Belair
Belair | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Belair de: Belair |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 12.613 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 171,79 ha |
Héicht | 328,60 m |
Koordinaten |
49° 36’ 46’’ N 06° 06’ 51’’ O |
De Belair ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Weste vun der Haaptstad.
De Quartier krut 1956 säin haitegen Numm. Virdrun huet en offiziell Neimärel (Neumerl) geheescht[1][2].
Geschicht[3]
[änneren | Quelltext änneren]Am 13. Joerhonnert stoung op dem fräie Flouer vum haitege Quartier en Haff „Daubenfeld“, bei deen am Laf vun der Zäit nach en zweeten derbäi koum. De François Lascombes huet eng Iwwersiicht publizéiert mat den Evenementer déi mat dësen Häff ze dinn haten:
- 1443: Belagerung vun der Stad duerch d'Burgunder;
- 1541: Amarsch vum Karel V. iwwer de fréiere Kiem – den haitege Kräizgrënnchen – an d'Stad;
- 1544: Kämpf tëscht de keeserlechen a franséischen Truppen;
- ?: De Marschall Biron réckt vu Westen erfort géint d'Festung vir, gëtt awer zeréckgeschloen; et gëtt e Feier am neien Haff Daubenfeld;
- 1673: an der Géigend vum Haff gëtt um Gaalgebierg de Gaalgen opgeriicht;
- 1684: De Marschall Créquy belagert zesumme mam Vauban d'Festung an eruewert se de 4. Juni 1684;
- 1698: d'franséisch Occupatioun ass eriwwer an déi zwéin „Daubenfeld-Häff“ ginn un d'Jesuitten iwwer;
- 1722: fir de Kräizgrënnchen z'ersetzen, gëtt déi haiteg Areler Strooss geplangt. Wärend der Éisträichescher Herrschaft gëtt de Jesuittenuerden opgeléist;
- 1792: déi zwéin Häff gi versteet an duerno – aus strategesche Grënn – ofgerappt.
Dem Lascombes seng Chronik hält hei op…
Nodeems d'Festung 1867 geschleeft gouf, huet sech d'Stad no Westen hi vergréissert, d'Bevëlkerung geet an d'Luucht, nei Stroossen an déi éischt Bourgeoisieshaiser gi gebaut.
1919-1921: D'Franziskanerschwëstere bauen hiert Klouschter um Belair.
1920 huet d'Gemeng Hollerech (mat de Sektiounen Neimärel a Bouneweg) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert[4]. 1935 gëtt d'Primärschoul gebaut an de Grondstee fir d'Clinique Sacré-Cœur gëtt 1954 geluecht.
Vun 1938 u gouf d'Belairer Kierch geplangt, se konnt awer wéinst dem Zweete Weltkrich eréischt 1957 konsekréiert ginn.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]Duvenvelt
[änneren | Quelltext änneren]Vum 13. Joerhonnert bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert war fir den haitege Quartier den Numm Duvenvelt oder Daubenfeld geleefeg. D'Strooss déi vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte bis bei de Märeler Kierfecht gefouert huet – déi haiteg Avenue Gaston Diderich – gouf Dauwelswee, Dauvelt[5] oder Rue de Daubenfeld genannt. Den Numm ass op d'Botterblumm ((fr) grande douve) zeréckzeféieren, déi sengerzäit do an de Wisen a Mouere gewuess ass[2].
Neimärel
[änneren | Quelltext änneren]Wéi uganks vum 20. Joerhonnert lues a lues Liewen an de Quartier koum, koum den Numm Neimärel op, well en zur Par Neimärel gehéiert huet[2].
Wou den Numm Belair fir de Stater Quartier hierkënnt ass net sécher gewosst. Den Architekt Mathias Martin hat 1923 säin Haus an der haiteger Avenue Gaston-Diderich "Maison Bel Air" genannt, an och d'Strooss huet ursprénglech sou geheescht (Rue Bel-Air)[6]. Den Numm fënnt ee scho géint 1910 op offiziellen Dokumenter. Sou steet op de Baugeneemegunge fir d'Haiser déi d'Gemeng Hollerech sengerzäit ausgestallt hat, de Stroossennumm Rue Bel-air drop[2]. Et ass méiglech, datt den Numm vun der Strooss oder dem Martin sengem Haus 1957 och dem ganze Quartier säin Numm ginn huet.
Dem Robert Philippart no gëtt den Numm Belair mat Staddeeler déi Liicht, Loft an Uerdnung verspriechen associéiert[1].
Belair
[änneren | Quelltext änneren]1956 huet de Stater Schäfferot de Quartier offiziell vun Neimärel a Belair an d'Strooss vu Rue Bel-Air an Avenue Gaston-Diderich ëmgedeeft[1].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Quartier Belair ass 171,79 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 283,2 an 328,6 m[7].
D'Grenze vum Quartier sinn[1]:
- am Osten de Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte, vun der Stäreplaz (Place de l'Étoile) bis op den Ufank vun der Escher Strooss (route d'Esch);
- am Süden an am Westen d'Avenue Guillaume an d'Avenue du X-Septembre bis op d'Place de France; vun do aus d'Rue Wurth-Paquet an d'Rue Omar Bradley bis an d'Rue des Aubépines; vun der Kräizung Rue des Aubépines - Val Sainte-Croix (Kräizgrënnchen) bis op d'Areler Strooss mécht d'Grenz mat der Gemeng Stroossen d'Grenz vum Quartier Belair (also net den nërdleche Rescht vun der Rue des Aubépines);
- am Norden d'Areler Strooss bis erof op d'Stäreplaz.
Ausser an der Rue des Aubépines gehéieren all Kéier béid Stroossesäiten zum Quartier Belair[2].
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel[1]:
Joer | Awunner |
---|---|
1887 | 87 |
1900 | 243 |
1934 | 3.200 |
1970 | 8.851 |
1991 | 7.687 |
2006 | 8.652[2] |
2010 | 9.683 |
2021 | 12.139 |
Op den 31. Dezember 2022 hunn um Belair 12.613 Leit gewunnt, wovun 32,09 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 67,91 % Auslänner[8].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 12 613 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 4 048 | 32,09 |
2 | Frankräich | 2 049 | 16,25 |
3 | Italien | 929 | 7,37 |
4 | Spuenien | 553 | 4,38 |
5 | Portugal | 478 | 3,79 |
6 | Däitschland | 474 | 3,76 |
7 | Belsch | 460 | 3,65 |
8 | Syrien | 250 | 1,98 |
9 | Griicheland | 193 | 1,53 |
10 | USA | 187 | 1,48 |
Top 10 | 9 621 | 78,28 | |
Aner Nationalitéiten | 2 992 | 23,72 |
Bekannt Leit vum Belair
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph Goedert (1908-2012, Historiker)[3]
- Emil Haag (*1942, fréieren Direkter vum Stater Kolléisch)[Source?]
- Guillaume Kroll (1889-1973, Fuerscher)[9]
- François Lascombes (1921-1991, Historiker)[3]
- Alain Meyer (*1949, Professer)[10]
- Léopold Reichling (1921-2009, Biolog) [Source?]
- Renée Wagener (*1962, Historikerin)[11]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- ons stad Nr. 98, 2011
- Philippart, R.. Schickes Wohnviertel auf ehemaliger Industriebrache. S. 6-31.
- Kugener, H.. Mit dem Aeskulap-Stab unterwegs durch Belair. S. 22-27.
- Braun, J.. Besuch beim Boss um Belair. S. 29.
- Huberty, Fernand. D'Liewen am Kräizgrënnchen an de fofzeger Joren. [sic] S. 30-35.
- Ney, M.. Le Val Sainte-Croix et ses Arquebusiers. S. 36-40.
- Haag. E.. Guillaume Kroll (1889-1973) et la Villa Leclerc. Un grand scientifique méconnu au Luxembourg.. S.41.
- Kugener, H.: Zur Geschichte der Villa Leclerc. S. 42-43.
- Meyer, A.. Souvenirs d'une jeunesse heureuse à Belair.. S. 44-47.
- Bange, E.. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen. Die Galgen der Stadt Luxemburg.. S. 48-51.
- Wagener, R.. Batman & Winnetou. Eng Belairer Säitestrooss an de Siechzegerjoren.. S. 52-54.
- Lascombes, Fr., 1985. À 50 ans la paroisse de Bel-Air se souvient. 50 Jor Por Belair. Lëtzebuerg.
- Schneiders, A., 2007. Stadtentwicklungsplanung Luxemburg, Stadtteilrahmenplan Belair. Ville de Luxembourg, CMT.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Belair – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 R. Philippart, ons stad 98 (2011), S. 6-21.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 Fernand Théato, Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, S.16-19. Chorale Sang & Klang. (2006). Gekuckt de(n) 11.05.2021.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 JUBILÄUMSSCHRIFTEN. In: Hémecht, 37. Jg., nº Heft 3 (01.07.1985), S. 484.. Hémecht (1985). Gekuckt de(n) 11.05.2021.
- ↑ Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-11.
- ↑ Luxembourg City Tourist Office, Toponoymie luxembourgeoise, „Plan Ville et environs“, 9e édition, 1999
- ↑ 1947 gouf d'Strooss an Avenue Gaston-Diderich ëmgenannt, nom fréiere Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Cf. R. Philippart, ons stad 98, 2011, S. 7.
- ↑ (fr)Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt de(n) 28.05.2023.
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.
- ↑ Cf. É. Haag, ons stad Nr. 98, 2011, S. 41, an och H. Kugener, S. 42-43 ibidem.
- ↑ Cf. A. Meyer, ons stad Nr. 98, 2011, S. 44-47.
- ↑ Cf. R. Wagener, ons stad Nr. 98, 2011, S. 52-54.