Chronologie vu Paräis
Ausgesinn
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräis.
Dës Chronologie vu Paräis soll en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Elementer vun der Geschicht vun der franséischer Haaptstad Paräis bidden.
Virgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 40000 v. Chr.: Éischt Unzeeche vun enger mënschlecher Presenz um Site vu Paräis.
- 4200 v. Chr.: Unzeeche vun enger permanenter Habitatioun zu Paräis. Bei Ausgruewungen zu Bercy am Joer 1991 goufen ënner anerem e Bou a Geschier fonnt.
Antiquitéit
[änneren | Quelltext änneren]- Ëm 100 v. Chr.: Éischt Goldmënze vun de Parisii.
- Mee 52 v. Chr.: Schluecht vu Lutezia. Victoire vum Labienus, Lieutenant vum Julius Cäsar, iwwer d'Senonen an d'Parisii. D'Parisii hunn op dësem Site zanter e puer Joerhonnerte gelieft. D'Gallier hu beschloss, léiwer hir Brécken ze zerstéieren an hir "Stad" selwer a Flamen ze setzen, wéi d'Réimer eranzeloossen. De Brand vu Lutezia huet de Réimer erméiglecht, der Stad zimmlech séier eng réimesch Struktur ze ginn, ausserdeem war mat siwen Hiwwelen an engem Floss d'Parallel mat Roum zimmlech einfach.
- Tëscht 14 a 37: D'Naute vu Lutezia bauen eng Kolonn zu Éiere vum Gott Jupiter: et ass de berüümte « Pilier des Nautes » deen ënner de Fëllementer vun der Notre-Dame fonnt gouf.
- Tëscht 50 an 100: De Forum vu Lutezia gëtt gebaut.
- 65-66: Äisege Wanter.
- Tëscht 100 an 200: Zu Lutezia ginn dräi Therme gebaut, déi duerch en Aqueduc vu 16 km laanscht d'Bièvre versuergt ginn, en Amphitheater mat 17.000 an en Theater mat 3.000 Plazen.
- Ëm 250: Den éischte Bëschof vu Lutezia, den Saint Denis, stierft als Märtyrer. Hie war ee vun de siwe Bëscheef déi a Gallien geschéckt goufen, fir d'Land z'evangeliséieren. D'Succèsen hunn den Haass vun den Heide provozéiert, déi hien um Hiwwel vu Montmartre gekäppt hunn. Der Legend no huet den hellegen Denis du säi Kapp a seng Hänn geholl, wat zu der klassescher Representatioun vum Patréiner vu Frankräich ginn ass.
- 275 oder 276: D'lénkst Ufer vu Lutezia gëtt vu Germane geplëmmt.
- 291-292: Ganz äisege Wanter, d'Seine ass zougefruer.
- Ëm 300: Aus Lutezia gëtt Paräis.
- Ëm 308: Ronderëm d'île de la Cité gëtt eng Mauer gebaut, fir sech virun de Germanen ze schützen.
- Mäerz 346: No 20 Deeg Reen ouni Paus kënnt et zu Iwwerschwemmungen.
- 360: Konzil zu Paräis iwwer den Arianismus. Dës "barbaresch" reliéis Beweegung erkennt weeder d'Divinitéit vu Christus nach d'Autoritéit vum Poopst. Den Arianismus huet sech duerch d'barbaresch Invasiounen an Europa verbreet. Paräis gëtt, nach méi wéi Roum, zu der Stad déi am stäerkste géint den Arianismus virgeet, a bleift dem réimesche Christianismus, dem Katholizismus, trei.
- Ëm 385: Den hellege Martin kënnt op Paräis an heelt Leprakranker bei der Nordpaart mat enger Bees am sengem Seegen.
- November 397: « Été de Saint-Martin » vum 8. bis 11. November: « les roses refleurissent ».
- 451: Den Attila a seng Hunne sti virun de Paarte vu Paräis. D'Helleg Geneviève (422-502) kann d'Paräisser dovun iwwerzeegen, an der Stad ze bleiwen. Den Attila verschount Paräis a mécht sech op de Wee Richtung Orléans.
- 464: Blocus vu Paräis duerch de Frankekinnek Childéric I.
- Ëm 475: Eng Basilika gëtt um Graf vum hellegen Denis gebaut.
- 486: D'Helleg Geneviève hëlt Verhandlunge mam Clovis iwwer d'Soumissioun vu Paräis op. De Clovis huet grad eng grouss Schluecht géint de Réimer Syagrius gewonnen, mä d'Helleg Geneviève verbitt him, op Paräis ze kommen. Hie belagert d'Stad wou kuerz drop d'Liewensmëttel knapps ginn. D'Helleg Geneviève organiséiert de Ravitaillement an de Clovis hieft d'Belagerung op. Dës gespaante Situatioun tëscht Paräis an dem Clovis dauert nach 10 Joer. Paräis ass zu där Zäit eng kleng kathoulesch Insel an engem Ozean dee vum Arianismus dominéiert gëtt, an d'Helleg Geneviève wëll net datt all Strécker mam Clovis räissen, deen zwar e Barbar ass, awer keen arianistesche Kinnek. D'Néierlag vum Syagrius, « le dernier des Romains », steet als Paräisser Zäsur tëscht Antiquitéit a Mëttelalter, oder éischter der Spéitantiquitéit.
Mëttelalter
[änneren | Quelltext änneren]Fréimëttelalter
[änneren | Quelltext änneren]- 496 oder 498: D'Konversioun vum Clovis zum Katholizusmus gëtt gutt zu Paräis opgeholl, an d'Stad mécht hir Dieren op.
- 3. Januar500 oder 502: † Helleg Geneviève: Si gëtt um « Bierg » begruewen, deen hiren Numm dréit. De Clovis léisst d'Basilika vun den hellegen Apostele bauen, déi méi spéit op Basilika Sainte-Geneviève ëmgedeeft gëtt.
- 508: De Clovis mécht Paräis zu der Haaptstad vu sengem Kinnekräich.
- Ëm 540: D'Kathedral Saint-Étienne gëtt gebaut, déi méi spéit Notre Dame
- 577: De Chilpéric léisst de réimeschen Amphitheater reparéieren, a Spektakele ginn opgefouert.
- 582: De Chilpéric zwéngt eng grouss Zuel vu Paräisser Judden, zum Katholizismus ze konvertéieren.
- Februar 583: Éischt wichtegt Héichwaasser vun der Seine dat ernimmt gëtt.
- 583-584: Mëlle Wanter, an Januar bléie Rousen.
- 585: Grousse Brand op der île de la Cité. Nëmmen der Kathedral ass näischt geschitt.
- 10. Oktober 614: Konzil iwwer d'Fräiheet vun de Bëschofswalen an iwwer d'Juridiktioun vun de Bëscheef iwwer de Klerus. Zanter dem Konzil vu Clermont goufen d'Bëscheef scho vum Klerus a vum Vollek gewielt.
- 654: † Bëschof Landry, deen als Grënner vum Hôtel-Dieu (ëm 651) ugeholl gëtt.
- 28. Juli 754: Peepstlech Salbung vum Pippin dem Kuerzen, dem Carloman an dem Karel dem Groussen duerch de Poopst Stephan II. an der Abtei vu Saint-Denis. D'Abtei krut ausserdeem de Privileeg all Joer eng Foire däerfen ofzehalen.
- 763-764: Ganz béise Wanter, d'Seine zu ganz Paräis ass zougefruer.
- 820: Déi eelst Strooss vu Paräis gëtt ernimmt, d'rue Saint-Germain.
- 28. Mäerz 845: D'Normanne stinn eng éischt Kéier virun de Mauere vu Paräis, un der Spëtzt vun 120 Wikingerschëffer fir 6.000 Männer steet den Dän Ragnar Logrok: De Charles de Plakkapp iwwerweist 7 000 Sëlwerlivres fir datt si nees verschwannen.
- 845: Hongersnout.
- 28. Dezember 856: Zweeten normanneschen Iwwerfall: Paräis geet a Flamen op.
- 12. Juni 857: Op en Neits en normanneschen Iwwerfall. All d'Kierche bis op Saint-Germain-des-Prés a Saint-Denis, déi vill Sue bezuelt hunn.
- 3. Abrëll 858: D'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt vun den Normannen ageholl.
- 861: Iwwerfall vun den Normannen, d'Stad an d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés ginn a Flamen op.
- 869: Iwwerfall vun den Normannen, d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt geplëmmt.
- 870: Fir Paräis besser virun den Normannen ze schütze ginn de Grand-Pont an de Petit-Pont gebaut.
- 24. November 885: Neien Iwwerfall vun den Normannen op Paräis mat 700 Schëffer.
- 28. November 885: No véier Deeg mussen d'Normannen e Lager opbauen, fir d'Stad besser belageren ze kënnen. Bei der Belagerung vu Paräis hunn d'Normanne vill Schued ronderëm d'Stad ugeriicht an och probéiert Paräis selwer unzegräifen.
- 6. Februar 886: De Petit-Pont brécht duerch en Héichwaasser zesummen, an d'Normanne kënnen Deeler vu Paräis plëmmen. De groussen Deel vun den Truppen huet d'Belagerung weidergefouert.
- September 886: De Keeser Charles den Décke kënnt op Paräis a bezillt 700 Livres fir datt d'Normannen d'Belagerung ophiewen. Ausserdeem erlaabt hien hinnen, weider an d'Bourgogne ze zéien, déi nach net komplett ënnerworf ass. D'Paräisser si mat dësem Accord net averstanen.
- Mee 887: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mä si kommen net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
- Juni-Juli 889: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mä si kommen op en Neits net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
- Wanter974-975: Battere Wanter, nach am Mee fält Schnéi.
- Oktober 978: De Keeser Otto II. belagert Paräis. Den Hugues Capet verhënnert datt hien iwwer de Floss kënnt. Den 30. November gëtt d'Belagerung opgehuewen.
11. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1007: Den Titel Grof vu Paräis verschwënnt nees, d'Grofschaft, déi 480 amplaz vun der réimescher civitas an d'Liewe geruff gi war, fält un d'Monarchie.
- 1021: Studente kommen op Paräis fir d'Coursë vum Chapitre vun Notre-Dame ze verfollegen.
- 1021 - 1029: Chronesch Hongersnout mat Fäll vu Kannibalismus an de leschten dräi Joer.
- 1031 - 1040: Chronesch Hongersnout, déi laut dem Rodulfus Glaber souwuel Aarm wéi Räich betraff huet.
- 1037: Brand zu Paräis.
- 1074: Konzil zu Paräis iwwer d'Zölibat vun de Paschtéier.
- 1076 - 1077: Schlëmmen a laange Wanter vum 1. November bis zum 15. Abrëll.
- 1100: Ufank vum Enseignement vum Pierre Abélard.
12. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1103: Nominatioun vum Guillaume vu Champeaux als "Schoulmeeschter" (écolâtre) zu Paräis. Säin Enseignement huet en enorme Prestige an der Schoul vun Notre-Drame.
- 1105: Epidemie zu Paräis, warscheinlech d'Gripp.
- 12. Mäerz 1111: D'Paräisser bleiwen dem Kinnek trei a verhënneren datt de Robert vu Meulan d'Stad anhëlt.
- 1112: Paräis ka sech als Haaptstad vun de Kapetenger géint Orléans duerchsetzen.
- 1117: Kastratioun vum Abélard op den Uerder vum Kanoniker Fulbert, Monni vun der Héloïse.
- Ëm 1120: Installatioun vun de Schoulmeeschteren an de Schüler op der Montagne Sainte-Geneviève; d'Schoul vun Notre-Dame war ze kleng ginn.
- 1129: Ergotismus-Epidemie.
- 3. November 1130: « Miracle des Ardents »: D'Epidemie hält no enger Pressioun vun de Reliquië vun der helleger Geneviève op.
- 2. Oktober 1131: † Philippe, eelste Jong vum Kinnek Louis den Décken, dee vu sengem Päerd erofgehäit gi war, dat duerch e Schwäin erféiert war, wat duerch d'Rue Saint-Jean gelaf ass. No dësem Accident ass et verbueden, d'Schwäin an de Stroosse lafen ze loossen.
- 1132: De Bëschof vu Paräis verbitt d'Schoul op der Montagne Sainte-Geneviève well et duerch d'Unzuel vu Studenten ëmmer zu Onroue komm ass.
- 1132: Brand zu Paräis.
- 1137: Fir de Maart vun der Place de Grève z'ersetzen, gëtt en neie Maart aux Champeaux an d'Liewe geruff, dëst ass d'Originn vun den Halles.
- 1140: Ufank vum Enseignement vum Pierre Lombard an der Schoul vun Notre-Dame.
- Juli 1140: Den Enseignement vum Abélard gëtt vum Konzil vu Sens verurteelt an den Abélard geet op Cluny.
- 1141: Fir d'Wiessler besser z'iwwerwaachen, decidéiert de Kinnek Louis VII. datt kee Wiessel baussent dem Pont au Change däerf gemaach ginn.
- 1148: De Floss Bièvre gëtt vun den Doumhäre vu Saint-Victor ëmgeleet. De Floss fléisst op der Héicht vun der aktueller Rue de Bièvre an d'Seine.
- Wanter 1149-1150: Laange kale Wanter vun Dezember bis Februar.
- 1150: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 50.000 Awunner geschat.
- 1150: De Bernard vu Clairvaux ernimmt déi éischt Wandmillen op der Butte Copeaux.
- 1154: D'Chanoines de Sainte Opportune fänken un d'Mueren tëscht Montmartre an der Stad dréchenzeleeën.
- 1164: Bei der Rekonstruktioun vun der Kathedral gëtt d'Rue Neuve Notre Dame geschaf. Duerch dës Aarbechte gëtt den Hôtel-Dieu zerstéiert, dee südlech vu senger aler Plaz nees opgebaut gëtt.
- 5. Februar 1180: D'Uféierer vun der jiddescher Communautéit vu Paräis gi festgeholl. Si gi vum Philippe Auguste verurteelt, 15.000 Sëlwermarken als Strof ze bezuelen.
- Abrëll 1182: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit. Aus hirer Synagog gëtt d'Kierch La Madeleine.
- 19. Mee 1182: Den Haaptaltor vun der Kathedral Notre-Dame gëtt ageweit.
- 1186: Op en Uerder vum Philippe-Auguste kréien d'Haaptstroosse vu Paräis e Pavé.
- 1188 - 1190: Chronesch Hongersnout.
- 1190 - 1220: De Philippe Auguste léisst eng nei Festungsmauer zu Paräis bauen.
- 3. Abrëll 1194: An der Schluecht vu Freteval ginn d'kinneklech Archiver verluer. De Philippe-Auguste decidéiert alles an zwéin Exemplairen opzehiewen, wouvun een obligatoresch zu Paräis versuergt muss ginn.
- 1194: Hongersnout.
- 1196: Héichwaasser vun der Seine.
- 1196 - 1197: Hongersnout.
- Mäerz 1197: Héichwaasser vun der Seine wat d'Paräisser Brécke matrappt.
- 1198: D'Judde kommen nees op Paräis zeréck ënner der Konditioun vill Steieren ze bezuelen.
- 1198: En éischt Klouschter gëtt zu Saint-Antoine-des-Champs gegrënnt.
- Ëm 1200: Éischt Zeeche fir d'Identifikatioun vu Privathaiser z'erméiglechen.
- 1200: Tëscht de Studenten an den Truppe vum Prévôt vu Paräis, 5 Doudeger. De Philippe-Auguste gëtt de Studente Recht a confirméiert de Privileeg vun de Schoulmeeschter a Studenten, datt si nëmme vun der Justiz vum Bëschof ofhängeg sinn. Et ass den Ufank vun der Universitéit.
13. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1202: De Palais du Louvre gëtt fäerdeggestallt.
- Dezember 1206: Héichwaasser vun der Seine, vill Haiser ginn zerstéiert.
- 1210: De Poopst Innozenz III. erlaabt de Meeschtere vun der Universitéit, sech als Korporatioun zesummenzedinn.
- 1210: D'Heresie vun den Unhänger vum Amaury vu Chartres gëtt verurteelt. Si gi verbrannt well si d'Studium vun der Metaphysik vum Aristoteles ze wäit gedriwwen hunn.
- 27. August 1214: De Philippe-Auguste gëtt no der Schluecht vu Bouvines feierlech zu Paräis empfaangen.
- August 1215: De Robert vu Courson mécht en Don vu senge Statuter un d'Universitéit vu Paräis.
- 1220: D'Festungsmauer vum Philippe-Auguste, déi 273 Hektar beschützt, gëtt fäerdeg.
- 1221: Héichwaasser vun der Seine an Hongersnout.
- 1224-1225: Laange Wanter vum 9. Oktober bis zum 25. Abrëll. Grouss Epidemie an Europa an zu Paräis.
- 1225: D'Paräisser Studente ginn onroueg nodeem de Legat vum Poopst d'Sigel vun der Universitéit, wat si 1221 kritt hat, zerstéiert. Zwee Männer vum Legat kommen ëm d'Liewen.
- 26. Februar 1229: Fir d'Fuesent kënnt zu neien Onrouen tëscht de Studenten an de Männer vum Prévôt vu Paräis.
- 15. Abrëll 1229: Nom Sträit vum 26. Februar verloosse vill Schoulmeeschter a Studente Paräis fir Oxford a Cambridge.
- 13. Abrëll 1231: Enn vum Konflikt vun der Universitéit mat der Bulle Parens scientiarum déi d'Studenten zum Klerus zielt.
- Ëm 1240: Op en Uerder vum Guillaume vun der Auvergne ginn d'Klacken duerch Auere gereegelt.
- 1246: Finanziell a juristesch Autonomie vun der Universitéit vu Paräis, déi hiert eegent Sigel kritt.
- 1248: D'Helleg Bonaventura léiert op der Universitéit vu Paräis.
- 26. Abrëll 1248: Konsekratioun vun der Sainte-Chapelle.
- Ëm 1250: Konstruktioun vun der Cura Regis (Parlament) mat den éischte reng juristesche Sessiounen. D'Paräisser Parlament ass keng lokal, mä eng national Institutioun, déi och vun der Picardie bis an d'Auvergne, vun de Pays de Loire bis an d'Champagne geet.
- 1252: Den Thomas vun Aquin léiert op der Universitéit vu Paräis.
- 1254: Den Hospice des Quinze-Vingt, deen 300 Blanner versuerge soll, gëtt vum Saint-Louis.
- 1254: Zu Paräis kënnt en Elefant un, deen de Saint-Louis dem Henry III. vun England schenkt.
- Ëm 1255: De Greffier vum Parlament, de Jean de Montmartre, mécht seng éischt Registeren op, d'Olim.
- 1. September 1257: De Robert de Sorbon mécht e Kolléischt op, d'méi spéit Sorbonne.
- 1261: De Prévôt vu Paräis gëtt zu engem einfache kinnekleche Fonctionnaire.
- 1268: Kompilatioun vum Livre des Métiers vum kinnekleche Prévôt Étienne Boileau, deen d'Statuter vun 132 Beruffer ernimmt.
- 1292: Publikatioun vum Livre de taille, engem steierlechen Dokument wat 300 Stroossen erfaasst.
- 1292: Héichpunkt vun der Universitéit vu Paräis, déi vum Poopst d'Recht kritt, d'ganzt Chrëschtentum z'ënnerriichten.
- 21. Dezember 1296: Héichwaasser vun der Seine.
- 1299: Fir d'éischt Kéier gëtt d'Konstruktioun vun enger Auer zu Paräis ernimmt.
- 1300: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 150.000-200.000 Awunner geschat.
- Ëm 1300: Et gesäit een éischt Enseigne fir Aubergen an Hôteller z'identifizéieren.
- Ëm 1300: Éischt Lëscht vun de Stroossennimm vu Paräis am Dit des rues de Paris.
14. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Mäerz 1302: Reunioun vun de Generalstänn an der Notre-Dame vun de Fransousen déi d'Langue d'oïl schwätzen, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
- 13. Juni 1303: Op en Neits eng Reunioun vun de Generalstänn, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
- 1304: D'Wiessler ginn um Grand-Pont installéiert, deen elo den Numm Pont au Change kritt.
- 1305: Wéinst Aarbechten um Pont au Change, maachen d'Wiessler hir Aarbecht um rietsen Ufer beim Châtelet. Bis dohin hu si déi verschidden europäesch Wärunge gewiesselt, lues a lues fänke si och un, Suen ze léinen. Dës Zort vu Wiessler gëtt Lombards genannt.
- 21. Juni 1306: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit an hire Besëtz gëtt konfiszéiert.
- 30. Dezember 1306: Opstand vun der Bevëlkerung well den Hauszëns an d'Luucht gaangen ass.
- 5. Januar 1307: 28 Manifestanten, déi géint d'Erhéijung vun de Loyersë protestéiert hunn, ginn erhaangen.
- 1307: D'Paräisser Parlament gëtt zu enger permanenter Institutioun fir d'kinneklech Justiz a leschter Instanz. Nëmmen de Conseil du Roi kann dës Urteeler revidéieren.
- 13. Oktober 1307: D'Templer gi festgeholl.
- Juni 1310: D'Mystikerin Marguerite Porete gëtt op der Place de Grève fir hiert Buch Le Miroir des âmes simples et anéanties verbrannt.
- 1311: D'Langobarde ginn erausgehäit.
- 1313: En éischte Quai gëtt tëscht dem Klouschter Grands Augustins an dem Hôtel de Nesle gebaut.
- 13. Juni 1313: Op en Neits Reunioun vun de Generalstänn an der Notre-Dame vun de Fransousen déi d'Langue d'oïl schwätzen, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
- 19. Mäerz 1314: D'Templer, ënner hinnen de Jacques de Molay, ginn op der Île de la Cité verbrannt.
- Juli 1315: D'Judden däerfen nees zeréck op Paräis kommen.
- Wanter 1315-1316: Kale laange Wanter vum Dezember bis Päischten, et kënnt zu enger Hongersnout an d'Seine ass zougefruer.
- 1320: D'Paräisser Bevëlkerung gëtt op 250.000 Awunner geschat.
- Dezember 1320: D'Parlament gëtt an dräi Kummeren opgedeelt: Grand-Chambre, Chambre des enquêtes et Chambre des requêtes:
- 1322: De Prévôt vu Paräis erlaabt d'Nuetsaarbecht.
- 1323: Éischten touristesche Guide iwwer Paräis vum Jean de Jandun.
- Februar 1328: Déidlech Epidemie zu Paräis.
- 1345: No 182 Joer gëtt d'Notre-Dame fäerdeggestallt.
- August 1348: Schwaarz Pescht zu Paräis.
- 1348: Kinnekleche Verbuet, d'Stroossen nom Reen ze kieren, fir datt manner Knascht an d'Seine kënnt, wat d'Haaptdrénkwaasser vun de Paräisser ass.
- Mee 1349: De kinnekleche Conseil verléisst Paräis um Héichpunkt vun der Pescht.
- 7. Juli 1357: Den Étienne Marcel, Prévôt des marchands zanter 1355, keeft d'Maison aux piliers op der Place de Grève fir d'Municipalitéit hei z'installéieren.
- 24. Januar 1358: Den Tresorier vum Dauphin, de Jean Baillet, gëtt vum Wiessler Marc Perrin ëmbruecht.
- 22. Februar 1358: D'Paräisser ënner dem Étienne Marcel stiermen de Palais de la Cité. Den Étienne Marcel dreemt dovun, Paräis en autonome Status ze ginn.
- 24. Februar 1358: Den Dauphin versprécht, datt hien d'Grouss Ordonnance respektéiere wäert, a véier Paräisser Bierger, ënner hinnen den Étienne Marcel, kommen a säi Conseil.
- 4. Mee 1358: De Kinnek vun Navarra Charles II. de Schlechten kënnt op Paräis.
- 14. Mee 1358: Edikt vum Vermandois vum Dauphin dee Paräis belagert.
- 10. Juni 1358: Enn vun der Jacquerie vun de Bauere vum Beauvaisis déi den Étienne Marcel ënnerstëtzt hat.
- 11. Juli 1358: D'Paräisser probéieren aus der belagerter Stad erauszekommen, mä ginn zu Bercy ugehalen.
- 19. Juli 1358: D'Belagerung gëtt vum Dauphin wéinst engem Manktem u Suen nees opgehuewen.
- 21. Juli 1358: Kläpperei tëscht Paräisser an Englänner, eng 30 Englänner kommen ëm d'Liewen.
- 22. Juli 1358: Expeditioun vu Paräisser fir d'Englänner vu Saint-Cloud a Saint-Denis ze verdreiwen, mä ouni Succès, d'Paräisser gi massakréiert.
- 31. Juli 1358: Tentative vum Étienne Marcel fir d'Dire vun der Stad fir d'englesch Sëldner an de Kinnek vun Navarra opzemaachen. Hie gëtt bei der Bastide Saint-Antoine vu Leit vum Dauphin ëmbruecht.
- 2. August 1358: Triumphal Entrée vum Dauphin, zukünftege Charles V. le Sage, zu Paräis.
- 10. August 1358: Nodeem e puer Unhänger vum Étienne Marcel higeriicht goufen, gëtt eng Amnestie ausgeruff.
- 13. Mee 1360: Eng Konventioun tëscht de Bierger vu Paräis an den Englänner gëtt ënnerschriwwe fir 10 Befestegungsanlagen zeréckzekafen, déi d'Kommunikatiounen an de Ravitaillement vun der Stad genéieren.
- 1360 - 1363: Peschtepidemie.
- 1364: De Charles V gëtt zum Kinnek vu Frankräich gekréint. Hie verléisst den Hôtel Saint-Pol am Marais, an installéiert sech am Louvre, deen hie renovéiere léisst.
- 1365: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 275.000 Awunner geschat.
- 1366 - 1369: Peschtepidemie.
- 1368: D'Bièvre gëtt op en Neits ëmgeleed a fléisst op der Héicht vun den Tournelles an d'Seine.
- 1370: No enger kinneklecher Ordonnance lauden d'Kiercheklacken d'Stonnen an d'Véirelstonnen no der Zäit vun der Auer vum Henri de Vic am Palais de la Cité.
- 22. Abrëll 1370: Den éischte Stee fir d'Bastille gëtt geluecht.
- 1372: D'Jeanne Daubenton, aktive Member vum Libre-Esprit, gëtt op der Place de Grève verbrannt.
- 1373: Héichwaasser vun der Seine.
- 1374: Peschtepidemie.
- 1374: D'Paräisser mussen obligatoresch an hire Logementer privat Latrinnen installéieren, fir datt d'Stroosse propper bleiwen.
- 1378: De Pont Saint-Michel, dee fir d'éischt Pont Neuf geheescht huet, gëtt gebaut.
- 1379 - 1380: Peschtepidemie.
- 1380: D'Aarbechte vun der Festungsmauer vum Charles V., déi 439 Hektar beschützt, si fäerdeg.
- 1382: Peschtepidemie.
- 1392: Zu Paräis gëtt et aacht Säll fir de Jeu de paume.
- 1395: D'Nuetsaarbecht (erlaabt zanter 1322) gëtt nees verbueden.
- 22. Januar 1397: Ordonnance vum Prévôt vu Paräis, déi widderhëlt, datt de Jeu de paume verbueden ass.
- 22. Juni 1397: De Prévôt vu Paräis verbitt de Jeu de Paume all Dag ausser Sondes, « parce que plusieurs gens de métier et autres du petit peuple quittaient leur ouvrage et leur famille pendant les jours ouvrables, ce qui était fort préjudiciable pour le bon ordre public ».
- 1399 - 1401: Peschtepidemie.
15. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1407 - 1408: Kale laange Wanter vum 10. November bis 10. Abrëll, d'Seine ass zougefruer an d'Liewensmëttel gi knapps.
- 1413: Revolt vun de Cabochiens.
- 1419 - 1420: Laange kale Wanter mat vill Schnéi. Wëllef zu Paräis.
Neizäit
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Abrëll 1521: D'Theorië vum Luther gi vun der Sorbonne verurteelt.
- Dezember 1531: Peschtepidemie.
- 17. - 18. Oktober 1534: Affär vun de Placards.
- 29. Juli 1538: Explosioun vun der Tour de La Forge, eng Polverreserv.
- 22. Abrëll 1547: Den éischten Holzzuch kënnt zu Paräis iwwer d'Seine un.
- 30. August 1548: Den éischte permanenten Theater gëtt am Hôtel de Bourgogne ageweit.
- 1553: D'Italiener brénge Sorbetsë mat op Paräis.
- 4. - 5. September: Opstand vun de Paräisser Katholicke géint d'Reform.
- 25. Mee 1559: Éischte calvinistesche Synod an der Rue des Marais.
- 23. - 24. August 1572: Baartelméisnuecht.
- 1587: Kreatioun vun engem arabesche Stull am Collège de France.
- 1588: « Dag vun de Barrikaden », Ufank vun der Paräisser Liga.
- 1590: Belagerung vu Paräis duerch den Henri IV.; 100 000 Doudeger.
- 3. Januar 1591: « Journée des farines », Versuch vum Henri IV. a Paräis eranzekommen.
- 22. Mäerz 1594: Den Henri IV. kënnt a Paräis eran.
- 1594: D'Bäll, déi fir de Jeu de paume zu Paräis hiergestallt goufen, däerfen d'Stad net verloossen.
- 14. Mee 1610: Den Henri IV. gëtt an der Rue de la ferronnerie ëmbruecht.
- 1615 - 1616: Äisege Wanter. D'Seine ass vum 1. bis 30. Januar zougefruer.
- 1628: Publikatioun vun der éischter Etüd zu der Paräisser Ëmgangssprooch.
- 30. Mee 1631: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung La Gazette de France.
- 1636: Den Téi gëtt zu Paräis agefouert.
- 1643: Dat éischt Geschäft fir Kaffi geet zu Paräis op, ka sech awer net duerchsetzen.
- 27. August 1648: « Dag vun de Barrikaden ».
- 15. Mee 1651: Déi éischt modern Päerdscourse gëtt zu Paräis organiséiert.
- 27. Februar 1658: Héchsten Héichwaasser vun der Seine matc 8,96 m.
- 1617-1676: De Kinnek Louis XIII. léisst eng nei Enceinte bauen.
- 1708-1709: Äisege Wanter. Den 13. Januar ginn zu Paräis -23,1 °C gemooss. 10 Deeg laang falen d'Temperaturen ënner -10 °C, de Rekord läit bei -26 °C.
- 26. Dezember 1740: Héichwaasser vun der Seine mat 8,05 m.
- 1775-1776: Äisege Wanter zu Paräis, d'Seine ass zougefruer an et gëtt e Rekord vu -17,2 °C den 29. Januar gemooss.
- 21. November 1783: Éischte Vol vun engem Mënsch an engem Ballon duerch de Fransous Pilatre de Rosier. Dësen éischte Vol iwwer Paräis dauert 28 Minutten a flitt 1.000 Meter héich.
- 1783-1784. Äisege Wanter, et ass wärend 69 Deeg zu Paräis gefruer an d'Rekordtemperatur läit bei -19,1 °C. D'Seine ass fir zwéi Méint zougefruer.
- 1785: Mauer vun de Fermiers généraux
- 1788-1789: Äisege Wanter, d'Seine ass vun November bis Januar zougefruer, d'Rekordtemperatur läit bei 21,8C°.
Franséisch Revolutioun
[änneren | Quelltext änneren]- 14. Juli 1789: Stuerm op d'Bastille
- 6. Oktober 1789: De Louis XVI. gëtt am Palais des Tuileries ënnerbruecht.
- 1794-1795: Äisege Wanter mat enger Rekordtemperatur vu -23,5 °C den 23. Januar.
- 22. September 1796: Um Champs de Mars gëtt d'« Première Olympique de la République » ofgehalen.
- 1797: Éischte Fallschiermsprong vum Fransous André-Jacques Garnerin deen aus 650 m Héicht iwwer der Plaine Monceau zu Paräis erofspréngt.
Zäitgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]19. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 9. August 1803: D'Dampschëff vum Fulton gëtt op der Seine virgefouert.
- 2. Dezember 1804: Den Napoléon kréint sech selwer an der Notre-Dame zum Keeser.
- 24. Oktober 1806: Inauguratioun vum Pont d'Austerlitz.
- 29. Juli 1807: Dekreet deen d'Paräisser Theateren op 8 reduzéiert.
- 15. August 1810: Inauguratioun vun der éischter Colonne Vendôme.
- 1816: 5 000 Lantere sollen 1 600 Paräisser Stroosse beliichten, an et gëtt vill Plainte well dës Beliichtung vu schlechter Qualitéit ass. Dofir gëtt ëmgestallt op Beliichtung duerch Gas, wat sech schonn zu London duerchgesat huet.
- 8. Juli 1817: D'Aachterbunne ginn am Jardin Beaujon ageweit.
- 1819: D'Paräisser Pomjeeë kréien eng Turnhal.
- Oktober 1824: Inauguratioun vum éischte Seriekonfektiounsgeschäft La belle jardinière vum Pierre Parissot.
- 3. Juni 1825: Éischt Versich vu Beliichtung mat Gas op der Place Vendôme.
- 4. November 1825: Inauguratioun vum Kanal Saint-Martin.
- 30. Januar 1828: Éischt Omnibus-Linnen, déi vu Päerd gezu ginn, fir en ëffentlechen Transport ze garantéieren.
- 1826: D'Libraire vum Louis Hachette gëtt gegrënnt.
- 16. Juli 1826: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Le Figaro.
- 1. Januar 1829: Gasbeliichtung an der Rue de la Paix.
- 15. Oktober 1829: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Le Temps.
- 27.-29. Juli 1830: Opstand zu Paräis géint de Charles X. deen ofgesat gëtt.
- 19. Februar-1. Oktober 1832: Choleraepidemie mat iwwer 18.500 Doudesaffer zu Paräis.
- 1. Juli 1836: Éischt Nummer vun de Paräisser Zeitungen Le Siècle a La Presse.
- 29. Juli 1836: Inauguratioun vum Arc de Triomphe.
- 25. Oktober 1836: Den Obelisk vu Luxor gëtt op der Place de la Concorde opgestallt.
- 26. August 1837: Éischt Eisebunnslinn fir Persoune vu Paräis op Saint-Germain-en-Laye.
- 2. August 1839: D'Eisebunnslinn Paräis-Versailles ass op fir Persounenzich.
- 28. Juli 1840: Inauguratioun vun der Colonne de Juillet op der Place de la Bastille als Undenken un d'Revolutioun vun 1830.
- 15. Dezember 1840: D'Äsche vum Napoléon ginn an d'Invalides bruecht.
- 24. Dezember 1840: D'loutrengesch Traditioun vum Chrëschtbeemche gëtt zu Paräis agefouert.
- 1842: Déi éischt franséisch Zigarette ginn am Quartier Gros-Caillou hiergestallt.
- 4. Mäerz 1843: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung L'Illustration.
- 2. Mee 1843: Eisebunnslinn Paräis-Orléans.
- 3. Mee 1843: Eisebunnslinn Paräis-Rouen.
- 20. Oktober 1843: Éischt Versich vun enger elektrescher Beliichtung op der Place de la Concorde.
- 7. Januar 1846: D'Gare du Nord gëtt fäerdeggestallt.
- 14. Juni 1846: Eisebunnslinn Paräis-Lille.
- Februar-Juni 1848: Opstänn zu Paräis géint d'Monarchie, d'Republik gëtt ausgeruff.
- 1851: Den éischten Deel vun der Eisebunnsstreck, déi d'Petite Ceinture soll ginn, geet op.
- 11. Dezember 1852: Inauguratioun vum Cirque Napoléon, haut Cirque d'hiver.
- 13. Mäerz 1853: Inauguratioun vum Spidol Lariboisière.
- 1. Juni 1853: D'Geschäft Au bon marché gëtt vum Aristide Boucicaut opgemaach.
- 1855: Weltausstellung.
- 19. Mee 1858: D'Gesetz fir d'Grands Travaux zu Paräis gëtt gestëmmt. Si stinn ënner der Autoritéit vum Prefekt vun der Seine, dem Barong Haussmann.
- 1. Januar 1860: 11 Gemengen zielen zanter elo zu Paräis: Auteuil, Passy, Les Batignolles, Montmartre, La Chapelle, La Villette, Belleville, Charonne, Bercy, Vaugirard a Grenelle.
- 6. Oktober 1860: Inauguratioun vum Jardin d'acclimatation.
- 1861: D'Bridder Michaux erfannen d'Pedale. Hiren Atelier ass op de Champs Elysées.
- 1. Februar 1863: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Petit Journal.
- 11. Mee 1865: De Jules Jaluzot grënnt d'Geschäft Au Printemps.
- 1. Juli 1868: Éischt Plakatsaile fir op Spektakelen opmierksam ze maachen.
- 5. Juli 1868: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Le Gaulois.
- 10. Januar 1870: De Journalist Yvan Salmon, genannt Victor Noir, gëtt ëmbruecht.
- 4. September 1870: Manifestatiounen an Ausruffung vun der Republik.
- 19. September 1870 - 1. Mäerz 1871: Belagerung vu Paräis duerch d'Preisen.
- 26. Mäerz - 22. Mee 1871: Commune vu Paräis
- 23. Mee - Juni 1871: D'Versailler Bevëlkerung massakréiert d'Communards.
- 15. Juni 1875: Den éischte Stee fir Sacré-Cœur gëtt geluecht.
- 15. Oktober 1876: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Le Petit Parisien.
- 19. Oktober 1877: Inauguratioun vun der Avenue de l'Opéra.
- 30. Mee 1878: Éischt Versich mat elektrescher Beliichtung an der Avenue de l'Opéra.
- Juli 1879: En Telefonsnetz gëtt opgebaut.
- 1881: D'Grands boulevards kréien eng elektresch Stroossebeliichtung.
- 10. Januar 1882: Inauguratioun vum Musée Grévin.
- 14. Juli 1882: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung L'Auvergnat de Paris.
- Januar 1887: Ufank vun den Aarbechten um Eiffeltuerm.
- 2. Abrëll 1889: Den Eiffeltuerm gëtt fäerdeggestallt.
- 1889: Dat éischt Telefonsbuch fir d'Abonnente vum Departement vun der Seine kënnt eraus.
- 15. Mäerz 1891: Eng eenzeg Zäit fir ganz Frankräich, d'ganzt Land riicht sech no der Paräisser Zäit.
- 2. Juni 1891: Kreatioun vum Pari Mutuel Hippodrome.
- 7. Abrëll 1893: Kreatioun vum Restaurant Maxim's.
- 23. Juni 1894: « Congrès pour le rétablissement des Jeux Olympiques » op der Sorbonne.
- 1895: Inauguratioun vun de Galeries Lafayette (Haussmann).
- 28. Dezember 1895: Éischt publik Kinosséance vun de Bridder Lumière.
- 10. September 1896: Tornado zu Paräis.
- 18. Juli 1897: Inauguratioun vum Parc des Princes.
- 1898: 94 255 Vëloen an 89 Autoe ginn zu Paräis gezielt.
- 26. Oktober 1898: Éischt Verbindung tëscht dem Eiffeltuerm an dem Panthéon duerch den Eugène Ducretet an den Ernest Roger.
- 1900: Weltausstellung an Olympesch Spiller.
- 4. Juli 1900: Inauguratioun vun der Gare d'Orsay.
- 19. Juli 1900: Inauguratioun vun der éischter Metroslinn tëscht Vincennes an der Porte Maillot.
20. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 10. August 1903: Accident bei der Metrosstatioun Couronnes; 80 Doudeger.
- 18. Abrëll 1904: Éischt Nummer vun der sozialistescher (an duerno kommunistescher) Zeitung L'Humanité.
- 25. Mäerz 1907: Kreatioun vum éischte Rond-point fir Autoen, d'Place de l'Étoile.
- 13. September 1909: Déi éisch Einbahnstrooss gëtt geschaf, d'Rue de Mogador.
- 1910: 261 723 Vëloen an 10 800 Autoe ginn zu Paräis gezielt.
- 28. Januar 1910: Héichwaasser vun der Seine.
- 13. Februar 1910: Inauguratioun vum Vélodrome d'Hiver.
- 14. Mee 1910: Éischte Bankiwwerfall zu Paräis wou Autoe benotzt goufen.
- 1912: Éischt Neonsreklammen um Boulevard Montmartre.
- 22. August 1911: D'Mona Lisa gëtt aus dem Louvre geklaut.
- 24. Dezember 1913: Éischte gigantesche Chrëschtbeemchen op de Champs-Élysées.
- 31. Juli 1914: De Jean Jaurès gëtt ëmbruecht.
- 6. September 1914: D'Paräisser Taxië gi benotzt, fir d'Arméi un d'Front ze bréngen; et sinn déi berüümten « Taxis de la Marne ».
- 10. September 1915: Éischt Nummer vun der satirescher Paräisser Zeitung Le Canard enchaîné.
- 30. Juli 1916: Inauguratioun vum Stade Jean Bouin.
- 30. Januar - 11. Mäerz 1918: Bombardementer duerch däitsch Fligeren.
- 23. Mäerz - 16. September 1918: Bombardementer duerch däitsch Fligeren.
- 1919: 50 000 Verkéiersaccidenter ginn zu Paräis gezielt, dovu 34 000 mam Auto.
- 1924: Olympesch Spiller.
- 21. Mee 1927: De Charles Lindbergh gëtt zu Paräis als Held gefeiert, nodeem hien iwwer den Nordatlantik komm ass.
- 29. Juli 1928: Inauguratioun vum Stade Roland Garros.
- 1928: Fir d'Verkéiersaccidenter kleng ze halen, ginn déi éischt Luuchten u Kräizungen opgestallt.
- 6. Februar 1934: Opstand zu Paräis géint d'Korruptioun am Parlament.
- 2. Juni 1934: Inauguratioun vum Zoo vu Vincennes.
- 9. September 1936: Den Henri Langlois grënnt d'Cinémathèque française.
- 15. Mäerz 1937: De leschten Tram fiert zu Paräis.
- 1937: Weltausstellung.
- 3. Juni 1940: Däitsche Bombardement; iwwer 250 Doudeger.
- 10. Juni 1940: De Gouvernement plënnert vu Paräis op Tours, an duerno op Bordeaux.
- 11. November 1940: Studentemanifestatioun op de Champs-Élysées.
- 29. Mee 1942: D'Judde mussen e giele Stär droen.
- 16. - 17. Juli 1942: 13.000 Paräisser Judde gi festgeholl.
- 3. September 1943: Bombardement duerch d'Alliéiert; iwwer 400 Doudeger.
- 21. Abrëll 1944: Bombardement duerch d'Alliéiert; iwwer 600 Doudeger.
- 26. Abrëll 1944: De Pétain ass zanter 1940 nees eng Kéier zu Paräis.
- 19. - 25. August 1944: Befreiung vu Paräis
- 22. August 1944: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Le Parisien Libéré.
- 18. Dezember 1944: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung Le Monde.
- 28. Februar 1946: Éischt Nummer vun der Paräisser Sportszeitung L'Équipe.
- 13. Abrëll 1946: D'Bordeller ginn zougemaach.
- 12. Februar 1947: Éischten Défilé vun der Haute couture (Christian Dior).
- 21. Mäerz 1948: Kreatioun vun der RATP.
- 6. Juli 1951: Paräis feiert säi Bimillénaire.
- 1952: Den éische Metro op Pneuen hëlt seng Aarbecht zu Paräis op.
- 27. Abrëll 1959: De Vélodrome d'Hiver gëtt ofgerappt.
- 12. Abrëll 1960: D'Paräisser Stéck vun der Autoroute du soleil gëtt ageweit.
- 17. Januar 1962: « Nuit bleue »: Terroristesch Attentater vun der OAS.
- 8. Februar 1962: Manifestatioun géint d'OAS.
- 14. Oktober 1963: Inauguratioun vun der Maison de la Radio.
- 6. Abrëll 1965: D'Paräisser Autoe kréien e "75" op d'Plack.
- 29. November 1967: Inauguratioun vun der Autobunn Paräis-Lille.
- 3. Mee 1968: Den CRS muss op der Sorbonne duerchgräifen.
- 10. Mee 1968: « Nuecht vun de Barrikaden »: Studentenopstand am Quartier Latin.
- 30. Mee 1968: Manifestatioun fir den de Gaulle z'ënnerstëtzen.
- 1. Oktober 1968: Een eenzege Billjee fir de Metro an de Bus gëtt agefouert.
- 15. September 1971: Déi éischt Parkauer gëtt zu Paräis opgestallt.
- 6. Februar 1973: Brand am Collège Édouard Pailleron ; 23 Doudeger.
- 25. Abrëll 1973: Inauguratioun vum leschte Stéck vum Boulevard périphérique.
- 13. September 1973: Inauguratioun vun der Tour Montparnasse.
- 1. Januar 1975: Kreatioun vun der Carte orange.
- 31. Januar 1977: Inauguratioun vum Centre Georges-Pompidou.
- 25. Mäerz 1977: De Jacques Chirac gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
- 8. Dezember 1977: Inauguratioun vun der Metro/RER-Statioun Châtelet - Les Halles.
- 1. Mee 1979: « Nuit bleue »: Serie vun 12 Attentater vum korseschen FLNC.
- 4. September1979: Inauguratioun vum Forum des Halles.
- 3. Oktober 1980: Terroristescht Attentat op d'Synagog an der Rue Copernic ; 4 Doudeger.
- 22. September 1981: Inauguratioun vun der éischter TGVslinn tëscht Paräis a Lyon.
- 12. Januar 1984: Inauguratioun vum Spektakelsall Zénith am Parc de la Villette.
- 3. Februar 1984: Inauguratioun vum Palais omnisports de Paris-Bercy.
- 1985 - 1986: Islamistesch Attentater zu Paräis.
- 22. Mee 1995: De Jean Tiberi gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
- 17. Oktober 1995: Terroristescht Attentat tëscht den RER-Statioune vum Musée d'Orsay a Saint-Michel.
- 27. Dezember 1999: Stuerm a ganz Frankräich, zu Paräis bléist de Wand mat 169 km/Stonn, a mat iwwer 220 km/Stonn op der Spëtzt vum Eiffeltuerm.
- 21. Dezember 2000: Inauguratioun vum Europäesche Spidol Georges-Pompidou.
21. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 18. Mäerz 2001: De Sozialist Bertrand Delanoë gëtt zum Buergermeeschter vu Paräis gewielt.
- 21. Juli - 18. August 2002: Éischt Editioun vu "Paris-Plage" mat 1.000 Tonne rengem Sand a Palmen. Et ass e grousse Succès fir d'Haaptstad mat iwwer 2,5 Millioune Visiteuren.
- 5. Oktober 2002: Éischt Editioun vun der « Nuit Blanche » déi d'zäitgenëssesch Konscht eng ganz Nuecht laang feiert.
- 2003: Ganz waarme Summer mat 15.000 Doudeger a ganz Frankräich. Zu Paräis gëtt et 9 Deeg mat iwwer 35 °C vum 4. bis 12. August. Rekord vun der Minimaltemperatur an der Nuecht mat 25,5 °C an der Nuecht vum 11. op den 12. August. Et ass de wäermste Summer zanter offiziell Daten zu Paräis notéiert ginn (1757).
- November 2003: Sozialen Europäesche Forum, organiséiert vun den Altermondialisten.
- Summer 2005: Bränn zu Paräis mat ronn 20 Doudesaffer.
- Mäerz 2006: D'Paräisser Universitéite si vun de Studente besat. D'Sorbonne gëtt vun der Police evakuéiert a bis am Abrëll bleiwen d'Dieren zou.
- 16. Dezember 2006: Eng Tramlinn vu 7,9 km geet tëscht dem Pont de Garagliano an der Porte d'Ivry op. No 70 Joer kënnt den Tram nees zeréck op Paräis.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chronologie vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |