Rue Beaumont (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Beaumontsgaass)
Rue Beaumont
Lëtzeb. Numm Beaumontsgaass
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1219
Koordinaten 49°36'46,91"N, 6°7'46,85"O
Morphologie
Längt 160 m
Héicht i. M. 307 m
Geschicht
Genannt 19. Juli 1901
Genannt no Ernest-Dominique d'Arenberg

D'Rue Beaumont ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft parallel mat der Groussgaass a verbënnt d'Theaterplaz mat der Neipuertsgaass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun der Strooss geet zeréck op den Ernest-Dominique d'Arenberg (* 1643; † 1686), Grof vu Beaumont, dee vun 1676 bis 1684 Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg war.

Um Enn vum 18. Joerhonnert gouf an der Beaumontsgaass eng Garnisounsbäckerei fir déi Franséisch Truppen opgemaach[1].

Wärend der Franséischer Revolutioun gouf d'Strooss de 15. September 1798 (29. Fructidor am Joer VI) a Rue de la Liberté ëmgenannt an 1807 krut se nees hiren Originalnumm. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Beaumontstraße” geheescht.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Beaumont (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 3: 26