Chronologie vu Paräis

Vu Wikipedia
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräis.

Dës Chronologie vu Paräis soll en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Elementer vun der Geschicht vun der franséischer Haaptstad Paräis bidden.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 40000 v. Chr.: Éischt Unzeeche vun enger mënschlecher Presenz um Site vu Paräis.
  • 4200 v. Chr.: Unzeeche vun enger permanenter Habitatioun zu Paräis. Bei Ausgruewungen zu Bercy am Joer 1991 goufen ënner anerem e Bou a Geschier fonnt.

Antiquitéit[änneren | Quelltext änneren]

Goldmënz vun de Parisii, ongeféier 100-50 v. Chr.,
Musée Carnavalet, NM 4
  • Ëm 100 v. Chr.: Éischt Goldmënze vun de Parisii.
  • Mee 52 v. Chr.: Schluecht vu Lutezia. Victoire vum Labienus, Lieutenant vum Julius Cäsar, iwwer d'Senonen an d'Parisii. D'Parisii hunn op dësem Site zanter e puer Joerhonnerte gelieft. D'Gallier hu beschloss, léiwer hir Brécken ze zerstéieren an hir "Stad" selwer a Flamen ze setzen, wéi d'Réimer eranzeloossen. De Brand vu Lutezia huet de Réimer erméiglecht, der Stad zimmlech séier eng réimesch Struktur ze ginn, ausserdeem war mat siwen Hiwwelen an engem Floss d'Parallel mat Roum zimmlech einfach.
  • Tëscht 14 a 37: D'Naute vu Lutezia bauen eng Kolonn zu Éiere vum Gott Jupiter: et ass de berüümte « Pilier des Nautes » deen ënner de Fëllementer vun der Notre-Dame fonnt gouf.
  • Tëscht 50 an 100: De Forum vu Lutezia gëtt gebaut.
  • 65-66: Äisege Wanter.
  • Tëscht 100 an 200: Zu Lutezia ginn dräi Therme gebaut, déi duerch en Aqueduc vu 16 km laanscht d'Bièvre versuergt ginn, en Amphitheater mat 17.000 an en Theater mat 3.000 Plazen.
  • Ëm 250: Den éischte Bëschof vu Lutezia, den Saint Denis, stierft als Märtyrer. Hie war ee vun de siwe Bëscheef déi a Gallien geschéckt goufen, fir d'Land z'evangeliséieren. D'Succèsen hunn den Haass vun den Heide provozéiert, déi hien um Hiwwel vu Montmartre gekäppt hunn. Der Legend no huet den hellegen Denis du säi Kapp a seng Hänn geholl, wat zu der klassescher Representatioun vum Patréiner vu Frankräich ginn ass.
  • 275 oder 276: D'lénkst Ufer vu Lutezia gëtt vu Germane geplëmmt.
  • 291-292: Ganz äisege Wanter, d'Seine ass zougefruer.
D'Helleg Geneviève
  • Ëm 300: Aus Lutezia gëtt Paräis.
  • Ëm 308: Ronderëm d'île de la Cité gëtt eng Mauer gebaut, fir sech virun de Germanen ze schützen.
  • Mäerz 346: No 20 Deeg Reen ouni Paus kënnt et zu Iwwerschwemmungen.
  • 360: Konzil zu Paräis iwwer den Arianismus. Dës "barbaresch" reliéis Beweegung erkennt weeder d'Divinitéit vu Christus nach d'Autoritéit vum Poopst. Den Arianismus huet sech duerch d'barbaresch Invasiounen an Europa verbreet. Paräis gëtt, nach méi wéi Roum, zu der Stad déi am stäerkste géint den Arianismus virgeet, a bleift dem réimesche Christianismus, dem Katholizismus, trei.
  • Ëm 385: Den hellege Martin kënnt op Paräis an heelt Leprakranker bei der Nordpaart mat enger Bees am sengem Seegen.
  • November 397: « Été de Saint-Martin » vum 8. bis 11. November: « les roses refleurissent ».
  • 451: Den Attila a seng Hunne sti virun de Paarte vu Paräis. D'Helleg Geneviève (422-502) kann d'Paräisser dovun iwwerzeegen, an der Stad ze bleiwen. Den Attila verschount Paräis a mécht sech op de Wee Richtung Orléans.
  • 464: Blocus vu Paräis duerch de Frankekinnek Childéric I.
  • Ëm 475: Eng Basilika gëtt um Graf vum hellegen Denis gebaut.
  • 486: D'Helleg Geneviève hëlt Verhandlunge mam Clovis iwwer d'Soumissioun vu Paräis op. De Clovis huet grad eng grouss Schluecht géint de Réimer Syagrius gewonnen, mä d'Helleg Geneviève verbitt him, op Paräis ze kommen. Hie belagert d'Stad wou kuerz drop d'Liewensmëttel knapps ginn. D'Helleg Geneviève organiséiert de Ravitaillement an de Clovis hieft d'Belagerung op. Dës gespaante Situatioun tëscht Paräis an dem Clovis dauert nach 10 Joer. Paräis ass zu där Zäit eng kleng kathoulesch Insel an engem Ozean dee vum Arianismus dominéiert gëtt, an d'Helleg Geneviève wëll net datt all Strécker mam Clovis räissen, deen zwar e Barbar ass, awer keen arianistesche Kinnek. D'Néierlag vum Syagrius, « le dernier des Romains », steet als Paräisser Zäsur tëscht Antiquitéit a Mëttelalter, oder éischter der Spéitantiquitéit.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Fréimëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Tuerm vu Saint-Germain-des-Prés
  • 763-764: Ganz béise Wanter, d'Seine zu ganz Paräis ass zougefruer.
  • 820: Déi eelst Strooss vu Paräis gëtt ernimmt, d'rue Saint-Germain.
  • 28. Mäerz 845: D'Normanne stinn eng éischt Kéier virun de Mauere vu Paräis, un der Spëtzt vun 120 Wikingerschëffer fir 6.000 Männer steet den Dän Ragnar Logrok: De Charles de Plakkapp iwwerweist 7 000 Sëlwerlivres fir datt si nees verschwannen.
  • 845: Hongersnout.
  • 28. Dezember 856: Zweeten normanneschen Iwwerfall: Paräis geet a Flamen op.
  • 12. Juni 857: Op en Neits en normanneschen Iwwerfall. All d'Kierche bis op Saint-Germain-des-Prés a Saint-Denis, déi vill Sue bezuelt hunn.
  • 3. Abrëll 858: D'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt vun den Normannen ageholl.
  • 861: Iwwerfall vun den Normannen, d'Stad an d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés ginn a Flamen op.
  • 869: Iwwerfall vun den Normannen, d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt geplëmmt.
  • 870: Fir Paräis besser virun den Normannen ze schütze ginn de Grand-Pont an de Petit-Pont gebaut.
  • 24. November 885: Neien Iwwerfall vun den Normannen op Paräis mat 700 Schëffer.
  • 28. November 885: No véier Deeg mussen d'Normannen e Lager opbauen, fir d'Stad besser belageren ze kënnen. Bei der Belagerung vu Paräis hunn d'Normanne vill Schued ronderëm d'Stad ugeriicht an och probéiert Paräis selwer unzegräifen.
  • 6. Februar 886: De Petit-Pont brécht duerch en Héichwaasser zesummen, an d'Normanne kënnen Deeler vu Paräis plëmmen. De groussen Deel vun den Truppen huet d'Belagerung weidergefouert.
  • September 886: De Keeser Charles den Décke kënnt op Paräis a bezillt 700 Livres fir datt d'Normannen d'Belagerung ophiewen. Ausserdeem erlaabt hien hinnen, weider an d'Bourgogne ze zéien, déi nach net komplett ënnerworf ass. D'Paräisser si mat dësem Accord net averstanen.
  • Mee 887: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mä si kommen net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
  • Juni-Juli 889: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mä si kommen op en Neits net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
  • Wanter974-975: Battere Wanter, nach am Mee fält Schnéi.
  • Oktober 978: De Keeser Otto II. belagert Paräis. Den Hugues Capet verhënnert datt hien iwwer de Floss kënnt. Den 30. November gëtt d'Belagerung opgehuewen.

11. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

12. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Reschter vun der Festungsmauer vum Philippe-Auguste am Marais.
  • 1137: Fir de Maart vun der Place de Grève z'ersetzen, gëtt en neie Maart aux Champeaux an d'Liewe geruff, dëst ass d'Originn vun den Halles.
  • 1140: Ufank vum Enseignement vum Pierre Lombard an der Schoul vun Notre-Dame.
  • Juli 1140: Den Enseignement vum Abélard gëtt vum Konzil vu Sens verurteelt an den Abélard geet op Cluny.
  • 1141: Fir d'Wiessler besser z'iwwerwaachen, decidéiert de Kinnek Louis VII. datt kee Wiessel baussent dem Pont au Change däerf gemaach ginn.
  • 1148: De Floss Bièvre gëtt vun den Doumhäre vu Saint-Victor ëmgeleet. De Floss fléisst op der Héicht vun der aktueller Rue de Bièvre an d'Seine.
  • Wanter 1149-1150: Laange kale Wanter vun Dezember bis Februar.
  • 1150: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 50.000 Awunner geschat.
  • 1150: De Bernard vu Clairvaux ernimmt déi éischt Wandmillen op der Butte Copeaux.
  • 1154: D'Chanoines de Sainte Opportune fänken un d'Mueren tëscht Montmartre an der Stad dréchenzeleeën.
  • 1164: Bei der Rekonstruktioun vun der Kathedral gëtt d'Rue Neuve Notre Dame geschaf. Duerch dës Aarbechte gëtt den Hôtel-Dieu zerstéiert, dee südlech vu senger aler Plaz nees opgebaut gëtt.
  • 5. Februar 1180: D'Uféierer vun der jiddescher Communautéit vu Paräis gi festgeholl. Si gi vum Philippe Auguste verurteelt, 15.000 Sëlwermarken als Strof ze bezuelen.
  • Abrëll 1182: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit. Aus hirer Synagog gëtt d'Kierch La Madeleine.
  • 19. Mee 1182: Den Haaptaltor vun der Kathedral Notre-Dame gëtt ageweit.
  • 1186: Op en Uerder vum Philippe-Auguste kréien d'Haaptstroosse vu Paräis e Pavé.
  • 1188 - 1190: Chronesch Hongersnout.
  • 1190 - 1220: De Philippe Auguste léisst eng nei Festungsmauer zu Paräis bauen.
  • 3. Abrëll 1194: An der Schluecht vu Freteval ginn d'kinneklech Archiver verluer. De Philippe-Auguste decidéiert alles an zwéin Exemplairen opzehiewen, wouvun een obligatoresch zu Paräis versuergt muss ginn.
  • 1194: Hongersnout.
  • 1196: Héichwaasser vun der Seine.
  • 1196 - 1197: Hongersnout.
  • Mäerz 1197: Héichwaasser vun der Seine wat d'Paräisser Brécke matrappt.
  • 1198: D'Judde kommen nees op Paräis zeréck ënner der Konditioun vill Steieren ze bezuelen.
  • 1198: En éischt Klouschter gëtt zu Saint-Antoine-des-Champs gegrënnt.
  • Ëm 1200: Éischt Zeeche fir d'Identifikatioun vu Privathaiser z'erméiglechen.
  • 1200: Tëscht de Studenten an den Truppe vum Prévôt vu Paräis, 5 Doudeger. De Philippe-Auguste gëtt de Studente Recht a confirméiert de Privileeg vun de Schoulmeeschter a Studenten, datt si nëmme vun der Justiz vum Bëschof ofhängeg sinn. Et ass den Ufank vun der Universitéit.

13. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Festungsmauer vum Philippe-Auguste am Joer 1223.

14. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

  • 23. Mäerz 1302: Reunioun vun de Generalstänn an der Notre-Dame vun de Fransousen déi d'Langue d'oïl schwätzen, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
  • 13. Juni 1303: Op en Neits eng Reunioun vun de Generalstänn, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
  • 1304: D'Wiessler ginn um Grand-Pont installéiert, deen elo den Numm Pont au Change kritt.
  • 1305: Wéinst Aarbechten um Pont au Change, maachen d'Wiessler hir Aarbecht um rietsen Ufer beim Châtelet. Bis dohin hu si déi verschidden europäesch Wärunge gewiesselt, lues a lues fänke si och un, Suen ze léinen. Dës Zort vu Wiessler gëtt Lombards genannt.
  • 21. Juni 1306: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit an hire Besëtz gëtt konfiszéiert.
  • 30. Dezember 1306: Opstand vun der Bevëlkerung well den Hauszëns an d'Luucht gaangen ass.
  • 5. Januar 1307: 28 Manifestanten, déi géint d'Erhéijung vun de Loyersë protestéiert hunn, ginn erhaangen.
  • 1307: D'Paräisser Parlament gëtt zu enger permanenter Institutioun fir d'kinneklech Justiz a leschter Instanz. Nëmmen de Conseil du Roi kann dës Urteeler revidéieren.
D'Templer gi verbrannt.
Den Étienne Marcel gëtt ëmbruecht (Chronik vum Jean Froissard).
  • 31. Juli 1358: Tentative vum Étienne Marcel fir d'Dire vun der Stad fir d'englesch Sëldner an de Kinnek vun Navarra opzemaachen. Hie gëtt bei der Bastide Saint-Antoine vu Leit vum Dauphin ëmbruecht.
  • 2. August 1358: Triumphal Entrée vum Dauphin, zukünftege Charles V. le Sage, zu Paräis.
  • 10. August 1358: Nodeem e puer Unhänger vum Étienne Marcel higeriicht goufen, gëtt eng Amnestie ausgeruff.
  • 13. Mee 1360: Eng Konventioun tëscht de Bierger vu Paräis an den Englänner gëtt ënnerschriwwe fir 10 Befestegungsanlagen zeréckzekafen, déi d'Kommunikatiounen an de Ravitaillement vun der Stad genéieren.
  • 1360 - 1363: Peschtepidemie.
  • 1364: De Charles V gëtt zum Kinnek vu Frankräich gekréint. Hie verléisst den Hôtel Saint-Pol am Marais, an installéiert sech am Louvre, deen hie renovéiere léisst.
  • 1365: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 275.000 Awunner geschat.
  • 1366 - 1369: Peschtepidemie.
  • 1368: D'Bièvre gëtt op en Neits ëmgeleed a fléisst op der Héicht vun den Tournelles an d'Seine.
  • 1370: No enger kinneklecher Ordonnance lauden d'Kiercheklacken d'Stonnen an d'Véirelstonnen no der Zäit vun der Auer vum Henri de Vic am Palais de la Cité.
  • 22. Abrëll 1370: Den éischte Stee fir d'Bastille gëtt geluecht.
  • 1372: D'Jeanne Daubenton, aktive Member vum Libre-Esprit, gëtt op der Place de Grève verbrannt.
  • 1373: Héichwaasser vun der Seine.
  • 1374: Peschtepidemie.
  • 1374: D'Paräisser mussen obligatoresch an hire Logementer privat Latrinnen installéieren, fir datt d'Stroosse propper bleiwen.
  • 1378: De Pont Saint-Michel, dee fir d'éischt Pont Neuf geheescht huet, gëtt gebaut.
  • 1379 - 1380: Peschtepidemie.
  • 1380: D'Aarbechte vun der Festungsmauer vum Charles V., déi 439 Hektar beschützt, si fäerdeg.
  • 1382: Peschtepidemie.
  • 1392: Zu Paräis gëtt et aacht Säll fir de Jeu de paume.
  • 1395: D'Nuetsaarbecht (erlaabt zanter 1322) gëtt nees verbueden.
  • 22. Januar 1397: Ordonnance vum Prévôt vu Paräis, déi widderhëlt, datt de Jeu de paume verbueden ass.
  • 22. Juni 1397: De Prévôt vu Paräis verbitt de Jeu de Paume all Dag ausser Sondes, « parce que plusieurs gens de métier et autres du petit peuple quittaient leur ouvrage et leur famille pendant les jours ouvrables, ce qui était fort préjudiciable pour le bon ordre public ».
  • 1399 - 1401: Peschtepidemie.

15. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

François Dubois, Le Massacre de la Saint-Barthélemy

Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Jean-Pierre Louis Laurent Houel, La prise de la Bastille, 1789.

Zäitgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Den Obelisk vu Luxor op der Place de la Concorde.
D'Commune vu Paräis

20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Amerikanesch Truppen op de Champs-Élysées.

21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

  • 18. Mäerz 2001: De Sozialist Bertrand Delanoë gëtt zum Buergermeeschter vu Paräis gewielt.
  • 21. Juli - 18. August 2002: Éischt Editioun vu "Paris-Plage" mat 1.000 Tonne rengem Sand a Palmen. Et ass e grousse Succès fir d'Haaptstad mat iwwer 2,5 Millioune Besicher.
  • 5. Oktober 2002: Éischt Editioun vun der « Nuit Blanche » déi d'zäitgenëssesch Konscht eng ganz Nuecht laang feiert.
  • 2003: Ganz waarme Summer mat 15.000 Doudeger a ganz Frankräich. Zu Paräis gëtt et 9 Deeg mat iwwer 35 °C vum 4. bis 12. August. Rekord vun der Minimaltemperatur an der Nuecht mat 25,5 °C an der Nuecht vum 11. op den 12. August. Et ass de wäermste Summer zanter offiziell Daten zu Paräis notéiert ginn (1757).
  • November 2003: Sozialen Europäesche Forum, organiséiert vun den Altermondialisten.
  • Summer 2005: Bränn zu Paräis mat ronn 20 Doudesaffer.
  • Mäerz 2006: D'Paräisser Universitéite si vun de Studente besat. D'Sorbonne gëtt vun der Police evakuéiert a bis am Abrëll bleiwen d'Dieren zou.
  • 16. Dezember 2006: Eng Tramlinn vu 7,9 km geet tëscht dem Pont de Garagliano an der Porte d'Ivry op. No 70 Joer kënnt den Tram nees zeréck op Paräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chronologie vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.