Athénée de Luxembourg
De Kolléisch zu Hollerech (Januar 2008) | |
Stater Kolléisch | |
---|---|
(AL) | |
Typ | Atheneum, ëffentlech Schoul |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft |
Lëtzebuerg (Quartier Hollerech) |
Leedung | Claude Heiser |
Schülerzuel | 1.559 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 1603 |
Grënner | Jesuitten |
Genannt no | Athene |
Koordinaten | 49°36'14"N, 6°6'39"O |
Um Spaweck | https://www.al.lu/ |
Den Athénée de Luxembourg, och nach De Kolléisch oder mol Stater Kolléisch genannt[1], ass e klassesche Lycée um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg.
De Kolléisch, dee 1603 vun de Jesuitte gegrënnt gouf, ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg. Bis 1964 war d'Schoul an der Ënneschtgaass nieft der Kathedral, an de Gebaier, an deenen 1973 bis 2019 Nationalbibliothéik dra war. 1964 koum de Kolléisch an en deemools neit Gebai um Geesseknäppchen.
Tëscht September 2012 an Dezember 2016 gouf d'Gebai vun 1964 renovéiert an de Kolléisch war an där Zäit an engem provisoresche Gebai um Geesseknäppchen. Am Januar 2017 huet de Schoulbetrib dunn erëm am renovéierte Gebai ugefaangen.[2]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Collège des Jésuites (1603-1773)
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1603 gouf de Stater Kolléisch vun de Jesuitten als Collège des Jésuites gegrënnt. Inspiréiert huet sech dës Grënnung un der fréierer Jesuitteschoul vun Tréier. Deemools huet déi laténgesch Sprooch eng ganz wichteg Roll am Programm oder an der Offer vum Kolléisch gespillt, besonnesch well et am 17. Joerhonnert als diplomatesch Sprooch am Gebrauch war, grad sou wéi déi wichtegst Fächer op deene groussen a renomméierten Universitéiten op Latäi gehale goufen. Et gouf och grousse Wäert op d'Konscht an op d'Philosophie geluecht, zu där och d'Physik an d'Mathematik gehéiert hunn.
De 16. Januar 1610 hunn d'Jesuitten am Kolléisch déi Marianesch Sodalitéit gegrënnt. Dës reliéis Brudderschaft stoung um Ufank vun der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg an huet zesumme mam Pater Jacques Brocquart S.J. den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatu mam Titel Tréischterin am Leed zur Veréierung virun d'Stadmauere gedroen.[3]
Collège royal (1773-1795)
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem de Poopst Clément XIV. den 21. Juli 1773 de Jesuittenuerden opgehuewen hat, gouf ënner der Maria Theresia vun Éisträich aus dem Jesuittekolléisch de Kinnekleche Kolléisch (Collège royal). De Stater Klerus huet d'Roll vun de Jesuitten iwwerholl, an an de Joren duerno gouf et eng Rei vun neie Reformen. Et goufe siwe Klasse gemaach, eng Sixième, eng Cinquième, eng Quatrième, eng Troisième, eng Deuxième an eng Rhetorikklass. D'Latäi war nach ëmmer d'Haaptuleies vum Kolléisch. Mä et goufen och nei Fächer agefouert wéi Geographie, Geschicht an aner Sproochen.
École centrale (1795-1802)
[änneren | Quelltext änneren]Kuerz nom Enn vum éisträichesche Regime an duerch déi franséisch Besatzung am Joer 1795, wéi och duerch d'Annexioun vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg un d'Republik Frankräich am Joer 1797 gouf d'École Centrale (als zentral Secondairesschoul vum Département des Forêts) imposéiert. 1799 goufe speziell Richtlinne wat d'Disziplin ubelaangt agefouert, grad sou wéi datt d'Schüler tëscht eenzele Sektioune wiele konnten.
École Secondaire (1802-1808)
[änneren | Quelltext änneren]Den 1. Mee 1802 ass eng nei Schoulreform ëmgesat ginn: dÉcoles centrales goufe, jenodeem, duerch sougenannt écoles secondaires oder lycées ersat (net all Departement hat ee Lycée zegutt). Den nächste Lycée war zu Metz ugesiedelt, an déi Stater école secondaire war am Fong eng Filial vum Metzer Lycée.
Collège municipal (1808-1814)
[änneren | Quelltext änneren]Am Kolléisch ass d'Latäin erëm méi wichteg ginn, an d'Sciencen hunn ofgeholl an déi al Organisatioun vun de Klassen ass erëm agefouert ginn. Well d'Schoul vun do un dem Buergermeeschter ënnerstoung, gouf am Joer 1808 aus dem Kolléisch de Collège municipal, och mol Collège communal genannt. D'Griichesch Sprooch ass nei agefouert ginn. D'Schouljore goufen op fënnef Joer verkierzt.
Mittelschule für Jungen oder Gymnasium (1814/15...)
[änneren | Quelltext änneren]Mam Ënnergang vum Napoleonesche Räich gouf den Département des Forêts provisoresch an d'Generalgouvernement Mëttel- an Nidderrhäin integréiert. An der Stater Festung souzen d'Hessen, spéider d'Preisen, an de Collège municipal gouf eng Secondairesschoul no däitschem Modell (Mittelschule oder Gymnasium).
Athénée royal grand-ducal (1817-1890)
[änneren | Quelltext änneren]Um Wiener Kongress 1815, wou Europa nei organiséiert gouf, koum et zur Personalunioun tëscht Lëtzebuerg an Holland, d. h. den hollännesche Kinnek gouf Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1817 ass aus dem Gymnasium den Athénée royal grand-ducal ginn [4]. Vun do un ass eng zousätzlech classe philosophique agefouert ginn, no deene 6 gewinnte Lycéesjoren. An där Klass hu sech zwéi Professeren ëm d'Schüler gekëmmert; deen ee war op d'Logik an op d'Metaphysik, deen aneren op d'Physik an d'Mathematik spezialiséiert. 1817 gouf och an all Klassesall d'Tafel ("une table peinte en noir") agefouert. Am Joer 1824 koum eng nei Sektioun dobäi, d'section industrielle. D'Schüler konnten nieft dem Latäin an dem Algriicheschen och Fächer wéi Naturwëssenschaften oder modern Sprooche wielen. Vum Joer 1825 un, wou Lëtzebuerg zanter 1815 zum Däitsche Bond gehéiert huet, gouf déi däitsch Sprooch erëm obligatoresch am Kolléisch. Bis 1831 war och déi hollännesch Sprooch obligatoresch, duerno, bis 1839, war se fakultativ. 1835 ass e Projet vun enger neier Schoul lancéiert ginn. Et ass en neit Gebai un de Kolléisch ugebaut ginn. Den 2. Mee 1836 krut de Professer Trausch d'Erlabnes fir e Pensionat am Gebai vum Kolléisch opzemaachen.
Reform Friedemann
[änneren | Quelltext änneren]De Friedrich Traugott Friedemann, ageluede vum Kinnek Grand-Duc, koum 1836 op Lëtzebuerg, fir de lëtzebuergesche Schoulsystem un den däitschen ze bannen. D'grouss Vakanz, wéi och d'Schoulfächer selwer sollten op den däitsche Schoulsystem ofgestëmmt ginn. Déi Reform huet sech allerdéngs just op de Kolléisch bezunn. Deemools goung et dunn drëms, de franséische Schoulsystem duerch deen däitschen z'ersetzen. Mat där Reform wollte si d'Studenten ausschliisslech op Universitéite vum Däitsche Bond bréngen. Ausserdeem sollt den Athénée Royal eng sougenannte section moderne ubidden, och nach section réale genannt. Déi Reform war ënner anerem och zoustänneg fir déi pedagogesch Reform.
Reform vun 1848
[änneren | Quelltext änneren]D'Gesetz vum 23. Juli 1848 huet laang de Lëtzebuerger Enseignement dirigéiert. Den Athénée huet bestanen aus de "cours supérieurs", déi erëm agefouert goufen, mat de Fächer Medezin, Physik a Mathematik, dem Gymnasium, dee méi op de Mënsch an déi moralesch Wäerter ausgeriicht war an der Industrieschoul mat Coursen iwwer d'Industrie an d'Ekonomie. Als pedagogesch Erneierung gëtt 1888 d'Klassebuch agefouert.
Athénée grand-ducal (1890-1940)
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vun dëse Reformen an de Joren 1892 bis 1908 gëtt d'Industrieschoul vum Kolléisch getrennt. 1908 kritt d'École industrielle et commerciale e neit Gebai um Lampertsbierg, den haitege Stater Jongelycée. Den enseignement gymnasial gëtt op siwe Joer verlängert.
Dikrech an Iechternach hunn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert e "Progymnase" kënnen opmaachen, déi ënner der Supervisioun vum Kolléischsdirekter stoungen, bis se selbstänneg Lycéeë goufen. Hei läit d'Ursaach, firwat och vum Dikrecher an Iechternacher Kolléisch geschwat gëtt.
Athenaeum (1940-1945)
[änneren | Quelltext änneren]Ënner den Nazien an hirer Politik vun der "Gleichschaltung" gouf de Kolléisch an Athenaeum ëmgedeeft a gouf e Gymnasium mit Oberschule für Jungen. D'"cours supérieurs" goufen ofgeschaaft. Et koum doriwwer eraus zu enger ganzer Rëtsch vu Virschrëften: de Verbuet vun der franséischer Sprooch, den Ausschloss vun alle jiddesche Studenten, d'Verflichtung fir all Professeren, dem VdB unzegehéieren, d'Versetzung vu Professeren an Däitschland, den Drock op all Studenten, der Hitlerjugend bäizetrieden asw.
Vill Professeren a Studenten hu sech dëse Virschrëfte widdersat. Wéi den 21. Oktober 1940 d'Nazien d'Gëlle Fra mat engem Dampwalz ëmgerappt hunn, do hunn e puer honnert Studenten aus dem Kolléisch, dee jo just vis-à-vis war, haart géint d'Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt. Den Direkter Joseph Wagener gouf 1941 vun der däitscher Zivilverwaltung aus dem Déngscht entlooss. Um Enn vum Krich war de Bluttzoll vum Kolléisch ganz héich: 2 Professeren, de Lucien Bentz an den Émile Lefort, a 76 Studente si fir d'Fräiheet vum Lëtzebuerger Land gestuerwen.
Athénée de Luxembourg
[änneren | Quelltext änneren]Nom Krich gouf de Kolléisch dunn erëm Athénée Grand-Ducal, spéiderhi meeschtens einfach Athénée de Luxembourg genannt. Zanter 1964 ass de Kolléisch net méi am Stadzentrum, mä um Geesseknäppchen. An der Stad erënnert haut nach d'Rue de l'Ancien-Athénée un de fréiere Standuert vum Kolléisch.
Gebai niewent der Kathedral
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems ď'Nationalbibliothéik aus dem Gebai op de Kierchbierg geplënnert ass, stoung ď'Gebai eidel.
D'Iddi fir eng Nationalgalerie doran anzeriichten, déi Enn 2019 vum Staatsminister Xavier Bettel virgeschloe gi war, gouf am August 2021 nees verworf. An de fréiere Gebailechkeete vum Kolléisch wäerten ewell 3 Chambere vum Stater Bezierksgeriicht siegéieren. Um Niveau vum Parvis respektiv dem Bannenhaff wäerten awer och Restauranten an Raimlechkeete fir kulturell Evenementer amenagéiert ginn. Op Demande vum Educatiounsministère soll an dëse Reim och eng permanent Ausstellung iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch entstoen.[5]
Gebai am Quartier Hollerech
[änneren | Quelltext änneren]1939, wéi dat aalt Gebai nieft der Kathedral ze kleng gi war, an den Ufuerderunge vun deemools net méi entsprach huet, gouf decidéiert eng nei Schoul ze bauen. Dräi Plaze koumen a Fro: de Quartier Heintz hanner dem Konvikt, de Stater Park vis-à-vis vum Konvikt an de Park hanner der Fondation Pescatore. Et war schliisslech déi drëtt Propose, déi zeréckbehale gouf. Den éischte symbolesche Spuetstéch gouf am November 1939 gemaach. Den Ausbroch vum Zweete Weltkrich huet de Bau vum neien Athenäum awer du verhënnert.
Schliisslech ass eréischt 1964 d'Schoul an en neit Gebai um Boulevard Pierre Dupong, N°24 geplënnert. Den Architekt war de Pierre Grach, zesumme mam Nicolas Schmit-Noesen a mam Laurent Schmit. Déi monumental Figur um Parvis, déi vun der Schoulcommunautéit Datzemisch genannt gëtt, ass vun der Nina Grach-Jascinsky[6]. Modell fir d'Skulptur war den deemolege Schüler Henri Kraus.
De 6. Abrëll 1964 gouf, no der Ouschtervakanz, fir d'éischt do Schoul gehalen. Am Kolléisch waren déi Zäit ronn 800 Schüler an den Direkter war de Pierre Winter.
1989, ënnert dem Direkter Henri Folmer, sinn déi 25 Joer vum Gebai um Geesseknäppche gefeiert ginn.
1989 gouf de Sportkomplex vum Kolléisch komplett renovéiert. D'Kolléischsschwämm ass verschwonnen, doduerch konnten d'Sportssäll vergréissert ginn an d'Déift vum Schwammbasseng ass benotzt ginn, fir e grousse polyvalente Sall z'amenagéieren, deen als Salle Folmer bekannnt ass.
An den 2000er Joren huet sech dat Gebai zu Märel als net modern genuch erwisen, an och e puer Renovatioune goufe fälleg. Vun der Rentrée am September 2012 bis Enn 2016 war de Kolléisch an engem neie (provisoresche) Gebai am Haff vum eigentleche Kolléisch vun 1964 delokaliséiert. No der kompletter Renovatioun a Modernisatioun, tëscht 2013 an Enn 2016, ass d'Kolléischgemeinschaft den 9. Januar 2017 nees an hir eege Maueren agezunn. De 24. Abrëll 2017 gouf dat renovéiert Gebai dunn a Presenz vum Grand-Duc a vu ville wichtege Perséinlechkeete feierlech ageweit.
Vun der Rentrée 2017 un, ass de Lycée Michel-Rodange an dëser provisorescher Struktur, déi fir ronn zwanzeg Joer geduecht ass.
2010 krut de Kolléisch de Statut vun enger IB World School. Dat bedeit, datt nieft dem Lëtzebuerger Programm och op den Internationale Baccalaureat virbereet gëtt[7].
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]Tëscht 2008 an 2018, ënner der Direktioun vum Joseph Salentiny, huet de Kolléisch all Joer e Band aus der Publikatiounssérie annALes de l'Athénée de Luxembourg (d'annALe vum Staadter Kolléisch)[sic] erausginn, wouran d'Schoulcommunautéit an d'Chronik vum virege Schouljoer presentéiert an och pedagogesch oder méi wëssenschaftlech oder historesch Iwwerleeunge publizéiert goufen. 2021, ënner der Direktioun vum Claude Heiser, mee ausgeschafft vun enger Redaktiounsekipp, koum déi éischt Nummer vun enger neier Publikatioun eraus, déi ënner dem Titel d'Buch - La communauté scolaire et les savoirs à l'Athénée de Luxembourg de Schüler, de Professeren an och anere Membere vun der Kolléischsgemeinschaft am wäite Sënn d'Wuert wëll ginn. Wann dobäi d'Chronik weggefall ass, gëtt elo an all Ausgab, nieft aner Contributiounen, een Zentraltheema proposéiert zu deem sech souzesoe jidderee kann ausdrécken. Et wäert net onbedéngt all Joer eng Nummer erauskommen, mee heiansdo dierft eng Duebelnummer proposéiert ginn.
1979 gouf ënnert der Direktioun Poeker/Folmer d'F-Sektioun, d'Musikssektioun gegrënnt. Kolléisch in Concert (KIC) ass e Concert deen zanter 1981 all Joer wärend dräi, resp. véier Owenter an der Woch virun der Fuesvakanz vu Schüler, haaptsächlech vun der Musekssektioun opgefouert gëtt.
Direkteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1817 - 1818: Antoine Hartmann (net ze verwiessele mam Ingenieur an Architekt Antoine Pierre Louis Hartmann!)
- 1818 - 1821: Jean-Gérard Mazuir
- 1821 - 1866: Michel Nicolas Muller
- 1866 - 1867: Jean-Pierre Michaelis
- 1867 - 1869: Nicolas Gredt (Direkter faisant fonction)
- 1869 - 1884: Alexandre de Colnet d'Huart
- 1885 - 1906: Nicolas Gredt
- 1906 - 1917: Gustave Zahn
- 1917 - 1931: François Manternach
- 1931 - 1947: Joseph Wagener[8]
- 1947 - 1957: Jean-Pierre Stein
- 1957 - 1970: Pierre Winter
- 1970 - 1978: Joseph Heinen
- 1978 - 1981: Joseph Poeker
- 1981 - 1993: Henri Folmer
- 1993 - 2007: Emil Haag
- 2007 - 2018: Joseph Salentiny
- zanter 2018: Claude Heiser
Literatur iwwer d'Direkteren
[änneren | Quelltext änneren]- Edouard Kayser, Les directeurs de l'Athénée depuis 1817 - Notices biographiques; 1. Deel (bis 1884), in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annAle vum Staadter Kolléisch, 08/2014-2015, Ss. 330-335 (ill.), Lëtzebuerg (Drock: Sankt Paulus), September 2015; 2. Deel (bis 1957), in: annALes de l'Athénée (...), 09/2015-2016, Ss. 342-349 (ill.), August 2016; 3. Deel (bis 2017), in: annALes de l'Athénée (...), 10/2016-2017, Ss. 466-479 (ill.; Quellenangaben). - Erweidert a verbessert Rééditioun in: De Kolléisch 2017, Bd. I, Ss. 64-97 (ill.); Lëtzebuerg 2018 (vgl. d'Referenz infra, sub Literatur!).
Professeren déi am Kolléisch enseignéiert hunn
[änneren | Quelltext änneren]Numm | gebuer | gest. | Fachrichtung |
---|---|---|---|
Jacques Brocquart | 1588 | 1660 | Jesuittepater, Grënner vun der Muttergottesoktav |
Alexandre Wiltheim | 1604 | 1684 | Jesuittepater, Schrëftsteller, Historiker |
Johann Philipp Bettendorff | 1625 | 1698 | Jesuittepater, Missionnaire a Brasilien, Grënner vun der Stad Santarém[9] |
François-Xavier de Feller | 1735 | 1802 | Jesuittepater, Schrëftsteller, Editeur |
Heinrich Stammer | 1785 | 1859 | Pedagog a Schoulbicherauteur |
Jean-Baptiste Fresez | 1800 | 1876 | Moler |
Jean Engling | 1801 | 1888 | Geeschtlechen, Historiker, Archeolog |
Ernst Koch | 1808 | 1858 | Schrëftsteller |
Jean Pierre Michaelis | 1811 | 1867 | Mathematiker, Direkter |
Nicolas Funck | 1816 | 1890 | Naturwëssenschaftler |
Nicolas Wies | 1817 | 1879 | Geeschtlechen, Geolog |
François Reuter | 1819 | 1908 | Chimist a Meteorolog |
Jean Neumann | 1820 | 1892 | Literat, Auteur |
Alexandre de Colnet d'Huart | 1821 | 1905 | Physiker, Politiker |
Charles Mullendorff | 1830 | 1902 | Geeschtlechen |
Hyacinthe Schaack | 1831 | 1915 | Historiker |
Joseph Speck | 1834 | 1901 | Auteur |
Laurent Menager | 1835 | 1902 | Museker, Komponist |
Michel Engels | 1851 | 1901 | Zeechner, Moler |
Eugène Wolff | 1865 | 1908 | Auteur, Literat, Historiker |
Edmond Joseph Klein | 1866 | 1942 | Naturwëssenschaftler |
Willy Goergen | 1867 | 1942 | Schrëftsteller |
Nik Welter | 1871 | 1951 | Schrëftsteller |
Joseph Hansen | 1874 | 1952 | Schrëftsteller |
Joseph Tockert | 1875 | 1950 | Sproochefuerscher |
Damien Kratzenberg | 1878 | 1946 | Germanist, Nazikollaborateur |
Jean-Pierre Lamboray | 1882 | 1962 | Moler |
Albert Steffen | 1884 | 1962 | Historiker |
Nikolaus Hein | 1889 | 1969 | Schrëftsteller |
Joseph Hess | 1889 | 1973 | Schrëftsteller |
Pierre Frieden | 1892 | 1959 | Schrëftsteller a Politiker |
Jean Schaack | 1895 | 1959 | Moler |
Pierre Biermann | 1901 | 1981 | Humanist a Publizist |
Albert Gloden | 1901 | 1966 | Mathematiker a Physiker |
Joseph Goedert | 1908 | 2012 | Historiker |
Jules Prussen | 1911 | 1976 | Philosoph |
Marcel Engel | 1912 | 2003 | Schrëftsteller |
Léopold Hoffmann | 1915 | 2008 | Schrëftsteller |
Léon Bollendorff | 1915 | 2011 | Politiker |
Marcel Gérard | 1917 | 2017 | Schrëftsteller |
Paul Margue | 1923 | 2019 | Historiker |
André Heiderscheid | 1926 | 2018 | Geeschtlechen, Journalist, Zeitungsdirekter |
Ben Heyart | 1927 | 2009 | Moler |
Jean-Paul Harpes | 1934 | 2017 | Auteur, Philosoph |
Georges Goedert | 1936 | Auteur, Philosoph | |
Ben Fayot | 1937 | Politiker | |
Pit Nicolas | 1939 | Sculpteur | |
Joseph Kohnen | 1940 | 2015 | Germanist |
Emil Haag | 1942 | Historiker, Directeur adjoint (1981) an Direkter (1993-2007) | |
Jacques Wirion | 1944 | Schrëftsteller | |
Marc Olinger | 1946 | 2015 | Acteur an Theaterdirekter |
Germaine Goetzinger | 1947 | Germanistin | |
Claude Schmit | 1947 | Philosoph, Theaterregisseur an Auteur | |
Émile Krier | 1949 | 2002 | Historiker |
Claude Meisch | 1949 | Biolog | |
Alain Meyer | 1949 | Gemengepolitiker, President (2007-2009) vum Staatsrot | |
Armand Thill | 1950 | 2016 | Historiker |
Antoinette Reuter | 1951 | Historikerin | |
Marianne Dondelinger | 1952 | Juristin, Philologin a Professesch (Franséisch & Instruction civique) | |
Jean-Claude Asselborn | 1954 | Schrëftsteller (als Jean Sorrente, etc.) | |
Edouard Kayser | 1954 | Historiker | |
Joseph Salentiny | 1950 | Biolog, Directeur adjoint (2004) an Direkter (2007-2018) | |
Joseph Reisdoerfer | 1955 | Linguist | |
Jacques Maas | 1957 | Historiker | |
Jean-Louis Gindt | 1959 | Theolog | |
Jean-Marie Majerus | 1959 | Historiker |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- 400 Joer Kolléisch. éditions saint-paul. Véier Bänn, 2003, bibnet.lu:000432326
- Band I, ënner der Leedung vum Josy Birsens, S.J.: Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603-1815. 287 S.
- Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993. 477 S.
- Band III: L'Athénée aujourd'hui et demain. 269 S.
- Band IV: Hommage à l'Athénée. 314 S.
- 400 Joer Kolléisch. éditions saint-paul. Fënnefte Band, 2004.
- Band V: Les Festivités du Quadricentenaire de l'Athénée de Luxembourg. 128 S.
- Joseph Salentiny (allgemeng Leedung), Edouard Kayser (Koordinatioun), etc., De Kolléisch 2017; Festschrëft zum Bicentenaire vum Kolléisch als "Athénée" (1817) an zur feierlecher Aweiung vum renovéierten "Neie Kolléisch" (24. Abrëll 2017); 2 Bänn (257 + 310 Säiten) an een USB-Stick; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions Luxembourg), September 2018.
- Edouard M. Kayser, À l'occasion d'un bicentenaire (1817-2017): L'Athénée, établissement phare de la vie éducative et culturelle du Luxembourg; in: ons stad, Nr. 116, 2017; Ss. 36-37 (ill.).
- Association des Anciens de l'Athénée, Kolléisch's Jongen am Krich, Lëtzebuerg, November 2011, 570 S. ISBN 978-99959-729-0-5
- Diederich, Paul, Athenäum 1932 - 1946, Wohnort und Schule, Association des Anciens de l'Athénée, Mee 2001, bibnet.lu:000372738
- Emile Krier, Métamorphoses de l'Athénée, 1603 - 1989, Athénée de Luxembourg, Lëtzebuerg, 1989, bibnet.lu:00007553
- Haag, Emil, Les jésuites et leur collège: renforcement de l'identité catholique entre 1603 et 1773; in: Émile Haag, Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.). ISBN 978-2-87954-235-5. - Vgl. hei d'Säiten 180-193!
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Éischt-Hëllef-Team Kolléisch
- AnnALes, d'Annale vum Kolléisch
- Tableaue vum Jean Schaack am Kolléisch
- Nina Grach-Jascinsky, Sculptrice vun der bronze Skulptur (Prometheus) virum Kolléisch
- Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Athénée de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Athénée de Luxembourg (fr)
- International Baccalaureate® (IB) (en)
- Gérard Trausch: Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vum Kolléisch
- Visitez le site du 400e anniversaire du "Kolléisch" oder 400 Joer Kolléisch: Websäit vun de Festivitéiten
- Loi sur l'Enseignement supérieur et moyen, du 23 juillet 1848
- Arrêté grand-ducal du 30 juin 1945 portant nouvelle dénomination des Gymnases de Luxembourg, Diekirch et Echternach
- Ruppert R. “Stater Kolléisch”. Fast wie neu - Mehrjährige Sanierung und Renovierung abgeschlossen op wort.lu, gekuckt den 8. Januar 2017 an och am Wort vum 6./7. Januar 2017 ënner dem Titel “Zurück zu den Wurzeln. Ab Montag findet der Unterricht wieder im renovierten „Kolléisch“ statt”
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Schüler soen och emol Athenée, mat Betounung op der éischter Silb, fir hir Schoul.
- ↑ Ruppert, R., 2017. Zurück zu den Wurzeln. Am Montag findet der Unterricht wieder im renovierten "Kolléisch" statt. Luxemburger Wort vum 7./8. Januar 2017, S. 33.
- ↑ Bost Bodo, Gott in allen Dingen suchen Vor 400 Jahren Marianische Sodalität errichtet, Beginn der Marienverehrung in Luxemburg, in Die Warte 3,2281 S. 6-8, Luxemburger Wort 21. 1. 2010
- ↑ Dorun erënnert de Chronogramm ATHENAEVM SIT LVCELBVRGI DECOR (=1817), deen een op der Récksäit vum Portal, dat an den Haff vum fréiere Kolléisch féiert, fënnt Latein auf Stein - Inscriptions latines
- ↑ Äntwert vun de Ministere Sam Tanson a François Bausch op d'parlamentaresch Fro N. 4753 vum André Bauler iwwer d'Gebaier vum ale Kolléisch, gelies den 23. August 2021
- ↑ Inna Ganschow, Drei Leben der Bildhauerin Nina Grach-Jascinsky, Die Warte vum 1. Abrëll 2021 S.10-11
- ↑ International classes at the Athénée
- ↑ De Jos Wagener gouf den 1. Mäerz 1941 aus dem Kolléisch versat an den 1. Juni 1941 vun der däitscher Zivilverwaltung aus dem Déngscht entlooss. Direkter vum Kolléisch gouf vum 1. Abrëll 1941 u bis zur Liberatioun den Damien Kratzenberg, deen awer wéinst senge politeschen Aktivitéiten an der Kollaboratioun mat der däitscher Besatzungsmuecht seng Funktioun net ausgeübt huet. Directeur faisant fonction war an där Zäit den Däitschen Hans Seifert. No der Liberatioun gouf de Jos Wagener nees als Direkter agesat. Cf. Steve Kayser 2003: L'Athénée durant la Seconde Guerre mondiale. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 159-183.
- ↑ K.-H. Arenz, 2008. De l'Alzette à l'Amazone: Jean-Philippe Bettendorff et les jésuites en Amazonie portugaise (1661-1693). Publ. de la sect. historique de l'Institut gr.-d. de Luxembourg, S. 282. Dréckerei Linden.