Chronologie vun der Geschicht vu Lëtzebuerg
Ausgesinn
- 962: Grënnung vum Hellege Réimesche Räich duerch den Otto I.
~963 – 1353 Grofschaft Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- ~963: De Grof Siegfried mécht en Tosch mat der Räichsabtei St Maximäin vun Tréier a baut tëscht 963 an 987 d'Festung Lucilinburhuc um Bockfiels. Hie gëllt als Grënner vun der Grofschaft Lëtzebuerg.
- 1083: De Konrad I. ass den éischten dee sech op sengem Reidersigel Grof vu Lëtzebuerg nennt.
- 1308: Den Heinrich VII., Grof vu Lëtzebuerg, gëtt zum Kinnek vun Däitschland gewielt an 1312 zu Roum zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gekréint.
- 1310: De Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen, bestit d'Elisabeth, d'Ierwin vum Kinnekräich Béimen. D'Grofe vu Lëtzebuerg gi Kinneke vu Béimen.
- 1337: Ufank vum Honnertjärege Krich.
1354 – 1795 Herzogtum Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1354: De Keeser Karl IV. erhieft d'Grofschaft Lëtzebuerg zu engem Herzogtum an trëtt et u säin Hallefbrudder Wenzel I of.
- 1364: De Wenzel I. vu Lëtzebuerg keeft dem Arnoul IV. d'Grofschaft Chiny of. De Besëtztum vun den Herzoge vu Lëtzebuerg kritt domat hir gréisst Ausmoossen (~10.000 km²).
- 1388: De Wenzel II. gëtt d'Herzogtum Lëtzebuerg als Hypothéik u säi Koseng Jobst vu Mieren.
- 1437: Doud vum Sigismund, de leschte Keeser aus dem Haus Lëtzebuerg.
1443 – 1555 Hollännesch Herrschaft
[änneren | Quelltext änneren]- 1443: De Philippe III. Herzog vun der Bourgogne, eruewert d'Stad Lëtzebuerg. D'Herzogtum Lëtzebuerg gëtt eng Provënz vun de Burgundeschen Nidderlanden.
- 1477: Doud vum Charles I., de Kéngen, dem leschten Herzog aus dem Haus Valois-Bourgogne.
- 1482: Mam Doud vun der Marie vun der Bourgogne fält d'Herzogtum Lëtzebuerg un d'Habsburger.
- 1544: No Streidereien tëscht dem Karel V. an dem franséische Kinnek François I. gëtt am Traité vu Crépy festgehalen, datt d'Herzogtum am Besëtz vun den Habsburger bleift an d'Bourgogne u Frankräich fält.
1555 – 1714 Spuenesch Herrschaft
[änneren | Quelltext änneren]- 1555/1556: De Karl V. huet zu Gonschte vu sengem Jong Philip II ë. a. op d'Spuenesch Nidderlanden verzicht. Holland an d'Herzogtum Lëtzebuerg falen un d'Spuenesch Habsburger.
- 1659: Mam Traité vun de Pyrenäe gëtt Spuenien de südlechen Deel vum Herzogtum Lëtzebuerg, dorënner d'Stied Diddenuewen a Montmédy, u Frankräich of.
- 1661: Ufank vun der perséinlecher Herrschaft vum Louis XIV .
- 1684: Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch d'Arméi vum Louis XIV.; ënner dem Vauban an dem de Créqui erueweren d'franséisch Truppen d'Stad Lëtzebuerg.
- 1697: Duerch den Traité vu Ryswick muss de Louis XIV. d'Herzogtum Lëtzebuerg u Spuenien zeréckginn.
- 1701 – 1714: Spueneschen Ierffollegkrich.
1715 – 1795 Éisträichesch Herrschaft
[änneren | Quelltext änneren]- 1715: Nom Spueneschen Ierffollegkrich falen d'Éisträichesch Nidderlanden – duerch d'Traitéë vun Utrecht a vu Raststatt – als Entschiedegung un de Karl VI. vun Éisträich. Lëtzebuerg kënnt ënner d'Herrschaft vun den Éisträicheschen Habsburger.
- 1789: Ufank vun der Franséischer Revolutioun.
1795 – 1815 Departement Forêts: franséisch Herrschaft
[änneren | Quelltext änneren]- 1794: Nodeems Frankräich 1792 Éisträich de Krich erkläert hat, besetzen d'Fransouse grouss Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg.
- 1795: D'Éisträicher kapituléieren an iwwerloossen d'Festung Lëtzebuerg de Fransousen; Lëtzebuerg gëtt de franséischen Departement Forêts.
- 1798: Opstand zu Lëtzebuerg géint d'Aféierung vum allgemenge Militärdéngscht a géint déi antireliéis Politik vum Directoire (“Klëppelkrich”)
- 1804: De Code Napoléon gëtt zu Lëtzebuerg, Departement Forêts vun der Franséischer Republik, agefouert.
Vun 1815 un: Groussherzogtum Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]1815 – 1890 Hollännesch Herrschaft
[änneren | Quelltext änneren]- 1815: Um Wiener Kongress gëtt Lëtzebuerg e Groussherzogtum mat enger territorialer Onofhängegkeet. De Wëllem I., deen och Kinnek vun Holland ass, gëtt den éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Territoiren an der Äifel an op der anerer Säit vun der Musel, der Sauer an der Our ginn u Preisen. Lëtzebuerg gëtt an den neigegrënnten Däitsche Bond vu souveräne Staaten opgeholl an d'Festung gëtt eng Bundesfestung mat enger preisescher Garnisoun.
- 1830: Ufank vun der Belscher Revolutioun.
- 1839: Mam Vertrag vu London gëtt Lëtzebuerg an zwee gespléckt: de westlechen Deel geet un d'Belsch, den ëstlechen Deel bleift d'Groussherzogtum. D'Land kritt seng aktuell geographesch Form mat enger Fläch vun 2.586 km².
- 1840: De Wëllem II. gëtt Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1842: Lëtzebuerg gëtt Member vum Däitschen Zollveräin, enger Zollunioun mat Preisen (bis 1918). Am Süde vum Land gëtt Eisenäerz entdeckt.
- 1848: Revolutioun vun 1848 an der Folleg vum „Fréijoer vun de Vëlker“; Lëtzebuerg kritt eng éischt Constitutioun, déi d'Grondrechter a Fräiheete vun de Bierger garantéiert.
- 1867: Am Zweete Vertrag vu London gëtt d'Neutralitéit an d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg festgehalen. Déi preisesch Garnisoun verléisst d'Festung, déi duerno geschleeft gëtt.
- 1870: Lëtzebuerg gëtt vum Poopst Pius IX. zum Bistum erhuewen. Déi éischt Schmelze ginn am Minett gebaut.
- 1886: De Robert Schuman kënnt a Clausen op d'Welt.
1890: Komplett Onofhängegkeet
[änneren | Quelltext änneren]- 1890: Nom Doud vum Groussherzog Wëllem III. gëtt den Herzog Adolf vun Nassau ënnert dem Numm Adolphe Groussherzog vu Lëtzebuerg; Lëtzebuerg kritt seng eegen Dynastie.
- 1902 – 1914: Dräi Parteien, déi eng laang Zäit d'politescht Liewen am 20. Joerhonnert bestëmmen, gi gegrënnt: LSAP (1902), d'Liberal Liga (1904, Virgänger vun der haiteger DP) an d'Rietspartei (1914, Virgänger vun der CSV)
- 1911: D'Arbed, de gréisste Lëtzebuerger Stolkonzern gëtt gegrënnt.
- 1912: D'Marie Adelheid gëtt Groussherzogin.
- 1914 – 1918: Éischte Weltkrich
- 1914: Den 2. August 1914 iwwerfalen déi däitsch Truppen de Grand-Duché, entgéint dem Land senger Neutralitéit, déi et duerch de Londoner Vertrag (1867) kritt hat.
- 1919: D'Groussherzogin Marie-Adelheid dankt zu Gonschte vun hirer Schwëster Charlotte of. D'allgemengt Walrecht gëtt agefouert. Bei engem duebele Referendum stëmmen 80 % vun de Lëtzebuerger fir d'Erhale vun der Dynastie an 73 % fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich.
- 1920: Frankräich refuséiert déi lëtzebuergesch Offer vun enger Wirtschaftsunioun; Lëtzebuerg fänkt Verhandlunge mat der Belsch un.
- 1921: Lëtzebuerg ënnerschreift d'UEBL mat der Belsch.
- 1929: Dräi Méint virum Crash op der New-Yorker Bourse gëtt probéiert mat engem Holdingsgesetz international Investisseuren unzezéien.
- 1937: Referendum iwwer dat sougenannt Maulkuerfgesetz.
- 1939: Zweete Weltkrich
- 1940: Den 10. Mee 1940 gëtt dat neutraalt Lëtzebuerg vun der däitscher Arméi iwwerfall. D'Groussherzogin Charlotte an d'Regierung ginn a Frankräich an den Exil.
- 1944: Den 10. September 1944 gëtt d'Stad Lëtzebuerg vun den Amerikaner befreit.
- 1944/1945: Ardennenoffensiv am Norden an Oste vum Land.
- 1947: Ratifikatioun vun der Benelux-Konventioun, enger Zollunioun tëscht der Belsch, Holland a Lëtzebuerg.
- 1949: Nodeems Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn huet (1948) gëtt et Member an der NATO.
- 1951: Lëtzebuerg ass ee vun de Grënnungsmembere vun der CECA, dem Virgänger vun der Europäescher Unioun .
- 1952: D'Stad Lëtzebuerg gëtt de provisoresch Sëtz vun der Héijer Autoritéit vun der CECA.
- 1957: Lëtzebuerg ënnerschreift zesumme mat der Belsch, Holland, Italien, Däitschland a Frankräich d'Réimesch Traitéen, mat deenen d'EWG an d'Euratom geschaaft ginn.
- 1964: D'Groussherzogin Charlotte dankt zu Gonschte vun hirem Jong Jean of.
- 1973: Éischt Pëtrolskris duerch déi d'Lëtzebuerger Wirtschaft frontal getraff gëtt.
- 1981: Déi lescht lëtzebuergesch Minettsminière, déi um Thillebierg, mécht zou.
- 1984: Lëtzebuergesch gëtt Nationalsprooch. Mat den éischte Sprengstoff-Uschléi op Infrastrukturariichtungen fänkt déi sougenannt Bommeleeëraffär un.
- 1985: De Poopst Jean-Paul II. besicht Lëtzebuerg.
- 1986: D'Lëtzebuerger Vollek kritt de Karlspräis als Unerkennung fir säin Engagement fir Europa iwwerreecht.
- 1988: Lëtzebuerg gëtt zu enger Äerzdiözes erhuewen.
- 1992: Mam Vertrag vu Maastricht gëtt de Grënnungsakt vun der Europäescher Unioun ënnerschriwwen. Den Europäesche Sommet zu Edinburgh bestätegt d'Stad Lëtzebuerg als Sëtz vun de Gemeinschaftsinstitutiounen nieft Bréissel a Stroossbuerg.
- 1997: Um Belval geet dee leschten Héichuewen zu Lëtzebuerg aus.
- 2000: Nodeems säi Papp ofgedankt huet, gëtt den Henri Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 2002: Den Euro ersetzt de Lëtzebuerger Frang.
- 2003: D'Uni Lëtzebuerg gëtt gegrënnt.
- 2016: Bei engem Referendum hunn 51,9 % vun de brittesche Wieler fir de Austrëtt aus der Europäescher Unioun gestëmmt.
- 2020: Wéinst der COVID-19-Pandemie gëtt den Ausnamzoustand ausgeruff.
- 2023: Déi nei Constitutioun trëtt a Kraaft; no de Chamberwalen ass et eriwwer mat der Dräierkoalitioun aus DP, LSAP an Déi Gréng, déi zanter 2013 bestoung.