Op den Inhalt sprangen

Koméit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Den Hale-Bopp, Foto vum Geoff Chester den 11. Mäerz 1997
Der Koméit Tschurjumow-Gerassimenko, opgeholl vun der Raumsond Rosetta

E Koméit ass e klengen Himmelskierper. An der Ëmgéigend vun der Sonn entsteet eng Koma aus Ofgase ronderëm de Koméit a mécht e Schwäif, dee liicht.

De Koméitekär ass nëmmen e puer Kilometer grouss. Wann en no bei d'Sonn kënnt forméiert sech en diffusen Niwwel ronderëm, dee Koma genannt gëtt. D'Koma kann eng Ausdeenung vun 2 bis 3 Millioune km erreechen. De Kär an d'Koma zesummen nennt een och de Kapp vum Koméit. Dat opfällegst Kennzeechen, dat e vun der Äerd aus gesäit ass awer de Schwäif, dee bei groussen Objeten oder bei Objeten, déi no bei der Sonn leien, eng Längt vun e puer 100 Millioune Kilometer erreeche kann. Meeschtens sinn et awer maximal nëmmen e puer 10 Millioune Kilometer.

D'Wuert kënnt vum algriichesche komētēs "Hoerstär", ofgeleet vu kómē "Haapthoer".

Geschicht vun der Koméitefuerschung

[änneren | Quelltext änneren]

An der Antiquitéit an am Mëttelalter goufen d'Koméiten dacks als schlecht Zeechen oder och Gëtterzeechen ugesinn. Den Aristoteles an de Ptolemäus hunn d'Koméite fir Ausdonstunge vun der Äerdatmosphär gehalen. De Regiomontanus huet als éischten erkannt, datt et sech ëm selbstänneg Himmelskierper handelt. Den Ufank vu wëssenschaftlecher Siichtweis bei der Koméitefuerschung kann ee mat der Erkenntnes vum Tycho Brahe usetzen. Hien huet definitiv erkläert, datt d'Koméiten näischt mat der Äerdatmosphär ze dinn hunn. Hie stellt 1577 fest, datt Koméite mindestens 230 Äerdradien ewech sinn. De Galileo Galilei huet sech där Erkenntnes nach widdersat. Dem Edmond Halley war et 1682 méiglech, de Koméit deen an deem Joer ze gesi war, als periodeschen Himmelskierper deen ëmmer erëm zeréckkënnt, nozeweisen. Dee Koméit deen 1607, 1531 an 1456 nozeweisen ass, beweegt sech op enger langgestreckter Ellips a 76 Joer ëm d'Sonn. – Haut ginn an der Moyenne 20-30 Koméite pro Joer entdeckt.

Charakteriséierung

[änneren | Quelltext änneren]

Koméite ginn nom Intervall an deem s'opdauchen an aperiodesch Koméiten an a periodesch Koméiten ënnerscheet. Déi zweet Grupp gëtt no hiren Ëmlafzäiten a laangperiodesch a kuerzperiodesch Koméiten agedeelt.

  • Aperiodesch Koméite, si Koméiten, déi – wéinst hirer parabolescher oder hyperbolescher Bunn – sécher net zeréckkommen, oder Eenzelobservatiounen, iwwer déi well eng genee Bunnbestëmmung feelt – nach – keng Aussoe getraff kënne ginn.
  • Periodesch Koméite si Koméiten, deenen hiert Zeréckkommen unhand vun hire Bunnelementer geséchert ass, déi also op enger – op d'mannst fir e gewëssenen Zäitraum – stabiller Ëmlafbunn d'Sonn ëmkreesen.
  • Laangperiodesch Koméite mat enger Ëmlafzäit vu méi wéi 200 Joer komme warscheinlech aus der Oort-Wollek, hir [[Inklinatioun (Astronomie)|Bunnschréie]] si statistesch verdeelt a si ëmlafen d'Sonn souwuel am selwechten Ëmlafsënn wéi d'Planéiten (prograd) wéi och a Géigerichtung zu de Planéitebunnen (retrograd). D'Exzentrizitéite vun hire Bunne leien no bei 1 – d'Koméite sinn an der Reegel awer nach duerch d'Gravitatioun un d'Sonn gebonnen, obwuel si fir hiren Ëmlaf bis zu 100 Millioune Joer brauchen. Exzentrizitéite méi grouss wéi 1 (Hyperbelbunnen) sinn selen a ginn virun allem duerch Bunnstéierunge bei de Passage vu grousse Planéiten ausgeléist. Dës Koméite kommen dann theoreetesch net méi an d'Ëmgéigend vun eiser Sonn zeréck, a verloossen de Sonnesystem.
  • Kuerzperiodesch Koméite mat Ëmlafzäiten, déi méi kleng si wéi 200 Joer stame warscheinlech aus der Kuiperceinture. Si beweege sech meeschtens am normalen Ëmlafsënn an hir Inkinatioun läit an de Moyenne bei ronn 20°, si leien also an der Géigend vun der Ekliptik. Bei méi wéi der Hallschent vun de kuerzperiodesche Koméite läit de gréisste Sonnenofstand (Aphel) an der Géigend vun der Jupiterbunn bei 5 a 6 Astronomesch Eenheeten (Jupiterfamill). Et handelt sech dobäi ëm ursprénglech laangperiodesch Koméiten, deenen hir Bunnen duerch de gravitativen Afloss vum Jupiter verännert gouf.

Nei entdeckt Koméite kréie vun der I.A.U. fir d'éischt en Numm, dee sech aus dem Entdeckungsjoer an engem grousse Buschtaf zesummesetzt, dee mat A den 1. Januar ufänkt a mat B de 16. Januar am Hallefmountrhythmus nom Zäitpunkt vun der Entdeckung festgeluecht ass. Zousätzlech kënnt nach eng Ziffer dobäi, fir datt ee méi entdeckt Koméiten an engem hallwe Mount ënnerscheede kann. Soubal d'Bunnelementer vum Koméit genee bestëmmt si kritt den Numm no der follgender Systematik e weidere Buschtaf virdrugesat:

P d'Ëmlafzäit ass méi kleng wéi 200 Joer respektiv mindestens zwou sécher Observatioune vum Perihelduerchgang (Periodesche Koméit)
C d'Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer
X d'Bunn ass net ze bestëmmen
D Periodesche Koméit, dee verluer gaange war oder net méi existéiert
A et stellt een nodréiglech fest, datt et sech net ëm ee Koméit, mä ëm een Asteroid handelt

E periodesche Koméit kritt ausserdeem eng fortlafend Nummer virdrugestallt, soubal eng bestätegt Observatioun vun engem zweete Perihelduerchgang virläit.

De Koméit Hyakutake zum Beispill gëtt och ënner der Bezeechnung C/1996 B2 gefouert. Hyakutake war also den zweete Koméit, deen an der zweeter Hallschent vum Januar 1996 entdeckt gouf. Seng Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer.

Normalerweis gëtt de Koméit no sengem Entdecker benannt, sou gëtt zum Beispill D/1993 F2 och ënner der Bezeechnung Shoemaker-Levy 9 gefouert – et handelt sech heibäi ëm den 9. Koméit, deen den Eugene an d'Carolyn Shoemaker zesumme mam David Levy entdeckt hunn.

Koméitebunnen

[änneren | Quelltext änneren]
Animatioun vun enger Koméitebunn

Well bei nei entdeckte Koméiten nëmme kuerz Bunnbéi observéiert goufen, gi fir d'éischt parabolesch Bunne berechent. Well eng Parabol awer nëmmen e mathematesche Grenzfall ass an an der Natur net sou virkomme kann (all nach sou kleng Stéierung mécht doraus eng Ellips oder eng Hyperbol), lafen d'Koméiten deenen hir Bunnexzentrizitéit mat e = 1,0 (= Parabel) gefouert gëtt, an der Realitéit entweeder op Ellipsen (e < 1,0) oder op Hyperbolen (e > 1.0). Bei méi laanger Observatioun an der Gewënnung vun zousätzlechen astrometresche Positioune kann dann entscheet ginn, ob et sech ëm Ellipsen oder Hyperbolen handelt.

Vu ronn 660 ënnersichte Koméite weist sech follgend Verdeelung: 43 % Parabelen, 25 % laangperiodesch Ellipsen (Ëmlafszäit iwwer 200 Joer), 17 % kuerzperiodesch Ellipsen (Ëmlafszäit bis zu 200 Joer) a 15 % Hyperbelen. Den héijen Undeel un Parabelen ass awer op den ze kuerzen Observatiounszäitraum vu ville Koméiten zeréckzeféieren, bei deene laanggestreckten Ellipsen net vun enger Parabel ënnerscheed ka ginn. Bei méi laanger Siichtbarkeet vun 240–500 Deeg beschreiwen nëmmen nach 3 % vun de Koméite visuell eng Parabelbunn. Dofir däerften d'Ellipsen dominéieren.

Entdeckung an Observatioun vu Koméiten

[änneren | Quelltext änneren]

Wärend bis 1900 5 bis 10 nei Koméite pro Joer entdeckt goufen, ass dës Zuel an der Tëschenzäit bis op iwwer 20 geklomm. Schold doru sinn automatesch Himmels-Duerchmusterungen an Observatioune vu Raumsonde. Et gët awer och eng grouss Zuel un Amateurastronomen, déi sech op Koméitensich spezialiséiert hunn, besonnesch a Japan an Australien.

Am erfollegräichste war den Neiséilänner William Bradfield mat 17 Entdeckungen tëscht 1972 an 1995, déi all no him genannt goufen. Systematesch hat hien an der Dämmerung den Himmel ofgesicht.

Fir visuell Observatiounen eegne sech liichtstaark Spektiven oder e spezielle Koméitesicher. Wichteg ass eng schwaach Vergréisserung bei héijer Liichtstäerkt, fir datt déi relativ kleng Flächenhellegkeet vum Koméit (änlech wéi bei Niwwelobservatiounen) erhale bleift. D'Austrëttspupill soll dofir där vum donkeladaptéierten A (ongeféier 7 mm) entspriechen.

Fotografesch benotzt een haut meeschtens Kamerae mat héichempfindlechen CCD-Sensore. Bei Detailfotografien z. B. vum Koméiteschwäif.

Raumsondeflich op oder laanscht Koméiten

[änneren | Quelltext änneren]

An der Tabell sti Koméiten, déi vu Raumsonden ugeflunn goufen oder fir déi sou e Fluch geplangt ass:

Numm Entdeckung Raumsond Datum Gréisst
Distanz
(km)
Bemierkunge
Borrelly 1904 Deep Space 1 2001 2200 Laanschtfluch
21P/Giacobini-Zinner 1900 ICE 1985 7800 Laanschtfluch
26P/Grigg-Skjellerup 1902 Giotto 1992 200 Laanschtfluch
1P/Halley zanter der Antiquitéit bekannt Giotto 1986 596 Laanschtfluch
Hartley 2 1986 Deep Impact, Erweidert Missioun EPOXI 2010 700 Laanschtfluch, klengsten ënnersichte Koméit
Tempel 1 1867 Deep Impact 2005 Impakter Laanschtfluch
Tschurjumow-Gerassimenko 1969 Rosetta 2014 10 resp. 0 Orbit vu Rosetta; Landung vum Lander Philae den 12. November 2014
Wild 2 1978 Stardust 2004 240 Laanschtfluch a Réckfluch op d'Äerd (Sample return mission)
De 5 km grousse Kär vum Koméit Wild 2 (Stardust, NASA)

Op grousser Distanz vun der Sonn bestinn d'Koméiten nëmmen aus dem Kär, deen haaptsächlech aus zu Glas verhäertem Waasser, Dréchenäis, CO-Äis, Methan an Ammoniak mat Verméschungen aus meteoritenänleche klenge Stëbs- a Mineraliendeelercher (zum Beispill Silikater, Néckeleisen) besteet, et bezeechent een d'Koméiten dofir heefeg als dreckeg Schnéibäll oder dirty snowballs. D'Observatioune vun der Deep Impact Missioun hunn gewisen, datt (op d'mannst an den Ausseberäicher vum ënnersichte Koméitekär Tempel 1) déi fest Bestanddeeler géintiwwer de flüchtegen Elementer iwwerweien, soudatt d'Bezeechnung snowy dirtball (äisegen Drecksball) zoutreffend ausgesäit. Aus Observatioune vun der Raumsond Giotto um Koméit Halley weess een, datt Koméite vun enger schwaarzer Kuuscht ëmzunn sinn, déi nëmmen zirka 4 % vum Liicht reflektéiiert (Albedo) – obschonn Koméiten als spektakulär Liichtevenementer ugesi ginn, sinn hir Käre sou interessanterweis déi schwäerzest Objete vum Sonnesystem, wiesentlech méi donkel wéi zum Beispill Asphalt, deen zirka 7 % vum Liicht reflektéiert.

Well nëmme kleng Regioune vum Kär ausgasen, geet een no neie Virstellungen dovun aus, datt d'Uewerfläch vun enger Aart Gestengsgedrecks geformt gëtt, deen aus Gestengsfielsdeeler besteet, déi ze schwéier sinn, fir d'gravitativ Unzéiung vum Kär z'iwwerwannen. De Giotto hat och winzeg kleng Partikelen entdeckt, déi räich un Elementewaren, wéi: Kuelestoff (C), Waasserstoff (H), Sauerstoff (O) an Stéckstoff (N) an doduerch och CHON-Partikele genannt ginn. Déi kéinten aus enger dënner Dreckschicht stamen, déi d'Uewerfläch vum Kär iwwerzitt an domat déi niddreg Albedo erkläre géif. Méi Informatioune soll déi aktuell Rosettamissioun liwweren.

E besonneschen Undeel un der Erklärung vum Koméitenopbau huet de Fred Whipple. Hien hat 1950 fir d'éischt Koméitekären als Konglomerat aus Äis a feste Bestanddeeler beschriwwen.

Zesummesetzung vum Koméitekoma Hale-Bopp (1997), festgesat op H2O
Moleküll Heefegkeet
H2O 100
CO 20
CO2 6–20
H2CO 1
CH3OH 2
NH3 0,7–1,8
CH4 0,6
C2H2 0,1
C2H6 0,3
HCOOH 0,06
CH2CO <0,03
CH3CHO 0,02
CH3CH2OH <0,05
CH3OCH3 <0,45
HCOOCH3 0,06
HNCO 0,06–0,1
NH2CHO 0,01
HCN 0,25
HNC 0,04
CH3CN 0,02
HC3N 0,02
H2S 1,5
OCS 0,5
H2CS 0,02
SO 0,2–0,8
SO2 0,1

Soubal e Koméit beim Erukommen un d'Sonn op enger Distanz vun ongeféier 5 AE d'Jupiterbunn kräizt, formt d'Wiesselwierkung tëscht Sonnewand a Koméit eng schuelefërmeg Koma, déi a Kärgéigend och stralenaarteg Strukture weist. Si entsteet duerch Sublimatioun liicht fléiender Substanzen op der sonnenzougedréiter Säit, déi an d'Äis ageschlosse Stëbsdeelercher maträissen. No den Observatioune vun der Sond Giotto geschitt dës Sublimatioun nëmmen op ongeféier 10 bis 15 % vun der Koméitenuewerfläch. Déi Substanzen entweechen anscheinend nëmme bei bréchege Plaze vun der schwaarzer Kuuscht. Déi op dëse Plaze verflunn Mammemolekülle bilden déi bannenzeg Koma. Duerch weidert Ophëtzen, Ionisatioun an Dissoziatioun vergréissert sech d'Koma weider a bilt dann déi siichtbar Koma aus Ionen a Radikalen. Ëm déi ass nach een atomare Waasserstoffhalo deen am Ultraviolett straalt an deen och UV-Koma genannt gëtt a beim Koméit Hale-Bopp 1997 en Duerchmiesser vun 150 Millioune Kilometer kritt hat. Well d'atmosphäresch Ozonschicht fir d'UV-Stralung onduerchléisseg ass, kann d'UV-Koma nëmme mat Satellitten ënnersicht ginn.

D'Bestanddeeler vun der Koma ginn duerch Stralungsdrock a Sonnewand "ewechgeblosen", soudatt sech ongeféier bannenzeg vun der Marsbunn e Schwäif formt, oder méi exakt, zwéi Schwäifer:

  • Ee schmuele, laang gestreckte Schwäif (Typ-I-Schwäif), deen am Wiesentlechen aus Moleküllioune besteet an och Plasmaschwäif genannt gëtt. Fir déi Deelercher reecht de Stralungsdrock als Erklärung net aus, soudatt de Ludwig Biermann 1951 eng vun der Sonn ausgoend Partikelstralung, déi haut Sonnewand genannt gëtt, als Erklärung heifir postuléiert hat. Haut geet een dovun aus, datt déi kometar Ionen duerch eng Wiesselwierkung mat dem solare Magnéifeld ugedriwwe gëtt, dat vun de geluedenen Deelercher vum Sonnewand matgefouert gëtt.
  • En diffusen, gekrëmmte Schwäif (Typ-II-Schwäeif), deen och Stëbsschwäif genannt gëtt. Déi kleng Stëbsdeelercher, déi dëse Schwäif formen, ginn duerch de Stralungsdrock vun der Sonn beaflosst, deem seng Wierkung duerch eng Opspaltung an zwou Komponenten erkläert ka ginn:
    • Eng radial Komponent, déi der Gravitatiounskraaft entgéintgeriicht ass a wéi dës quadratesch mat der Distanz zu der Sonn ofhëllt. Dëst wierkt wéi eng effektiv Reduktioun zu der solarer Gravitatiounskraaft, d'Stëbsdeelercher beweege sech dofir op "Pseudo-Keplerbunnen", déi sech fir Stëbsdeelercher vu verschiddener Gréisst ënnerscheeden, well de Stralungsdrock vun der Deelchensgréisst ofhängeg ass. Dëst féiert zu enger relativ staarker Offächerung vum Stëbschwäif am Verglach zum Plasmaschwäif.
    • Déi aner wierksam Komponent vum Stralungsdrock ass d'Beweegungsrichtung vun de Stëbsdeelercher entgéintriicht a féiert zu enger Ofbremsung vun de Partikelen, déi méi grouss si wéi d'Wellelängt vum Liicht, dat heescht, méi grouss wéi 0,5 µm. Dës Deelercher beweege sech laangfristeg geneesou wéi den iwwerege interplanetare Stëbs op Spiralbunnen a Richtung Sonn (Poynting-Robertson-Effet).[1]
  • Ganz rar, bei besonnesche Bunnkonstellatiounen, ass e Géigeschwàif (Typ-III Schwäif, Antischwäif) siichtbar. Heibäi handelt et sech awer net ëm en eegestännege Schwäif, mä nëmmen ëm en geometreschen Projektiounseffet: Wann d'Äerd sech tëscht Sonn a Koméit duerchbeweegt, kuckt en Deel vum Stëbschwäif, bedéngt duerch seng Krëmmung, visuell iwwer de Koméitekapp eraus.

De Materialverloscht vun engem Koméit, deen déi éischt Kéier an d'Sonnegéigend kënnt, gëtt op ongeféier 10 bis 50 Tonne pro Sekonn geschat, no méi Sonne-Rendez-vouse fält de Masseverloscht op manner wéi 0,1 t/s. Dës kleng Matièrepartikele vu maximal 0,03 bis 0,2 Prozent vun der Koméitemass pro Sonnenduerchgank bedeit, datt de Schwäif nëmmen eng kleng Dicht opweist. Déi grouss Hellegkeet vum Schwäif erkläert sech am Fall vum Stëbschwäif duerch déi grouss Uewerfläch vun de mikroskopesch klenge Stëbsdeelercher, am Plasmaschwäif dréit souguer all Atom resp. Moleküll zu der Liichtkraaft bäi. Dëst féiert am Verglach zu der Gréisst vum Koméitekär zu enger méi heller Liichtkraaft.

Genesis an Opléisung

[änneren | Quelltext änneren]

Den héijen Deel vu Substanzen déi liicht verfléie wéi zum Beispill Waasser a Kuelestoffmonoxid bedeit, datt d'Komitekäre am baussenzege Beräich vum Sonnesystem entstane musse sinn. Déi meeschte Planéitesimale am Beräich vun de bannenzege Planéite goufen am Ufank vum Sonnesystem wuel vun de véier Gasrisen opgesammelt. Duerch déi op den iwweregen Deelercher wierkend Bunnstéierunge goufe vill vun hinne sou staark gestreet, datt si d'Sonnesystem verlooss hunn. Et gëtt ugeholl, datt ronn 10 Prozent vun dëse gestreete Kierper d'Oort-Wollek geformt hunn. Déi méi no kreesend Objete waren dësem Streeprozess manner ënnerleeën an hunn d'Kuiperceinture gebilt.

D'Oort-Wollek an deelweis d'Kuiperceinture sinn de Reservoir vun de meeschte Koméiten, där hir Zuel am Milliardeberäich leie kéint. Schwaache Gezäiteneffete vun noe Stären oder d'Gravitatioun vu gréisseren transneptuneschen Objete kënne lues a lues Bunnännerunge bewierken an déi wäit, kal Koméiteekäre an eng laanggestreckte Bunn zu der Sonn hin oflenken, wat all Joer zu der Entdeckung vun neie Koméite féiert. Verschidde verschwanne spéider fir ëmmer, aner bleiwen op periodeschen Ëmlafbunne. Wa si vill Äis matféieren an no laanscht d'Sonn geroden, kënnen eenzeler och mat bloussem A gesi ginn – wéi et z. B. beim Ikeya-Seki (1965) oder beim Hale-Bopp (1997) de Fall war.

D'Koméite verléiere mat jiddwer Ëmlaf ëm d'Sonn e klengen Deel vun hirer Mass, virun allem flüchteg Deeler vun der baussenzeger Kärschicht. Wat méi no de Perihel vun der Bunn zu der Sonn läit, wat méi hefteg dëse Prozess ass, well d'Äis méi séier subliméiert an duerch d'Ausgase vum Gestengs och gréisser Deeler matgerass ginn. Dofir ass de Koméitekär no en ettlechen honnert Sonnenëmleef knapps nach z'erkennen. Déi Zäitspan ass däitlech méi kuerz wéi den Alter vum Sonnesystem.

Duerch d'Verdämpe vum Äis verléiert d'Gestengs vum Kär säin Zesummenhalt an de Koméit léist sech lues alues op. Dat kann duerch Deelung (wéi beim Koméit Biela 1833), duerch den Afloss vum Jupiter (Shoemaker-Levy 9 1994) oder duerch lues Verdeelung vun den Deelercher op hirer ufänglecher Bun. Déi meeschte Stäreschnäizer sinn d'Ursaach.

Déi laangperiodesch Koméite ginn bei hirer Duerchkräizung vum bannenzege Sonnesystemberäich vun de grousse Planéite, virun allem duerch de Jupiter, sou staark gestreet, datt si nëmme fir e puer Duerchgäng als fréier Membere vun der Oort-Wollek identifizéiert kënne ginn. Et ass also e Mechanissem noutwendeg, deen déi haut nach siichtbar Koméiten aus hire sonnewäite Bunnen a Sonnegéigend bréngt. Fir déi kuerzperiodesch Koméite aus der Kuiperceinture hëlt een hei Kollisiounen originärer Kuiperceintureobjete un, wouduerch Brochstécker an dem Zentrum vum Sonnesystem kommen. De Streeprozess vu laangperiodesche Koméite ass nach net bekannt, et gëtt allerdéngs dacks den Afloss vu laanschtzéiende Stäre oder nach net entdeckte Planéite (Planéit X) oder vun engem nach net bekannte Begleetstär vun der Sonn (Nemesis) als Ursaach genannt.

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]

Ofgrenzung zu aneren Himmelskierper

[änneren | Quelltext änneren]

Den Ënnerscheed tëscht Asteroiden a Koméiten ass net ëmmer ganz eendeiteg. Et gëtt ugeholl, datt ettlech Objeten, déi als Asteroide klassifizéiert sinn a staark elliptesch Bunnen hunn, zum Beispill d'Zentauren, „ausgebrannte“ Koméitekäre sinn, déi vun enger décker Schicht mat feste Substanze bedeckt sinn. Anerersäits gëtt dat ufanks als Asteroid (2060) Chiron agestuften Objet zanter der Entdeckung vun enger Koma als Koméit klassifizéiert an no der Koméitenomenklatur 95P/Chiron genannt.

Haut gëtt de Begrëff Koméit souwuel am populärwëssenschaftleche wéi och am wëssenschaftleche Sproochgebrauch entgéint senger ursprénglecher Definitioun dacks fir all eventuell äiseg Klengplanéite gebraucht. Beispiller heifir sinn d'Objete vun der Kuiperceinture an der Oort Wollek, déi zwar liicht fléieg Substanzen enthalen, awer duerch hir Distanz zu der Sonn nimols staark genuch opgewiermt ginn, fir eng Koma ze bilden. Vu sou Objete gëtt awer ugeholl, datt hiren Opbau éischter de Koméitekäre gläichen, wéi den Asteroiden aus der Asteroidenceinture.

Meteorstréim a Meteoritten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Deelercher vum Stëbschwäif verdeelen sech laanscht d'Koméitebunn ëm d'Sonn. Wéi den Giovanni Schiaparelli gewisen huet, triede Meteorstréim op, wann d'Äerd dës Bunn kräizt. Déi bekanntst Meteorstréim sinn d'Leoniden an d'Perseiden. Dës Stréim sinn als Meteore liicht z'observéieren. Meeschtens vergloust d'Koméitematerial beim Duerchfluch vun der Äerdatmosphär, a sou goufe bis elo nach keng Meteoritte entdeckt, déi vu Koméite stamen. Fir e puer ganz rar Meteorittentyppen, wéi zum Beispill d'CI-Chondritte, gouf zwar eng Liäsioun zu de Koméite virgeschloen, e Beweis konnt allerdéngs nach net bruecht ginn. Och Mikrometeoritte stamen haaptsächlech aus der Asteroidenceinture, obwuel och hei eng Koméitekomponent diskutéiert gëtt.

Déi direkt Ënnersich vu Koméitematerial ass fir d'Verständnes vun der Genesis vun eisem Sonnesystem vu grousser Bedeitung, soudatt komplex Raumfaartmissioune mat Raumsonde wéi Deep Impact oder Rosetta duerchgefouert ginn, déi d'Koméitematerial op der Plaz ënnersichen. Duerch d'Stardust-Missioun ass et fir d'éischt gelongen, Prouwen a Form vu klengste Deelercher aus der Koma vum Koméit op d'Äerd ze bréngen a fir Ënnersich an ierdesche Labore zur Dispositioun ze stellen.

Besonnesch Koméiten

[änneren | Quelltext änneren]
De Koméit Donati iwwer Venedeg 1858.
Aschlag vum Impakter vun der Deep-Impact-Sond um Koméit Tempel 1
  • De Grousse Koméit vu 1744 war deen éischten, deem eng eege Monographie gewidmet gouf. Den Gottfried Heinsius hat dora seng méintelaang visuell Bunn berechent, souwéi Formännerunge vun der Koma an déi genee Schwäiflängt (52 Millioune km).
  • De Koméit Halley war den éischte Koméit, dee (1705 vum Edmond Halley) als periodesch erkannt gouf an deem säi Kär vun enger Raumsond fotograféiert konnt ginn (1986).
  • De Koméit Encke (entdeckt 1818) huet mat 3,31 Joer déi kierzeste Ëmlafzäit vun alle bekannte Koméiten, kann awer net méi mat bloussem A observéiert ginn.
  • De Koméit Biela war den éischte Schwäifstär, deem säin Zerfall 1845/46 observéiert gouf.
  • Um Koméit Donati (1858) gouf fir d'éischt d'Ausgasen un der Koma observéiert. Hie war no Kënschtlermeenung dat schéinst Objet vum Joerhonnert (kuckt Bild).
  • De Koméit 1882 II („Grousse Septemberkoméit“) hat bei sengem Perihel vir an hannert der Sonnescheif säi Schweif gezunn a war och um Dageshimmel ze gesinn.
  • De Johannesbuerger Koméit – hat bal glächzäiteg mam Halley – 1910 zum eemolege Joer vun zwee grousse Koméite gemaach.
  • De Koméit C/1965 S1 (Ikeya-Seki) gëllt als ee vun den hellste Koméite vum leschte Joerdausend. Hien hat am Oktober 1965 déi ronn 60-fach Hellegkeet vum Vollmound a war daagsiwwer däitlech nieft der Sonn ze gesinn.
  • De Koméit Shoemaker-Levy 9 war am Gravitatiounsberäich vum Jupiter zerbrach. Seng 21 Brochstécker waren tëscht dem 16. an 22. Juli 1994 op de Planéit opgeschloen.Hir Spuere waren ettlech Wochen ze gesinn.
  • De Koméit Hale-Bopp war vun 1996 bis 1997 méi wéi 18 Méint mat bloussem A ze gesinn an hält domat de Rekord ënner alle bekannte Koméite.
    Koméit Hale-Bopp, Negativ
  • De Koméit Wild 2 ass den éischte Koméit, aus deem senger Koma vun enger Sond Deelercher agesammelt goufen. D'Prouwe goufen am Joer 2006 op d'Äerd zeréckbruecht.
  • De Koméit Tempel 1 war d'Zil vun der Deep-Impact-Missioun vun der NASA, bei där de 4. Juli 2005 en 372 kg schwéiert, haaptsächlech aus Koffer bestoend Projektil mat enger relativer Vitess vu 10 km/s op dem Koméit ageschloe war. Mat der Sond selwer a mat villen äerdgestëtzte Teleskopen, awer och mam Hubble-Weltraumteleskop an der ESA-Raumsond Rosetta gouf déi entstane Partikelstëbswollek observéiert.
  • De Koméit Tschurjumow-Gerassimenko, ass 2014 am Kader vun der Rosetta-Missioun bekannt ginn. Fir d'éischt an der Geschicht ass eng Sond mëll op engem Koméit gelant.
  • De Koméit 17P/Holmes hat Enn Oktober 2007 seng visuell Magnitude vu 17 op 2,5mag banne ronn 36 Stonnen eropgesat. De Koméit, deen onerwaart 500.000-mol méi hell wéi gewéinlech gi war, war en opfällegt Objet um Himmel, a visuell mat bloussem A ze gesinn.
  • De Koméit Kohoutek (1973/74) hat eng besonnesch laang gezunne Bunn an dierft aus der Oort Wollek stamen. Hie wäert eréischt a 75.000 Joer nees no bei ons Äerd kommen.

Sungrazer (Sonnesträifer)

[änneren | Quelltext änneren]

Sonnesträifer sinn eng Koméitegrupp, déi der Sonn extreem no kommen oder sech souguer duerch d'Sonnekorona beweegen. De gréissten Deel vun de Sungrazer gehéiert zu der Kreutz-Grupp. Duerch d'Sonnesond SOHO konnten iwwer 1000 däraarteg Koméite fotograféiert ginn. No Schätzunge gëtt et iwwer 200.000 Objete. Duerch déi staark Gezäitekraafte vun der Sonn ginn d'Sungrazer dacks auserneegerappt. Déi meescht Sonnesträifer sinn dohier kleng Brochstécker mat engem Duerchmiesser vu 10 m a manner. Den opfällege Koméit Ikeya-Seki konnt zwar bei Dagesliicht gesi ginn, säin Duerchmiesser gouf op e puer Kilometer geschat.

Äerdno Koméiten

[änneren | Quelltext änneren]

Well Koméitekäre typescherweis Duerchmiesser vun 1 bis 100 Kilometer grouss sinn,[2] wier den Impakt vun engem Koméit mat der Äerd no aller Warscheinlechkeet eng global Katastroph, an e Massenausstierwen wier d'Folleg.

Vun den 10.713 (Stand Februar 2014) katalogiséierten äerdnoen Objete sinn 94 Koméite an 10.619 Asteroiden.[3] Domat sinn eppes ënner engem Prozent vun allen Äerdbunnkräizer, déi eng potentiell Kollisiounsgefor sinn, Koméiten. Well beim Stand November 2014 am Ganzen 5253 Koméite bekannt waren,[4] si knapps 2 Prozent vun alle bekannte Koméite Äerdbunnkräizer. Dës Zuelen erlaben awer keng Ofschätzung vun der Warscheinlechkeet mat engem Impakt mat der Äerd. D'Risiko vu Koméiten-Impakten ass generell méi schwiereg anzeschätzen wéi dat vun Asteroiden, well d'Asteroidebunne méi stabil a besser bekannt sinn. Et gëtt respektiv gouf et Entdeckungs-, Iwwerwaachungs- a Risikoofschätzungssystemer, déi souwuel Asteroiden wéi och Koméiten erfaassen (wéi Catalina Sky Survey oder LONEOS) a Systemer, déi nëmmen Asteroiden erfaassen, wéi ATLAS, LINEAR, NEAT oder Sentry.

Bis elo ass kee Koméitenimpakt an der Äerdgeschicht geséchert bestätegt. Am Joer 1978 hat de slowakeschen Astronom Ľubor Kresák d'Thees opgestallt, datt den Tunguska-Event vum Joer 1908 duerch e Fragment vum periodesche Koméit Encke ausgeléist gi wier.[5] Et gëtt ugeholl, datt kleng Koméiten, oder Koméitebrochstécker, winzeg Spueren op der Äerd hannerloossen, well hiert Äis beim Antrëtt an d'Atmosphär verdämpt an hir Gestengsdeeler nach an der Atmosphär verstreet kéinte ginn.[6] Am Joer 2013 hu Fuerscher virgeschloen, datt een an der Libyscher Wüst opgefonnte ongewéinleche Steng aus Libyschem Wüsteglas duerch den Aschlag vun engem Koméit entstane kéint sinn.[7],[8]

Portal Astronomie

  • Andreas Kammerer, Matthias Achternbosch, Mike Kretlow (Hrsg.): Kometen beobachten, Praktische Anleitung für Amateurbeobachter. Sterne und Weltraum Verlag, München 1998, 1999. ISBN 3-87973-924-2
  • John C. Brandt, Robert D. Chapman: Introduction to Comets. University Press, Cambridge ²2004. ISBN 0-521-00466-7
  • Gary W. Kronk: Cometography. A Catalogue of Comets. 2 Bde. University Press, Cambridge 1999-2003. ISBN 0-521-58504-X, ISBN 0-521-58505-8
    • Bd. 1 Ancient - 1799
    • Bd. 2 1800 - 1899
  • S. V. M. Clube, W. M. Napier, M. E. Bailey: The Origin of Comets. Pergamon Press, Oxford 1990. ISBN 0-08-034858-0
  • S. B. Charnley, S.D. Rodgers, Y.-J. Kuan, H.-C. Huang: Biomolecules in the Interstellar Medium and in Comets. Advances in Space Research. 2001 (astro-ph). (PDF, Diskussion über den Ursprung der nachgewiesenen organischen Moleküle)
Commons: Koméiten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Martha S. Hanner: The Mineralogy of Cometary Dust: in: Thomas Henning: Astromineralogy. Springer, Berlin 2003, ISBN 3-540-44323-1, S. 171 ff.
  2. Alfred Weigert, Heinrich J. Wendker, Lutz Wisotzki: Astronomie und Astrophysik: Ein Grundkurs. John Wiley & Sons, 2012.
  3. NEO Discovery Statistics, ofgeruff den 23. Februar 2014
  4. Johnston, Robert (20. November 2014): Known populations of solar system objects: November 2014, ofgeruff den 12. Dezember 2014
  5. Kresák, Ľubor. (1978). The Tunguska object – A fragment of Comet Encke. Astronomical Institutes of Czechoslovakia '29: 129. Bibcode:1978BAICz..29..129K
  6. First Evidence Found of a Comet Strike on Earth, Andrew Fazekas, National Geographic, 11. Oktober 2013
  7. Jan Kramers, David Block, Marco Andreoli (2013): First ever evidence of a comet striking Earth. Wits University.
  8. Jan D. Kramers et al.: Unique chemistry of a diamond-bearing pebble from the Libyan Desert Glass strewnfield, SW Egypt: Evidence for a shocked comet fragment, Earth and Planetary Science Letters 382, S. 21-31, 15. November 2013.