Jean-Claude Juncker

Vu Wikipedia
Jean-Claude Juncker
De Jean-Claude Juncker, am Abrëll 2019
Gebuer 9. Dezember 1954
Réiden op der Atert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Michel-Rodange,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV
Member vun Eurogrupp, Académie des sciences morales et politiques
Famill
Bestuet mat Christiane Frising

De Jean-Claude Juncker, gebuer den 9. Dezember 1954 zu Réiden op der Atert[1], ass e lëtzebuergesche Politiker.

Hie war vun 2014 bis 2019 President vun der Europëscher Kommissioun.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Juncker.

Virdru war hie vun 1982 bis 2013 ouni Ënnerbriechung Member vun der Lëtzebuerger Regierung an zanter 1995 Premierminister (zäitweileg och Finanzminister). Ausserdeem war hie vun 2005 bis 2013 President vum Eurogrupp. No de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war hie fir e puer Méint Deputéierten an der Chamber.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem Hüttepolizist[2] vun der ARBED ass de Jean-Claude Juncker zu Bieles (Gemeng Suessem) opgewuess. Säi Lycée huet e ganz an der École apostolique vun den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine gemaach an 1974 mam lëtzebuergesche Premièresexamen (Section A latine), deen en am Lycée Michel Rodange an der Stad geschriwwen huet, ofgeschloss.

1975 bis 1979 huet hien no eegenen Aussoen ouni groussen Enthusiasmus Droit op der Universitéit Stroossbuerg studéiert an dee Studium mat enger Maîtrise ofgeschloss.

1980 gouf de Jean-Claude Juncker an der Stad Lëtzebuerg um Barreau als Affekot vereedegt, huet awer dëse Beruff bis ewell net praktizéiert. Zanter 1974 engagéiert hie sech an der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) a gouf 1979 parlamentaresche Sekretär vun där Partei.

De Jean-Claude Juncker ass bestuet, d'Koppel huet keng Kanner.

Regierungsmember[änneren | Quelltext änneren]

1982, mat knapps 28 Joer, gouf hie Staatssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung an der Regierung Werner-Thorn-Flesch. Bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 gouf de Jean-Claude Juncker fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt, huet dat Mandat awer net ugeholl, wéi en zum Aarbechtsminister a Budgetsminister an der Regierung Santer-Poos I ernannt gouf. No de Chamberwale vum 18. Juni 1989 gouf hie Finanzminister an Aarbechtsminister an der Regierung Santer-Poos II. 1991, als President vum Conseil vun de Wirtschafts- a Finanzministere vun der EG (EcoFin), huet de Jean-Claude Juncker den Traité iwwer d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) mat ausgeschafft, besonnesch déi Voleten, déi d'Wirtschafts- a Wärungsunioun (EMU) betreffen. Et ass och hien, deen um informelle Conseil vun den EGs-Finanzministeren zu Lëtzebuerg de Prinzip vum opting out fir Groussbritannien geschaf huet an domat d'Negociatiounen ëm d'EMU gerett huet.

Am Hierscht 1989 hat hien e schrot Autosaccident, wéinst deem en zwou Wochen am Koma louch.

1992 huet de Jean-Claude Juncker op nationalem Plang eng grouss Steierreform ausgeschafft, déi den 1. Januar 1993 a Kraaft getrueden ass. Tëscht 1990 a 1995 war hien zousätzlech President vun der CSV.

Premierminister[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf de Jean-Claude Juncker an d'Parlament erëmgewielt, huet awer an der Regierung Santer-Poos III, seng Funktiounen als Finanz- an Aarbechtsminister bäibehalen. Den 20. Januar 1995, nodeem de Jacques Santer zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf, gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister a Staatsminister vu Lëtzebuerg. Hien huet awer och nach seng zwéi vireg Portefeuillë bäibehalen.

Am Juni 1999, no de Chamberwalen, gouf de Jean-Claude Juncker nees zum Premier ernannt, dës Kéier vun enger Koalitiounsregierung, déi aus Vertrieder vun der CSV an der Demokratescher Partei (DP) zesummegesat war (d'Regierung Juncker-Polfer). Ausserdeem war hien zoustänneg fir d'Finanzen an d'Kommunikatiounen.

Wéinst sengem bis dohi perséinleche beschte Resultat bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 gouf de Jean-Claude Juncker op en Neits Premierminister, Staats- a Finanzminister vun enger Regierung, déi aus Vertrieder vun der CSV an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) zesummegesat ass (d'Regierung Juncker-Asselborn I). Och an der Regierung Juncker-Asselborn II, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoung an déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hien nees Staats- a Premierminister a Minister fir den Tresor. Den 30. Abrëll 2013 gouf hien zousätzlech Minister fir de Kultus.[3]

President vum Eurogrupp[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. September 2004, gouf de Jean-Claude Juncker zu Scheveningen fir 2 Joer, vum 1. Januar 2005 un, zum éischte President vun der informeller Reunioun vun de Finanzministere vun de Memberslänner vun der Eurozon, dem "Eurogrupp" gewielt. Dëst Mandat gouf den 8. September 2006 ëm 2 Joer, deemno bis Enn 2008, verlängert, an de Statuten no sollt de Jean-Claude Juncker och net méi fir en drëtt Mandat kandidéieren däerfen. Den 12. September 2008 gouf allerdéngs an enger Reunioun vun der Eurogrupp zu Nice decidéiert, dem Jean-Claude Juncker en drëtte Mandat unzebidden, wat dësen ugeholl huet.[4] Den 18. Januar 2010 gouf hien nach eng Kéier, fir zwee an en halleft Joer, a sengem Mandat confirméiert.[5] Am Summer 2012 huet de Jean-Claude Juncker säin Accord ginn, nach eng Kéier 6 Méint drun ze hänken, ënner der Konditioun, datt den Yves Mersch soll an den Direktiounsrot vun der Europäescher Zentralbank nominéiert ginn. Den 21. Januar 2013 dunn huet hie säin Amt dem Jeroen Dijsselbloem iwwerlooss.[6]

SREL-Affär a Récktrëtt[änneren | Quelltext änneren]

An der éischter Hallschecht vun 2013 huet eng Spezialkommissioun vun der Chamber sech mat de Praktike vum SREL aus deene Jore virdrun auserneegesat. Deem virausgaange ware Revelatiounen iwwer illegal Macheschafte vu verschiddene Membere vum Srel, deels duerch Presseartikelen, deels duerch Aussoen am Kontext vun der Bommeleeër-Affär. Am Ofschlossrapport huet d'Chamberkommissioun festgestallt, datt de Juncker, deem de SREL als Premierminister direkt ënnerstoung, déi politesch Verantwortung fir dës onkontrolléiert Aktivitéiten ze droen hätt. De Juncker selwer war, wéi erauskomm war, 2007 Affer vu sou Praktike ginn, wéi den deemolege Chef vum SREL Marco Mille heemlech e Gespréich tëscht hinnen zwéi mat enger preparéierter Auer opgeholl hat.[7] Den 10. Juli 2013 huet de Juncker no laanger Diskussioun an der Chamber Neiwalen ugekënnegt.[8]

President vun der CSV-Fraktioun an der Oppositioun[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, déi dorophin organiséiert goufen, gouf de Jean-Claude Juncker nees, als dee Kandidat mat deene meeschte Stëmmen, an d'Parlament erëmgewielt. Well d'CSV kee Koalitiounspartner fonnt huet, an dräi Parteien, nämlech d'LSAP, d'DP an déi Gréng 32 Sëtz vu 60 op sech vereenege konnten, hu si Koalitiounsgespréicher gefouert, déi de 4. Dezember 2013 an der Regierung Bettel-Schneider hiren Ausdrock fonnt hunn. De Jean-Claude Juncker war zanterhir, bis Enn September 2014, Fraktiounschef vun der CSV-Fraktioun, der Haapt-Oppositiounspartei an der Chamber.[9]

President vun der Europäescher Kommissioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Wale fir d'Europäescht Parlament 2014 war de Jean-Claude Juncker de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei (EVP), ouni selwer fir d'Parlament kandidéiert gehat ze hunn. Déi grouss Parteien am Europaparlament ware sech am Januar 2014 eens ginn, datt de Spëtzekandidat vun där Partei mat deene meeschte Sëtz sollt de Preisdent vun der Europäescher Kommissioun ginn. D'Europäesch Staats- a Regierungscheffen hu sech laang där Interpretaioun vum Traité vu Lissabon widersat, well et si sinn, déi de Kommissiounspresident ze "designéieren" hunn, deen awer vun EP "approuvéiert" muss ginn. Well en anere Kandidat virum Parlament keng Chance gehat hätt, huet den Europäesche Conseil de 26. Juni 2014 de Jean-Claude Juncker virgeschloen. De brittesche Premierminister David Cameron hat sech bis zulescht där Nominatioun widersat[10], konnt awer keng Spärminoritéit vu Votten zesummekréien, fir et ze verhënneren.

De 15. Juli 2014 gouf hie vu 422 vun de 729 Deputéierte vum Europaparlament, déi present waren, zum President vun der Europäescher Kommissioun gewielt. 250 haten der dergéint gestëmmt.[11] Nodeem d'Europaparlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergéint (bei 67 Enthalungen) och dem ganze Collège vu Kommissaren d'Vertaue gestëmmt hat, huet d'Juncker-Kommissioun hiert Mandat offiziell den 1. November 2014 ugetrueden.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Juncker.

Schonn déi éischt Woch vu sengem Amt gouf hien duerch d'LuxLeaks-Verëefentlechunge vu senger Vergaangenheet als Premier a Finanzminister erëmgeholl.

Aner Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Tëscht 1989 a 1995 ass de Jean-Claude Juncker Gouverneur vun der Weltbank, zanter 1995 Gouverneur vum Fonds monétaire international a vun der BERD.
  • Vum 1. Juli 2006 bis zur Astellung vum Blat, am September 2010, war de Jean-Claude Juncker Coediteur vum "Rheinischer Merkur", enger däitscher, chrëschtlech orientéierter Wochenzeitung.
  • Zanter dem Dezember 2013 ass hie bei enger Agence ageschriwwen, déi Riedner vermëttelt.[12]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Ausland[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Claude Juncker gouf bis Enn 2013 eng 70 Mol[13] fir seng politesch Aarbecht ausgezeechent[14]: Sou gouf hie méi dacks schonn zum Doctor honoris causa ernannt an zwar vun

Hie gouf de 5. Februar 2002 vum franséische President Jacques Chirac zum Grand officier de la Légion d'honneur ernannt.

Den 13. Abrëll 2003 huet de rumänesche President Ion Illiescu de Jean-Claude Juncker mat den Insignë vum Grousse Stäre-Kräiz, der héchster rumänescher Distinctioun, ausgezeechent.

Hien ass zanter dem 27. Mee 2003 Éierebierger vun Tréier.

De 27. Januar 2004 gouf hien Éierebierger vun Orestiada, enger Stad an Thrakien.

De 25. Mee 2006 krut hien den Oochener Karlspräis.

De Jean-Claude Juncker gouf den 12. Mäerz 2007 als membre associé étranger an der Académie des sciences morales et politiques vum Institut de France (Paräis) installéiert amplaz vum verstuerwene Léopold Sédar Senghor.

De 16. Februar 2009 gouf hie sénateur d'honneur vun der Académie européenne des sciences et des arts.

2010 krut hien d'Große Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[15].

Den 21. November 2011 krut hien de Verdéngschtuerde vum Land Rheinland-Pfalz fir seng landesiwwergräifend Zesummenaarbecht a säin Engagement an der Groussregioun.

Den 8. November 2013 krut hien d'Großkreuz vum Verdienstorden der Bundesrepublik Deutschland.[16]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Margaretha Kopeinig, Jean-Claude Juncker - Der Europäer; Wien (Czernin-Verlag), 2004. ISBN 3-7076-0188-9
  • Haag, Emil: Jean-Claude Juncker *1954, champion d'un petit pays dans la cour des Grands In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 550-557); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Laurent Schmit, Jürgen Stoldt, Bernard Thomas: "Der Mann ohne Eigenschaften." In: forum Nr. 324, Dezember 2012, S. 4-11. (E kritesche Bilan vun 30 Joer Regierungsmemberschaft).
  • Eva Joly (mat der Guillemette Faure), Le loup dans la bergerie - Jean-Claude Juncker, l'homme des paradis fiscaux placé à la tête de l'Europe; Paräis (Verlag "les arènes"), 2016.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Claude Juncker – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Jean-Claude Juncker – Zitater

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LuxLex
  2. Mister Europa im Kreuzfeuer. DIE WELT (2016-07-01). Gekuckt de(n) 2021-01-05.
  3. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  4. gouvernement.lu: Jean-Claude Juncker élu pour un nouveau mandat à la tête de l'Eurogroupe. Pressemitteilung vom 12. September 2008.
  5. "Jean-Claude Juncker réélu président de l'Europgroupe." nouvelobs.com, Reuters, 18.01.2010, 18:34.
  6. "Eurogrupp: Jeroen Dijsselbloem neie President." rtl.lu - 21.01.2013, 22:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.01.2013, 07:54.
  7. Regierung droht das Aus. Tageblatt, 7. Juli 2013.
  8. "Parlament und Regierung bleiben vorerst im Amt - Neuwahlen im Oktober". wort.lu 2013-07-11
  9. "Juncker neien CSV-Fraktiounschef: 19 Jo, 1 Nee, 1 Enthalung." RTL.lu - 18.11.2013, 16:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.11.2013, 17:29.
  10. David Cameron: Wir brauchen den allerbesten Kandidaten – nicht Juncker. 13. Juni 2014 am Portal vun der sueddeutsche.de,
  11. " Europaparlament: Juncker zum neuen EU-Kommissionschef gewählt." speigel.de, 15.07.2014 – 13:51.
  12. "'Rent a Juncker': Neuer Job für den Ex-Premier." wort.lu, 20.02.14 08:51.
  13. "Vingt-cinq ans d'honneurs et de distinctions pour Jean-Claude Juncker." wort.lu, 2013-11-21.
  14. De Premierminister um Service information et presse
  15. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten
  16. Bundeskanzlerin ehrt Jean-Claude Juncker ofgeruff den 20. Mäerz 2016
  17. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.