Op den Inhalt sprangen

Demographie vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (GilPe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

D'Demographie vu Lëtzebuerg gëtt vum STATEC iwwerwaacht.

Bestandsopnam

[änneren | Quelltext änneren]

Op den 1. Januar 2024 hat Lëtzebuerg 672.050 Awunner, 11.241 Awunner méi wéi am Joer virdrun (+1,7 %). D'Bevëlkerung ass manner gewuess wéi am Joer 2022 (Erhéijung vun 2,4 %), dat Joer dat vun der Arrivée vun ukrainesche Krichsflüchtlinge markéiert war. Den Taux vun 1,7 % ass ee vun de niddregste Wuesstemstauxe vum leschte Joerzéngt (wou en tëscht 2,0 an 2,5 % louch), mat der Ausnam vun de COVID-19-Joren (Wuesstem 2020 an 2021 vun nëmmen 1,4 an 1,7 %).

Zënter 1981 ass d'Populatioun ëm 84,3 % gewuess.

Populatioun vu Lëtzebuerg (1981 – 2024)
1981 1991 2001 2011 2021 2024
Total 364.602 384.634 439.539 512.353 643.941 672.050
Fraen 186.733 196.064 222.998 257.386 319.586 333.776
Männer 177.869 188.570 216.541 254.967 324.355 338.274
Nationalitéit
Lëtzebuerger 268.813 269.269 277.254 291.831 339.890 354.372
Auslänner 95.789 114.152 162.285 220.522 304.051 317.678
Net bekannt - 1.213 - - - -
Undeel Auslänner 26,3 % 29,4 % 36,9 % 43,0 % 47,2 % 47,3 %
Altersklassen
0-19 Joer 95.446 87.861 107.930 119.173 135.997 140.821
20-39 Joer 111.849 124.841 133.651 144.339 189.476 198.128
40-64 Joer 107.761 116.886 136.888 177.099 223.592 232.071
65-79 Joer 41.351 38.596 48.044 52.014 69.485 74.520
80 Joer a méi 8.195 11.702 13.026 19.728 25.391 26.510
Net bekannt - 4.748 - - - -
Familljestand
Jonggesell·in 143.784 154.411 185.256 227.012 294.601 307.763
Bestuet 180.702 186.111 202.252 216.613 247.545 256.713
Gepacst - - - 6.364 25.110 28.150
Gescheet/Getrennt 11.764 15.188 22.219 33.660 46.319 47.934
Wittmann·fra 28.352 28.924 28.026 28.244 27.552 27.647
Net bekannt - - 1.786 460 2.814 3.843
Bevëlkerungsdicht (Aw./km²) 141,0 148,7 169,6 198,1 249,0 259,8

Wéinst dem liicht méi héijen Undeel vu Männer an der Migratiounen, zënter 2014, ass den Undeel vun de Männer an der Bevëlkerung mat 50,3 % e bësse méi héich wéi dee vun de Fraen (géint 49,7%). Den Iwwerschoss vu Männer läit bei 4.498.

Den Undeel vun den Auslänner ass am Laf vun der Zäit stänneg eropgaangen: vu 26,3 % am Joer 1981 op 47,3 % am Joer 2024. Dësen Undeel ass trotzdeem – global gesinn – zënter 2018 liicht erofgaangen (47,9 %) wéinst dem Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit, am Kader vum Gesetz iwwer d'duebel Nationalitéit zënter 2009.

D'Altersstruktur vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung huet sech iwwer déi lescht Joerzéngte g'ännert. Et gëtt, relativ gesinn, ëmmer manner Jonker am Alter vun 0 bis 19 Joer sinn, iwwerdeems d'Zuel vun de Leit aus den Altersklassen tëscht 40 a 64 Joer a iwwer 80 Joer eropgeet. D'Alterung vun der Bevëlkerung gesäit ee gutt an den Alterspyramiden:

Am Joer 1910 hat d'Alterspyramid hiren Numm nach verdéngt: eng breet Basis an eng dënn Spëtzt. D'Fruchtbarkeet vun de Fraen an där Zäit erkläert déi grouss Zuel vu jonke Leit. Wat een an den Altersgruppe méi eropgeet, wat d'Zuel vu Leit ofhëlt, well de Risiko fir ze stierwe mam Alter eropgeet. D'Liewenserwaardung war zu där Zäit vill manner héich, Leit an engem héijen Alter ware méi rar.

1970 war d'Form vun der Pyramid net méi kloer z'erkennen, well et an där Zäit zu engem Réckgang vun der Fruchtbarkeet koum, iwwerdeems d'Zuel vun de Leit an de mëttelsten an ieweschten Altersklasse gewuess ass. D'Effekter vun den zwee Weltkricher sinn eng manner héich Zuel vu Gebuerten an dësen onsécheren Zäiten. Den Aschnëtt bei de 50-54-Järegen entsprécht dem Gebuertendefizit wärend dem Éischte Weltkrich. Den Defizit vum Zweete Weltkrich ass manner ausgepräägt, mat engem liichten Aschnëtt tëscht 20 an 29 Joer. De Baby-Boom just nom Enn vum zweete Weltkrich ass och gutt ze gesinn; e weist eng bedeitend Erhéijung vun der Gebuertequot an dofir en Iwwerschoss vu Leit am Alter tëscht 5 a 24 Joer.

D'2024-er Pyramid charakteriséiert sech haaptsächlech duerch eng zimmlech schmuel Basis, mat enger méi breeder Mëtt an déi dann no uewen hin nees méi schmuel gëtt. De Surplus vun de Leit am Alter fir schaffen ze goen erkläert sech virun allem duerch d'Migranten, déi aus beruffleche Grënn op Lëtzebuerg kommen. D'Alterung vun der Bevëlkerung ass och ganz kloer ze gesinn, mat enger zimmlech héijer Zuel vu Leit am Alter vun 80 Joer an driwwer.

Den Duerchschnëttsalter vun der Bevëlkerung läit bei 40,6 Joer fir d'Fraen an 39,2 Joer fir d'Männer. D'Auslänner sinn däitlech méi jonk wéi d'Lëtzebuerger. Den Duerchschnëttsalter fir d'Lëtzebuerger Frae läit bei 42,2 Joer am Verglach zu 38,7 Joer fir d'auslännesch Fraen. Bei de lëtzebuergesche Männer ass den Duerchschnëttsalter 40,0 Joer géintiwwer 38,4 Joer fir d'auslännesch Männer.

Wat de Familljestand ugeet, sou ass den Undeel vun de Singelen am Laf vun der Zäit eropgaangen, iwwerdeems dee vun de bestuete Leit erofgeet. Den Taux vun de gescheeten oder getrennte Leit huet sech méi wéi verduebelt, iwwerdeems dee vun de Wittleit just nach d'Hallschent ass. Ëmmer méi Leit si gepacst oder liewen an enger Partnerschaft, wat de Réckgang vum Prozentsaz vun de Bestueten erkläert.

D'Bevëlkerungsdicht, d. h. d'Moyenne vun den Awunner pro Kilometerkaree, ass an de leschte Joerzéngten däitlech eropgaangen, vun 141 Leit pro km² am Joer 1981) op hautdesdaags 260.

Territorial Verdeelung vun der Bevëlkerung

[änneren | Quelltext änneren]

De Kanton Lëtzebuerg ass mat 207.650 Awunner de Kanton mat de meeschten Awunner, eleng an der Stad Lëtzebuerg wunnen 134.697 Leit. Op der zweeter Plaz läit de Kanton Esch-Uelzecht mat 192.739 Awunner, wäit virum Kanton Capelle mat 54.352 Awunner. De Kanton mat de mannsten Awunner ass Veianen mat 5.680 Leit.

Et gëtt eng méi oder manner gläich Verdeelung vu Männer (50,3 %) a Fraen (49,7 %) an der Lëtzebuerger Bevëlkerung. Interessant ass awer, datt dëst Gläichgewiicht an der Stad net gëllt, wou d'Männer iwwerrepresentéiert sinn (51,8%).

Op kommunalem Niveau ass d'Gemeng Lëtzebuerg bei wäitem déi Gemeng mat de meeschten Awunner (134.697), wat e Fënneftel (20,0 %) vun der Bevëlkerung ausmécht.. Hannendru kommen d'Gemengen

Esch-Uelzecht (37.455 Awunner), Déifferdeng (30.364) an Diddeleng (22.043). Um Wupp vun der Lëscht sinn d'Gemenge Sëll (980 Awunner), Pëtschent (1.176), Kiischpelt (1.260) a Fëschbech (1.300).

Awunner pro Kanton op den 1. Januar 2024
LAU1-Code Kanton Fraen Männer Awunner
LU-01 Capellen 27.387 29.965 54.352
LU-02 Esch-Uelzecht 96.286 96.453 192.739
LU-03 Lëtzebuerg 102.002 105.648 207.650
dovun: Stad Lëtzebuerg 64.917 69.780 134.697
LU-04 Miersch 18.098 18.164 36.262
LU-05 Klierf 10.358 10.856 21.214
LU-06 Dikrech 17.761 18.003 35.764
LU-07 Réiden 10.526 10.612 21.138
LU-08 Wolz 9.568 9.962 19.530
LU-09 Veianen 2.838 2.842 5.680
LU-10 Iechternach 10.085 10.198 20.283
LU-11 Gréiwemaacher 16.584 16.463 33.047
LU-12 Réimech 12.283 12.108 24.391
Total Lëtzebuerg 333.776 338.274 672.050

Den Taux vun den Auslänner variéiert staark jee no Gemeng. E schwankt tëscht 19,9 % zu Noumer a 70,4 % an der Stad. Et gëtt besonnesch vill Auslänner – relativ gesinn – an de Gemenge ronderëm d'Stad, a verschiddene Gemengen am Südwesten, Nordosten an Zentrum-Nord vum Land

Auslännesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Gesamtbevëlkerung am Grand-Duché (1. Januar 2024) waren 317.678 Leit Auslänner (42,72 %), vun deenen der 12,4 % zu Lëtzebuerg gebuer sinn. 77,3 % vun der auslännescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg kommen aus Staate vun der Europäescher Unioun (-1,1 % am Verglach mat 2023). Am Joer 1981 hunn déi aktuell 27 Memberstaate souguer 91,5 % vun der auslännescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ausgemaach. D'Diversifikatioun vun der Immigratioun bréngt mat sech, datt den Undeel vun den Auslänner, déi keng EU-Nationalitéit hunn, eropgeet. Mat 90.915 Awunner sinn d'Portugisen déi gréisst auslännesch Communautéit am Land, virun de Fransousen (49.234) an den Italieener (25.116).

D'Bierger vun den aneren europäesche Länner bilden déi zweetgréisste Grupp vun Auslänner zu Lëtzebuerg. Si representéiere 7,4 % vun der auslännescher Bevëlkerung, dovu virop d'Ukrainer an d'Britten. No der massiver Flucht vu 4.268 Ukrainer op Lëtzebuerg am Joer 2022, bilden d'Ukrainer déi stäerkst europäesch, net-EU Communautéit mat 5.357 Leit. Den Undeel vun den net-EU-Europäer an der auslännescher Bevëlkerung ass deemno tëscht 2022 an 2023 ëm 1,3 % geklommen; vun 2023 op 2024 ass dës Populatioun awer just ëm 0,9 % eropgaangen.

Duerno kommen – mat 6,9 % vun der auslännescher Bevëlkerung – d'Bierger aus engem asiatesche Land. D'Nationalitéiten déi am meeschte vertruede sinn, sinn Indien a China. D'Afrikaner an d'Amerikaner sinn déi véiert (5,5 %) a fënneft (2,7 %) Grupp vun Auslänner déi am meeschte vertruede sinn, mat virop dem Cap Vert an Eritrea an duerno Brasilien an den USA. D'Zuel vun de Staatsbierger aus Ozeanien, den Apatriden a vun deenen, deenen hier Nationalitéit net bekannt ass, ass relativ marginal.

Op Gemengenniveau variéiert den Undeel vun den EU-Europäer tëscht 16,7 % zu Groussbus-Wal an 53,2 % an der Stad. Si konzentréieren sech virun allem an de Gemenge ronderëm d'Stad, an de Gemengen am Südweste vum Land, grad wéi och – manner prononcéiert – an de Gemengen am Uelzechtdall, am Nordosten an an der nërdlecher Spëtzt vum Land.

Nationalitéit 1981 1991 2001 2011 2021 2024 2024 (%)
Europäesch UniounA 87.665 101.113 137.350 186.576 245.906 245.548 77,3%
Portugal 29.305 39.303 58.657 82.363 93.659 90.915 28,6%
Frankräich 11.940 13.203 19.979 31.456 49.071 49.234 15,5%
Italien 22.257 19.077 18.996 18.059 23.881 25.116 7,9%
Belsch 7.854 10.255 14.800 16.926 19.692 18.889 5,9%
Däitschland 8.851 8.874 10.052 12.049 12.906 12.480 3,9%
Europa (net EU) 4.735 6.601 16.851 19.167 18.844 23.585 7,4%
UkrainB 180 427 1.063 5.357 1,7%
Vereenegt Kinnekräich 2.027 3.190 4.331 5.471 4.289 3.739 1,2%
MontenegroC 3.814 2.862 2.842 0,9%
RusslandD 402 930 1.969 2.389 0,8%
Asien 585 1.612 2.592 4.963 17.420 21.876 6,9%
Indien 65 132 199 569 3.641 5.091 1,6%
China 35 290 1.070 1.610 4.130 4.545 1,4%
Syrien 0 0 1 25 2.688 3.742 1,2%
Afrika 624 1.723 2.675 5.565 13.554 17.507 5,5%
Cap Vert 301 1.101 1.660 2.472 2.562 2.518 0,8%
Eritrea 0 0 0 21 2.688 2.458 0,8%
Marokko 74 120 252 524 1.612 2.107 0,7%
Amerika 1.025 1.833 2.204 3.812 7.742 8.576 2,7%
Brasilien 64 147 307 1.203 2.859 3.255 1,0%
 USA 694 1.215 1.127 1.295 2.196 2.159 0,7%
Kanada 85 140 244 376 584 540 0,2%
Ozeanien 33 92 105 187 245 271 0,1%
Australien 26 56 79 136 189 204 0,1%
Apatriden 1.024 572 441 197 183 158 0,0%
Net bekannt 98 1.817 67 50 157 147 0,0%

A Ouni d' Vereenegt Kinnekräich
B Ukrain steet ënnert der Sowjetunioun (1981, 1991)
C Montenegro steet ënnert Jugoslawien (1981, 1991), duerno ënnert Serbien a Montenegro
D Russland steet ënnert der Sowjetunioun (1981, 1991)

Quell vum Artikel

[änneren | Quelltext änneren]
  • François Peltier, Charlie Klein, La démographie luxembourgeoise en chiffres (Text iwwersat aus dem Franséischen), 23.10.2024, statistiques.public.lu (D'Reproduktioun vum Text oder Auszich dovun ass erlaabt, wann d'Quell zitéiert gëtt.)

Referenzen

[Quelltext änneren]