Nikloskierfecht
Platanenallee um Nikloskierfecht | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lampertsbierg |
Adress | Rue Nico Klopp |
Fläch | 13,9916 ha |
Ugeluecht | 1780 |
Koordinaten |
49° 36’ 58.80’’ N 06° 07’ 06.40’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof) läit am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass dee gréisste vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm „Nikloskierfecht“ kënnt dohier, well 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuittekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf[1]. Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle Unserer Lieben Frau, Chapelle Notre-Dame)[2]. Sou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaags net méi geleefeg däitsch Bezeechnung „Liebfrauenfriedhof“.
Den neien „Nikloskierfecht“ war am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht dee schonn zanter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Verurteelt, déi keng Verbriecher waren (z. B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwéi Gäert si bei den „ale“ Kierfecht derbäikomm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter[2].
Monumenter um Kierfecht
[änneren | Quelltext änneren]Um Nikloskierfecht gëtt et zwee grouss Monumenter:
- d'Monument vun der Resistenz an der Deportatioun, offiziell Monument national de la résistance et de la déportation, meeschtens einfach "Hinzerter Kräiz" genannt
- de Mausoleum vun de franséischen Zaldoten déi am Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg gefall sinn.
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]- Mathias Adam
- Léon Berchem
- Sophie de Bette
- Pierre Blanc
- Martin Blum
- Victor Bodson
- Melchior Bourg-Gemen
- Thomas Byrne
- Pol Clemen
- Pierre Clomes
- François-Charles Collin
- Gérard Cravatte
- Jules van Damme
- Gaston Diderich
- Adolphe Eberhard
- Michel Engels
- Victor Engels
- Familljegraf Eydt-Funck (Jean-François Eydt, Pierre Funck a Paul Funck)
- Paul Eyschen
- Jean-Baptiste Fallize
- Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
- Jean-Baptiste Gellé
- Therese Glaesener-Hartmann
- Willy Goergen
- Bernard Graf
- Bernard Groethuysen
- Nicolas Hemmen
- Ferdinand d'Huart
- Michel Hülsemann
- Antoine Jans
- Joseph Junck
- Auguste Klein
- Alphonse Kemp
- Jemp Ker
- Evrard Ketten
- Ernst Koch
- William J. Kroll
- Eugène Kurth
- Guillaume Lefèvre
- Michel Lentz
- Jean Logeling
- Edouard Luja
- Jean Pierre Maeysz
- Nicolas Majerus
- Fernand Mertens
- Metz-Familljegraf
- Léon Moulin
- Edmond Patzké
- Antoine a Anne Pescatore-Feltz
- Ferdinand a Marie Joséphine Pescatore
- Charles-Auguste Praum
- Léopold Reichling
- Michel Rodange
- François Roeser
- Eugène Ruppert
- François Scheffer
- Paul de Scherff
- Étienne Schmit
- Charles Schmitz
- Jean Schoenberg
- Nicolas Steffen-Pierret
- Michel Stoffel
- Joseph-Germain Strock
- Gaston Thorn
- Ernest Vander Linden
- Wilhelm Voigt (den "Hauptmann vu Köpenick")
- Jupp Wagner
- Albert Jean-Marie Baron Keucker de Watlet
- Batty Weber
- Paul Weber
- Nik Welter
- Lucien Wercollier
- Pierre Werner
- Auguste van Werveke
- Jacques Wester
- Guillaume Weydert
- Édouard Wolff
- Henri Woquier
- Jean Worré
- Jean-Antoine Zinnen
D'Lag vun enger Partie prominente Griewer kann op enger Onlinekaart op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt ginn (kuckt Um Spaweck, hei drënner).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kartheiser, R. 1973. Den Nikloskierfech. In: Die Warte. Luxembourg. - Année 26(1973), n° 25(04.10.), p. [4] ; n° 27(18.10.), p. [4] ; n° 28(25.10.), p. [4] ; n° 29(08.11.), p. [4].[1]
Fotoalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
Graf vum Hauptmann von Köpenick.
-
Graf vum Paul Eyschen (1841-1915).
-
Graf vum Lucien Wercollier (1908-2002).
-
Gebai wou d'Zeremonien ofgehale ginn. Vir am Bild: d'Graf vum Lucien Wercollier.
-
Graf vum Victor Bodson (1902-1984)
-
Platanenallee bei d'Gebai fir d'Zeremonien.
-
Beim Agank stoung bis zum Ufank vun den Aarbechte fir den Tram dës Erënnerungsplackett un déi éischt Glaciskapell (1628-1796)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nikloskierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Traditioun a Geschicht vum intressanteste Stater Kierfecht, Reportage op rtl.lu den 1. November 2018
- Tombes remarquables au cimetière Notre-Dame (fr) op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg