis de 15. Juli 2023[1] tëscht dem Glacis an der Uewerstad hin an hier gefuer ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Linn a Betrib geholl gouf, ass se eng Zäit laang bis an d'Groussgaass gefuer. Well et awer an der Foussgängerzon ze enk war, gouf den Trajet dunn no e puer Méint duerch d'Beaumontsgaass verluecht. Well do am Abrëll 2021 eng Foussgängerzon ageriicht gouf, ass och déi Halt nees geréckelt ginn an de Bus huet dunn op der Biederplaz stall gehalen.

De City Shopping Bus gouf zanter Hierscht 2011 mat zwéin elektresche Busse gefuer, d'Linn hat just 2 Bushalten an ass gemenkerhand vu méindes bis samschdes all 10 Minutte gefuer. Vum 1. Abrëll 2017 un, gouf samschdes an och sonndes, wann d'Butteker an der Stad op sinn, e méi groussen Tour gefuer, fir dann och Halten am südlechen Deel vun der Uewerstad unzefueren.

Mam City Shopping Bus sollt et de Leit déi mam Auto an d'Stad komme méi einfach gemaach ginn, fir eng Parkplaz ze fannen: si konnten um Glacis parken a gratis mam Bus an d'Stad fueren.

De 15. Juli 2023 ass d'Linn dunn zougemaach ginn, absënns well et mam Tram an anere Buslinne genuch Verbindungen tëscht dem Glacis an der Uewerstad gëtt.

Entwécklung vum City Shopping Bus[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: City Shopping Bus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)City Shopping Bus à partir du 15 juillet 2023 | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu Gearchiveerd op 2023-09-28. Gekuckt de(n) 2023-09-30.