Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Lëtzebuerg | |||
| Spëtznumm: | Roude Léiw | ||
| Federatioun: | FLF | ||
| Trainer: | Luc Holtz | ||
| Meescht Matcher: | Jeff Strasser (98) | ||
| Meescht Goler: | Léon Mart (16) | ||
| Stadion: | Stade Josy Barthel | ||
| Historesch Matcher | |||
| Éischte Match: | Lëtzebuerg - Frankräich: 1-4 29. Oktober 1911, Lëtzebuerg |
||
| Héchst Victoire: | Lëtzebuerg - Afghanistan: 6-0 26. Juli 1948, London |
||
| Héchst Nidderlag: | Lëtzebuerg - England: 0-9 19. Oktober 1960, Lëtzebuerg [1] |
||
|
|
|||
D'Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe (A-Kader) ass eng Selectioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun der FLF ausgewielt ginn. Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Equippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA). Foussball ass eng vun den beléifste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalequipe op der Plaz "110" (Stand: Aug. 2012). Déi meescht Foussballspiller aus der FLF-Selectioun si keng Foussball-Profi'en, mat wéinegen Ausnahmen, wéi zum Beispill de Mario Mutsch (FC St. Gallen, D1 Schwäiz) an de Lars Gerson (IFK Norköpping, D1 Schweden).
Bei der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004 ass et der Foussball Nationalequipe net gelongen ze gewannen a krut domat och keen eenzege Punkt am Klassement. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1985 wou d'Selectioun 35 Néierlagen hannerteneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selectioun sech an der FIFA-Weltranglëscht fir zwéi Méint ënnert déi 100 éischt Nationalequippe vun der Welt klasséiert, an dat op der 98. Plaz.
Zënter 2010 ass de Luc Holtz Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe.
Inhaltsverzeechnes |
Éischte Match [änneren]
Den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischte Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1-4 an der Stad verluer. Déi éischte lëtzebuergesch Nationalequipe huet haaptsächlech aus Foussballspiller vun de Stater Veräiner Spora Lëtzebuerg, vun der Union Lëtzebuerg a vum Racing Lëtzebuerg bestanen: Alphonse Weicker, Jemmy Becker, Zénon Bernard, François Langers, Joseph Faber, Albert Elter, Emile Kuborn, Joseph Michaux, Henri Schwartz, Michel Ungeheuer a Victor Kauth. Den 8. Februar 1914 huet Lëtzebuerg sech revanchéiert, de Match ass 5-4 ausgaangen.
Olympesch Spiller [änneren]
Oplëschtung vun alle Lëtzebuerger Participatioune bei olympesche Spiller:
- Olympesch Summerspiller 1920, ausgescheet an der Aachtelsfinale géint Holland (0-3)
- Olympesch Summerspiller 1924, ausgescheet an der Aachtelsfinale géint Italien (0-2)
- Olympesch Summerspiller 1928, ausgescheet an der Aachtelsfinale géint d'Belsch (3-5) (Goler vum Willy Schütz, Jean-Pierre Weisgerber a Robert Theissen)
- Olympesch Summerspiller 1936, ausgescheet an der Aachtelsfinale géint Däitschland (0-9)
- Olympesch Summerspiller 1948, ausgescheet an der Véierelsfinale géint Jugoslawien (1-6) (Gol vum Fernand Schammel), an der Aachtelsfinale huet Lëtzebuerg den Afghanistan 6-0 geschlo (Goler vum Fernand Schammel, Jules Gales, Nicolas Kettel a Marcel Paulus)
- Olympesch Summerspiller 1952, ausgescheet an der Aachtelsfinale géint Brasilien (1-2) (Gol vum Jules Gales), an der Virronn huet Lëtzebuerg Groussbritannien 5-3 geschlo (Goler vum Jules Gales, Léon Letsch a Jos Roller)
Lännermatcher [änneren]
Bescht Resultater [änneren]
- WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
- EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
- MHC: Mara Halim Cup
- Oly: Olympia
- FrS: Frëndschaftsspill
Aktuelle Kader [änneren]
(Geruff fir de Match géint Mazedonien den 29. Februar 2012)
Golkipper:
Ofwier:
- Eric Hoffmann (Jeunesse Esch)
- Guy Blaise (Excelsior Virton)
- Tom Schnell (Fola Esch)
- Mathias Jänisch (FC Déifferdeng 03)
- Ante Bukvic (FC Déifferdeng 03)
- Lars Gerson (IFK Norköpping)
- Charles Leweck (Jeunesse Esch)
- Chris Philipps (FC Metz)
Mëttelfeld:
- Gilles Bettmer (FC Déifferdeng 03)
- Dan Collette (Jeunesse Esch)
- Tom Laterza (CS Sedan Ardennes)
- René Peters (Jeunesse Esch)
- Ben Payal (F91 Diddeleng)
- Mario Mutsch (FC Sion)
Ugrëff:
- Daniel da Mota (F91 Diddeleng)
- Aurélien Joachim (F91 Diddeleng)
- Joël Pedro (CS Sedan Ardennes)
- Maurice Deville (SV07 Elversberg)
- Stefano Bensi (F91 Diddeleng)
Traineren [änneren]
- Paul Feierstein 1933 - 1948
Lëtzebuerg - Albert Reuter, Jean-Pierre Hoscheid an Jules Müller 1948 - 1949
Lëtzebuerg - Adolf Patek 1949 - 1953
Éisträich - Béla Volentik 1953 - 1955
Ungarn - Viktor Havlicek 1955
Éisträich - Nándor Lengyel 1955 - 1959
Ungarn - Pierre Sinibaldi 1959 - 1960
Frankräich - Robert Heinz 1960 - 1969
Däitschland - Ernst Melchior 1969 - 1972
Éisträich - Gilbert Legrand 1972 - 1977
Frankräich - Arthur Schoos 1978
Lëtzebuerg - Louis Pilot 1978 - 1984
Lëtzebuerg - Jozef Vliers 1984
Belsch - Joseph Kirchens 1985
Lëtzebuerg - Paul Philipp 1985 - 2001
Lëtzebuerg - Allan Simonsen 2001 - 2004
Dänemark - Guy Hellers 2004-2010
Lëtzebuerg - Luc Holtz zënter 2010
Lëtzebuerg
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Den 10. Abrëll 1932 huet Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsspill allerdéngs 12-0 géint Italien verluer.