Alternativ Demokratesch Reformpartei
Alternativ Demokratesch Reformpartei | |
---|---|
Ofkierzung | ADR |
Nationalpresidentin | Alexandra Schoos |
Vizepresidenten |
Dan Hardy Pierrette Koehler Luc Martiny Ramon Biermann |
Generalsekretär | Luc Reyter |
Keessjee | Detlef Xhonneux |
Éierepresident |
Robert Mehlen Gast Gibéryen Jean Schoos |
Gegrënnt | 12. Mee 1987 |
Parteizentral |
25, rue Notre-Dame L-2240 Lëtzebuerg |
Jugendorganisatioun | adrenalin, déi jonk adr |
Ideologien |
Gesellschaftspolitesche Konservatismus Wirtschaftleche Liberalismus Euroskeptizismus |
Politesch Positioun | Riets |
Europäesch Affiliatioun | EKR-Partei |
International Affiliatioun | Keng |
Faarwen | Rout, Wäiss an Hellblo |
Chamber |
5/60 Sëtz |
Europaparlament |
1/6 Sëtz |
Websäit | https://adr.lu/ |
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass eng fräiheetlech-wäertkonservativ Lëtzebuerger politesch Partei.
Op europäeschem Niveau ass d'ADR Member an der Partei Europäesch Konservativ a Reformisten. Zënter dem 22. Januar 2024 huet d'Partei mam Fernand Kartheiser ee Vertrieder an der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot an ass do Member am Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz (EC/DA).[1] De Jeff Engelen vertrëtt d'Partei am BeNeLux-Parlament an ass do, zesumme mat den CSV-Vertrieder, Member an der Chrëschtlecher Fraktioun.[2]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'ADR gouf den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen gegrënnt. Schonn 1989 gouf se an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt. Si war eng Een-Theemepartei, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéiert an d'Parlament gewielt gouf.
Den 10. Oktober 1993, nodeems si den Numm erëm an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet geännert hat, ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, huet d'ADR 1 Sëtz derbäigewonnen, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2, soudatt se der ewell 7 hat. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer koum d'ADR op 10 Gemengerotssëtz.
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtz am Verglach zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtz kritt wéi virdrun.
2006 huet si den Numm erëm gewiesselt an den aktuellen Numm ugeholl.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 huet d'ADR 1 weidere Sëtz verluer a war ewell mat 4 Deputéiert an der Chamber vertrueden. Am Dezember 2012 hu souwuel de Jacques-Yves Henckes[3] wéi och de Jean Colombera[4] der Partei de Réck gedréint, fir Deputéiert ouni Partei ze ginn, soudatt just nach 2 ADR-Deputéiert iwwreg blouwen.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 krut d'ADR 3 Mandater. Gewielt goufen de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser an de Roy Reding. Bei deene vum 14. Oktober 2018 goufen déi dräi erëmgewielt, e véierte Sëtz goung un de Jeff Engelen.[5] Enn Juni 2023 huet d'Partei decidéiert, de Roy Reding net méi fir d'Chamberwale vum 8. Oktober opzesetzen, wouropshin dësen aus der ADR ausgetrueden ass.[6] 2023 krut d'ADR bei de Chamberwalen 5 Mandater[7].
Um Parteikongress vum 19. Mäerz 2022 gouf de Fred Keup mat 86 Jo- géint 4 Neestëmmen als neie Parteipresident gewielt[8] De 17. Mäerz 2024 gouf hie vun der Alexandra Schoos ofgeléist.[9]
Bei den Europawale vum 9. Juni 2024 huet d'ADR ee Sëtz am Europaparlament kritt.
D'Jugendsektioun vun der ADR nennt sech ADRenalin, déi jonk ADR.
Deputéiert am Laf vun der Zäit
[änneren | Quelltext änneren]- Jean Colombera vu Viichten
- Gaston Gibéryen vu Fréiseng
- Fernand Greisen vun Hesper
- Jacques-Yves Henckes vu Lëtzebuerg
- Aly Jaerling vun Esch-Uelzecht
- Fernand Kartheiser vun Nidderkäerjeng
- Jean-Pierre Koepp aus der Houschter Déckt
- Fred Keup vu Kielen
- Roby Mehlen vu Manternach
- Roy Reding vu Bech
- Josy Simon vu Manternach
- Jeff Engelen vu Wëntger
- Tom Weidig vu Lëtzebuerg
- Alexandra Schoos vu Bäerdref
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Sophie Federspiel: "Rechts abbiegen oder stehen bleiben? Die politische Orientierung der ADR." In: forum Nr.366, Oktober 2016, S.7-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alternativ Demokratesch Reformpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der ADR
- "L'ADR : de la recherche de l'équité à la construction inachevée d'un mouvement conservateur et souverainiste." op adr.lu
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ European Conservatives Group and Democratic Alliance.
- ↑ D'Fraktiounen am BeNeLux-Parlament.
- ↑ Tiefe Gräben in der ADR: Henckes und Gatti treten zurück, wort.lu 14. Dezember 2012
- ↑ "Jean Colombera trëtt awer aus adr aus a behält säi Mandat." RTL.lu - 21.12.2012, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2012, 14:16
- ↑ elections.lu.
- ↑ "Roy Reding trëtt aus der adr aus." rtl.lu, 30.06.2023.
- ↑ elections.lu.
- ↑ Communiqué op RTL.LU vum 20. Mäerz um 11:15h
- ↑ (lb)Nationalkongress zu Gréiwemaacher: Kampf géint de WOKE: ADR mat klorer Missioun. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 17.03.2024.