Aktualitéit/2005

Vu Wikipedia

November 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • 27. November: Den EU-Noost-Sommet zu Barcelona, op deem haut den Owend ëm e Verhalenskodex am Kamf géint den Terrorismus riets sollt goen, steet nach viru sengem Ufank virun engem Eclat. Déi 25 EU-Staaten hunn am Virfeld en Entworf virbereet, an deem all terroristesch Gewalt verurteelt gëtt - doropshin hu bal all arabesch Staatscheffen hir Participatioun um Sommet ofgesot, well fir si sou eng Erklärung net a Fro kënnt, vu datt se d'Legitimitéit vun Terrorakte géint eng "Besatzungsmuecht" net ausdrécklech erlaabt. De lëtzebuergeschen Ausseminister huet doropshin direkt Dialogbereetschaft vun EU-Säit signaliséiert an op der Antenn vun RTL 92,5 verlaude gelooss, an deem Kontext missen déi lëtzebuergesch Medien an d'Educatioun elo déi arabesch Staate net méi sou dacks mat Terrorismus a Verbindung bréngen, mä méi d'Gemeinsamkeete mat deene Vëlker ënnersträichen.
  • 07. November: De Bilan vun den Onrouen iwwerall a Frankräich, déi zanter dem 27. Oktober undaueren, ass erschreckend. Méi wéi 4.700 Autoe goufe bis elo a Brand gestach, zwou Kierchen, eng sëllege Geschäfter an ëffentlech Gebaier sinn a Flamen opgaangen, op zwéi Poliziste gouf mat Schrout geschoss, e klenge Bëbee vun 13 Méint krut e Steen op de Kapp, e Siechzegjäregen deen e Brand läsche wollt gouf doutgeschloen, eng Behënnert Fra gouf mat Bensinn iwwergoss an ugestach, asw. Déi jugendlech Randaléierer sinn zum gréissten Deel Immigranten aus de Virstied, déi e Privatkrich mat der Police ugefaangen hunn, nodeem zwéi Jonker aus hire Reie sich virun enger Routine-Policekontroll wollte verstoppen, dëst ausgerechent an engem Transformatershaischen, wou se natierlech duerch eege Schold un engem Stroumschlag ëmkoumen.

Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

Mëttwoch, den 19. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Tierkei/Lëtzebuerg: Den Ausseminister Jean Asselborn ass op enger Aarbechtsvisite zu Ankara. Hien ass zoufälleg den éischten europäesche Minister, deen zanter dem Optakt vun den EU-Bäitrëttsverhandlungen den 3. Oktober op Visite an der Tierkei ass.
  • Istanbul: An der tierkescher Stad gouf e Lëtzebuerger Honoralkonsulat opgemaach.
  • Mëttelamerika: Den Hurrikan "Wilma", deen als stäerkste gëllt, dee jee opgezeechent ginn ass, hëlt Kurs op Mëttelamerika. A Florida gi Virbereedunge getraff, fir 10.000 Mënschen z'evakuéieren.
  • Irak: De Prozess géint den irakeschen Ex-Diktator Saddam Hussein a siwe Matugekloter huet zu Bagdad ugefaangen. Am éischten Deel vum Prozess geet et ëm e Massaker un 140 Mënschen an der Stad Dudscheil am Joer 1982. Den Hussein bekennt sech net schëlleg.
  • Russland: De Vullegrippevirus ass elo och zu Tula, e Gebitt 280 Kilomter südlech vu Moskau festgestallt ginn.

Sonndeg, de 16. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

Samschdeg, de 15. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Irak: 15 Milliounen Iraker stëmmen an engem Referendum iwwer hir nei Verfassung of. D'Endresultat gëtt an dräi Deeg erwaart.

Freideg, de 14. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Den zweete Lëtzebuerger Filmpräis an de Publikumspräis ginn un dem Claude Lahr säi Film Heim ins Reich.
  • Mäertert: En Tankschëff ass am Hafen a Brand geroden. Obscho virum Brand déi 2.000 Tonne Bensinn, déi d'Schëff u Bord hat, ofgepompelt gi waren, bestoung de Lëtzebuerger Pompjeeën no awer kuerzzäiteg Explosiounsgefor.
  • Lëtzebuerg: D'Gesondheetsamt warnt viru Mëllechpolver vun der Mark Babymill. Bei de Produite Cérabib 1 an 2 si Veronrengegunge mat Bakteerie festgestallt ginn.

Donneschdeg, den 13. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

Mëttwoch, den 12. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • China: Fir d'zweet Kéier hunn d'Chineesen Astronauten an de Weltraum geschéckt. Fënnef Deeg sollen déi sougenannt Taikonauten technesch a wëssenschaftlech Tester am All duerchféieren an dobäi 80-mol ronderëm d'Äerd kreesen.
  • Rumänien: Déi asiatesch Vullegripp ass elo och a Rumänien ausgebrach.

Dënschdeg, den 11. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

Méindeg, den 10. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Däitschland: D'Politikerin Angela Merkel soll Bundeskanzlerin an enger grousser CDU-SPD-Koalitioun ginn. Domat wier si déi éischt Fra, déi an Däitschland Regierungschefin gëtt.
  • Pakistan: Zwéin Deeg nom Äerdbiewe gëtt d'Zuel vun den Doudesaffer elo op 40.000 geschat.
  • Tierkei: An der Tierkei si Fäll vun der asiatescher Vullegripp bekannt ginn.

Sonndeg, den 9. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Gemengewalen zu Lëtzebuerg: An 116 Gemenge gëtt en neie Gemengerot gewielt. 3.195 Kandidate hu sech der Wal gestallt, 1.136 Mandater sinn ze verginn. Ënner de Kandidate sinn och 186 Net-Lëtzebuerger. Walberechtegt sinn 241.807 Persounen, dorënner 23.957 Net-Lëtzebuerger.
  • Lëtzebuerg: D'Police huet e 40 Joer alen Drogendealer zu Bouneweg festgeholl, dee 410 Gramm Heroin, 45 Gramm Kokain a 15.400 Euro bei sech hat.
  • Polen: 30 Millioune Walberechtegter wielen en neie Staatspresident.

Samschdeg, den 8. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Kaschmir: A Südasie war en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,6 op der Richterskala. Betraff waren den Norde vun Afghanistan, Pakistan an Indien. Den Epizentrum vum Biewe louch an der Region Kaschmir, nordëstlech vun der pakistanescher Haaptstad Islamabad. Eleng a Pakistan sollen 30.000 Mënschen ëm d'Liewe komm a 40.000 verletzt gi sinn.
  • Russland: E Satellit vun der europäescher Raumfaartagentur ESA, dee fir d'Weltraummissioun CryoSat d'Äismassen op der Äerd sollt vermiessen, ass kuerz nom Start vum nordrussesche Raumfaartzentrum Plesezkzur auserneegebrach an an d'Mier gefall. D'Fuerscher wëllen elo séier un engem Ersatz schaffen.
  • A Südasie war en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,6 op der Richterskala. Betraff waren den Norde vun Afghanistan, Pakistan an Indien. Den Epizentrum vum Biewe louch an der Region Kaschmir, nordëstlech vun der pakistanescher Haaptstad Islamabad. Eleng a Pakistan sollen 30.000 Mënschen ëm d'Liewe komm a 40.000 verletzt gi sinn.

Freideg, de 7. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • D'International Atomenergie Agence IAEA an hire Generaldirektor Mohamed ElBaradei kréien de Friddensnobelpräis. Den Nobelcomité zu Oslo honoréiert domat hiren Asaz géint d'Weiderverbreedung vun Atomwaffen.
  • Belsch: Mat engem landeswäit méi oder manner befollechte Streik protestéiert d'Gewerkschaft FGTB géint déi vun der Regierung geplangt Sozialreformen.

Donneschdeg, de 6. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Marokko: Bei engem neie Stuerm vun afrikanesche Flüchtlingen op déi spuenesch Exklave Melilla a Marokko si 6 Mënschen ëm d'Liewe komm. Si sollen erschoss oder vun den eegene Leit zu Doud getrampelt gi sinn. An der leschter Nuecht haten nees Honnerte vun Afrika aus probéiert, op europäescht Gebitt ze kommen.

Mëttwoch, de 5. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: De Justiz- a Polizeiminister Luc Frieden kënnegt un, datt hien am Stadpark an op der Gare Iwwerwaachungskameraen installéiere loosse wëll, fir d'Sécherheet vun de Bierger ze vergréisseren.
  • Dem Internationale Roude Käiz no sinn am vergaangene Joer weltwäit 250.000 Mënsche bei Naturkatastrophen zu Doud komm.
  • Mëttelamerika: Méi wéi 160 Mënsche sinn a Mëttelamerika duerch sintflutaarteg Reefäll, déi duerch de Wierbelstuerm "Stan" verursaacht goufen, ëm d'Liewe komm. De Süde vu Mexiko, Guatemala an El Salvador si besonnesch betraff.

Dënschdeg, de 4. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Frankräich: E landeswäite Streik huet a ville Regiounen den ëffentlechen Transport un d'Stoe bruecht. D'Stromversuergung ass zanter gëschter Owend reduzéiert. De Protest vun de ronn enger Millioun Streikenden riicht sech géint déi geplangt Privatiséierung vum staatlechen Energiekonzern EDF.
  • USA/Däitschland: Den Nobelpräis fir Physik geet dëst Joer un d'US-Wëssenschaftler Roy Glauber an John Hall souwéi deen Däitschen Theodor Hänsch fir hir Fuerschung an der Optik. Den Hänsch an den Hall deele sech de Präis fir Bäiträg zur Entwécklung vu laserbaséierter Prezisiounsspektrographie. De Glauber kritt déi aner Hallschent fir Bäiträg zur Quantentheorie vun der optescher Koherenz.

Méindeg, den 3. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Zu Lëtzebuerg wéi och a ganz Europa war eng partiell Sonnefinsternis ze gesinn.
  • Lëtzebuerg: D'EU-Ausseminister hunn den internen Tierkeisträit bäigeluecht a sinn zu enger Eenegung komm. De Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei, déi haut sollen ufänken, steet elo näischt méi entgéint. Am Géigenzuch gouf Éisträich an engem Kouhandel zougestanen, datt zugläich och d'Verhandlunge mam EU-Kandidat Kroatien ufänke sollen.
  • Frankräich: Déi franséisch Police huet an der Géigend vun Toulouse d'Nummer zwee vun der baskescher Separatistenorganisatioun ETA, den Harriet Aguirre, festgeholl. De 26 Joer alen Aguirre gëllt als stellvertriedende Militärchef vun der ETA.
  • Vatikanstad: Zu Roum huet déi éischt Aarbechtssëtzung vun der 11. Weltbëschofssynode stattfonnt. De Poopst Benoît XVI. huet d'Bëscheef an aller Welt zu engem oppenen Dialog opgeruff. Zu Roum si ronn 250 Bëscheef op der Synode vertrueden.

Sonndeg, den 2. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Déi 25 EU-Ausseminister treffe sech zu enger Sondersëtzung, well een Dag virum geplangten Optakt vun de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei Éisträich nach ëmmer standhaft seng Positioun verdeedegt, datt der Tierkei bei engem Echec vun de Verhandlungen net einfach näischt, mä op d'mannst eng Alternativ zum Bäitrëtt gebuede soll ginn. D'Tierkei dogéint spillt awer weiderhin alles oder näischt a wëll seng Konditiounen diktéieren. Gëtt kee Kompromëss fonnt, sinn d'Verhandlunge muer geplatzt.
  • Lëtzebuerg: Fir un déi 4.400 Lëtzebuerger Doudesaffer aus dem Zweete Weltkrich z'erënneren, fanne beim Hinzerter Kräiz an um Kanounenhiwwel, souwéi a verschidden aneren Uertschaften am Land, offiziell Gedenkfeiere statt (Journée de commémoration nationale).

Samschdeg, den 1. Oktober 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Eng nei Indextranche ass fälleg: Léin a Pensioune ginn ëm 2,5 Prozent an d'Lut.
  • Potsdam: De Lëtzebuerger Premierminister Jean-Claude Juncker hält zu Potsdam eng Festried bei de Feieren zum däitschen Tag der deutschen Einheit. Ënner anerem geet hien doran op d'Bedeitung vun der Wiedervereinigung vun Däitschland ënner dem Aspekt vum europäeschen Integratiounsprozess an.
  • Bali: Op der indoneesescher Vakanzeninsel gouf et 19 Auer Lokalzäit eng Serie vu Bommenexplosiounen. Aussoe vun der Police no sinn 23 Doudeger an Dosende Verletzter ze bekloen, dorënner siwen auslännesch Touristen. Panik ass op der Insel ausgebrach. Den 12. Oktober 2002 war schonn eng Kéier en Attentat op déi beléift Touristendestinatioun gemaach ginn. Deemools gouf et 202 Doudeger, déi meescht dovun Touristen.
  • Däitschland/Frankräich: Déi däitsch an déi franséisch Editioun vum sechsten Harry-Potter-Buch sinn zanter hënnt 24 Auer ze kréien. Harry Potter und der Halbblutprinz an Harry Potter et le Prince de Sang-Mêlé hunn alle béid eng Startoplo vun 2 Milliounen.
  • Kasachstan: Déi nei Besatzung vun der Intenationaler Raumstatioun ISS ass vun der Weltraumgare Baikonur an den All gestart. Um Bord vun der russescher Sojus-Kaspel ass nieft de professionellen Astronaute William McArthur und Waleri Tokarew och e Weltraumtourist, den amerikanesche Millionär Gregory Olsen, deen dofir ronn 20 Milliounen Dollar bezuelt soll hunn.
  • Korsika: Déi franséisch Police ass am Moie géint streikend Aarbechter an der Stad Ajaccio virgaangen. Mat gepanzerte Ween huet si de Blockaden en Enn gemaach. Zwéi Gewerkschaftler, déi um Mëttwoch wéinst der Kaperung vun enger Fär verhaft goufen, sinn nees fräi. An de leschten Deeg war den Aarbechtskampf ëm d'Privatiséierung vun enger Färgesellschaft eskaléiert. Gëschter war Korsika praktesch vum Festland ofgeschnidden, well déi Streikend Häfen a Fluchhäfe blockéiert haten.
  • Neiséiland: Zwou Wochen no de Parlamentswalen steet déi amtéiernd Premierministesch Helen Clark elo als Gewënnerin fest. 218.000 Bréifwalstëmmen an 25.000 Stëmme vun Neuseelänner, déi am Ausland wunnen, haten nach missen ausgezielt ginn. Der Clark hir Labourpartei stellt 50 Sëtz am Parlament zu Wellington, d'Nationalpartei vun hirem Konkurrent, dem Don Brash, stellt der 48. Déi aner 23 Mandater verdeele sech op déi Gréng (6), déi mat der Aarbechtspartei zesumme goe wëllen, op déi rietspopulistesch New Zealand First (7) an op véier kleng Parteien. D'Koalitiounsverhandlunge fänken e Méindeg un.

September 2005[änneren | Quelltext änneren]

Freideg, den 30. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Déi fënnef Membere vum Zivilschutz, déi dobäi gehollef hunn, New Orleans vun de Waassermassen ze befreien, sinn am fréie Nomëtten um Findel gelant. Zesumme mam däitschen Technischen Hilfswerk (THW) hu si am Ganzen 1,3 Milliarde Liter Waasser aus den iwwerschwemmte Stroosse gepompelt. Zwou Woche ware si op der Plaz, fir nom Passage vum Hurrikan Katrina ze hëllefen.
  • Lëtzebuerg: Déi berüümt däitsch Violonistin Anne-Sophie Mutter gëtt an der Philharmonie um Kierchbierg e Benefizconcert zu Gonschte vun SOS Villages d'Enfants Monde.
  • USA: Kathoulesch Ordensverbänn aus den USA wëlle géint eng Entscheedung vum Poopst Benoît XVI. protestéieren, mat där hien Homosexuellen d'Priisterweih generell verbidde wëll. Bis elo konnten Homosexueller duerchaus Priister ginn, soulaang se geluewen, abstinent se bleiwen.
  • Irak: Zu Hilla an zu Bagdad si bannen e puer Stonnen 110 Persoune bei enger Uschlag-Serie ëm d'Liewe komm, dorënner 25 Kanner. D'Attentäter, sunittesch Rebellen, hu bei deene véier Uschléi hir Autobommen all Kéier op schiittesche Maartplaze mat ville Leit gezünnt. Wéinst där massiver Gewalt huet d'Arméi dem US-Senat ze verstoe ginn, datt un e Réckzuch aus dem Krisegebitt sou bal net ze denke wier.
  • Los Angeles/USA: D'Waldbränn ronderëm déi amerikanesch Stad Los Angeles ginn ëmmer méi schlëmm. Honnerte vun Awunner hunn hir Haiser verlooss. Ronn 3.000 Pompjeeë versichen, d'Flamen ënner Kontroll ze halen. Schätzungen no si scho 7.000 Hektar Bësch ofgebrannt. Begënschtegt gëtt d'Feier duerch de sougenannte Santa-Ana-Wand, deen ëm déi Joreszäit do optrëtt. D'Brandursaach ass den Experten no nach net gekläert.

Donneschdeg, den 29. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Korsika: An der korsescher Stad Ajaccio hunn Onbekannter spéit owes eng Rakéit op d'Gebai vun der Prefecture ofgefeiert. Zwar waren nach Persounen am Gebai, verletzt gouf awer keen. Zu dem Attentat huet sech bis elo nach keen offiziell bekannt. An de vergaangene Joerzéngte sinn op Korsika ëmmer nees Attentater duerch kriminell Banden oder Separatistegruppe verübt ginn.
  • Hamburg: Wëssenschaftler vum Max-Planck-Institut hunn eng Etüd zum globale Klimawandel virgestallt. Laut dëser wäert sech de Klima an den nächsten honnert Joer sou séier ännere wéi nach ni. De Klimafuerscher no solle bis zum Enn vum 21. Joerhonnert déi duerchschnëttlech Temperatur ëm 4 Grad Celsius an de Mieresspigel ëm 30 Zentimeter klammen.
  • Spuenien/Marokko: Beim Stuerm vu ronn 600 afrikanesche Flüchtlingen op déi spuenesch Exklav Ceuta a Marokko sinn op d'mannst fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm. Déi spuenesch Regierung gëtt zum Virworf, si wiere vu Grenzschützer erschoss ginn, kee Kommentar of. Eng Spriecherin vun der EU nennt de Virfall eng "Tragedie".
  • Stroossbuerg: Éisträich stellt sech vis-à-vis vun de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei queesch. D'Alperepublik verlaangt eng Revisoun vum Verhandlungskonzept a wëll, datt och iwwer eng Alternativ zum Bäitrëtt diskutéiert gëtt. E Sonndeg, den 2. Oktober, ass zu Lëtzebuerg eng Krisesëtzung vun den EU-Ausseminister aberuff ginn, fir Éisträich ëmzestëmmen. Sollt dat net méiglech sinn, kënnen d'Verhandlungen net wéi geplangt den 3. Oktober ufänken.
  • Algerien: D'Bevëlkerung huet iwwer d'Charta "Fir de Fridden an d'Versöhnung" ofgestëmmt, mat där e Schlussstréch ënner 13 Joer Biergerkrich gezu soll ginn. D'Walbedeelegung louch bei 80 Prozent, 97 Prozent vun de Wieler waren dofir. Nom Wëlle vum President Abdel Asis Bouteflika solle mat där Generalamnestie fir d'Extremisten d'Kämpf mat den Islamisten, d'Massaker un Zivilisten an d'Verschwanne vu Regierungsgegner en Enn fannen. Zanter 1992 si ronn 150.000 Persoune bei den Ausernanersetzungen ëm d'Liewe komm.

Mëttwoch, den 28. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: De Lëtzebuerger Presserot (Conseil de presse) feiert seng 25 Joer.
  • USA: Déi amerikanesch Weltraumadministratioun NASA an den Internetkonzern Google kënnegen un, datt si an Zukunft eng matenaner kooperéieren. Dës begräift ënner anerem d'Beräicher Nanotechnologie, grouss dezentraliséiert Comuptersystemer an d'Verwaltung vu groussen Datemengen. Um NASA-eegenen Terrain vum Ames-Fuerschungszentrum am Silicon Valley soll dofir en neie Campus vu ronn 93.000 m² entstoen, wou Honnerte Studenten a Fuerscher Plaz fir hir Aarbecht hätten.
  • Stroossbuerg: D'Europaparlament huet de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei zougestëmmt. D'Tierkei muss awer verschidde Bedingungen dozou erfëllen: D'Regierung muss Zypern formal unerkennen. Sollt dat net geschéien, da missen d'Verhandlungen direkt ofgebrach ginn.

Dënschdeg, de 27. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Lëtzebuerg mellt fir d'éischt Kéier zanter der Aféierung vun de Maastricht-Krittären am Joer 1992 en Defizit vun der ëffentlecher Hand op Bréissel. Dëse beleeft sech op 0,6 Prozent fir d'Joer 2004.
  • Esch/Belval: Die nei Mëtteleisen-Walzstrooss vun der Arcelor gëtt offiziell ageweit. Dës rezent Investitioun an d'Lëtzebuerger Stolindustrie beleeft sech op 270 Milliounen Euro.

Méindeg, de 26. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerg: Den Ëmweltminister Lucien Lux leet säi Veto géint de Bau vun der Héichspaanungsleitung tëscht dem Sotel-Stromverdeeler vun Esch-Belval an der franséischer Uertschaft Moulaine bei Lonkech an. Grond fir de Veto ass, datt d'Leitung sollt Atomstrom aus dem franséischen AKW Cattenom liwweren.
  • Irak: D'US-Militär huet am Irak d'Nummer zwee vun der Extremisten-Organisatioun Al Kaida, den Abu Assam erschoss. Den Assam soll de reliéise Beroder a Financier vum Al-Kaida-Chef Abu Mussab al-Sarkaui gewiescht sinn.
  • Fort Hood/Texas (USA): Déi amerikanesch Zaldotin Lynndie England ass wéinst Mësshandlungen am irakesche Krichsgefaangenelager Abu Ghureib schëlleg gesprach ginn a muss fir dräi Joer an de Prisong. Op Fotoe war si ënner anerem ze gesinn, wéi si en irakesche Gefaangenen, deen op alle Véier kraucht, un enger Hondsléngt féiert an dobäi laacht.

Freideg, den 23. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

Méindeg, den 12. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

Donneschdeg, den 8. September 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Ukrain: Den ukrainesche President Wiktor Juschtschenko huet no nëmmen engem dräivéirels Joer seng ganz Regierung entlooss. Ausléiser war de Récktrëtt vu sengem Stabschef Oleksandr Sintschenko, deen d'Quittung ass fir déi manifest Spléckung vum Juschtschenko senger Ekipp an d'Lager vum Chef vum Nationale Sécherheets- a Verteedegungsrot Pjotr Poroschenko, deen eng presidial Administratioun parallel zur Regierung opgebaut hat, an dat vun der éiergäizeger Ministerpresidentin Julija Tymoschenko. De Gouverneur vun der Regioun Dnepropetrowsk, de Juri Jechanurow, soll elo als Interims-Ministerpresident eng nei Regierung op d'Bee stellen.

August 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • 29. August: Den Hurrikan Katrina huet New Orleans am US-Bundesstaat Louisiana erreecht. Well Däicher gebrach si gouf d'Stad deelweis iwwerflut. De Schued gëtt op méi wéi 100 Milliarden Euro chiffréiert.

Juli 2005[änneren | Quelltext änneren]

  • 26. Juli: D'NASA huet no enger Paus vu méi wéi zwee Joer d'Spaceshuttle-Flich mam Start vun der Raumfär Discovery erëm opgeholl. D'Discovery ass um um 16.39 fir d'Missioun STS-114 opgebrach.
  • 24. Juli: De Lance Armstrong gewënnt säi 7. konsekutiven Tour de France-Titel a stellt domat en neie Rekord op.
  • 23. Juli: Weider Bommenexplosiounen zu Sharm el-Sheikh, mindestens 88 Leit loossen dobäi hiert Liewen.
  • 10. Juli: An engem Referendum hu 56,52 % vun de Lëtzebuerger Wieler fir den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa gestëmmt.
  • 07. Juli: Zu London koum et bannent e puer Sekonnen zu véier Bommenexplosiounen a Metroszich an engem Doppeldeckerbus. Op d'mannst 49 Mënsche si bei där Terrorattack ëm d'Liewe komm a ronn 700 goufe blesséiert. Et gëtt dovun ausgaangen, datt d'Attentat op eng bis ewell nach net identifizéiert islamistesch Grupp zeréckgeet.

Juni 2005[änneren | Quelltext änneren]

Abrëll 2005[änneren | Quelltext änneren]

Februar 2005[änneren | Quelltext änneren]

Januar 2005[änneren | Quelltext änneren]