1950
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1946 |
1947 |
1948 |
1949 |
1950
| 1951
| 1952
| 1953
| 1954
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1950.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Februar: De Juho Kusti Paasikivi gëtt als Staatspresident vu Finnland erëmgewielt.
- 23. Februar: D'Labour Party gewënnt d'Wale fir d'Ënnescht Chamber a Groussbritannien; de Clement Attlee gëtt als Premierminister confirméiert.
- : De 9. Meefranséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en dozou oprifft, datt déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir sou an Zukunft Kricher onméigleg ze maachen. Domat hat hien de Grondstee vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
- : Am 6. JuniGörlitzer Ofkommes tëscht der DDR an der Volleksrepublik Polen gëtt d'Oder-Neiße-Linn als nei polnesch Westgrenz festgeluecht.
- 24. Juni: A Frankräich trëtt de Georges Bidault als Regierungschef zeréck; den Henri Queuille gëtt säin Nofollger, dee gëtt awer schonn den 12. Juli vum René Pleven ofgeléist.
- 25. Juli: De Walter Ulbricht gëtt Generalsekretäit vum Zentralcomité vun der SED (DDR).
- : De 1. Augustbelsche Kinnek Leopold III. kënnt aus dem Exil zeréck; et kënnt zu sëllege Manifestatioune géint hien.
- 29. Oktober: De Gustav VI. Adolf gëtt nom Doud vu sengem Papp Gustav V., neie Kinnek vu Schweden.
- : D' 4. NovemberEuropäesch Mënscherechtskonventioun (EMRK) gëtt ënnerschriwwen.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Juni: Lëtzebuerg decidéiert, am Kader vun UN-Truppen, Zaldoten an de Koreakrich ze schécken.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Abrëll: Mam Group Areas Act decidéiert d'südafrikanesch Regierung am Kader vun hirer Apartheidspolitik, d'Wunn- an Aarbechtsgebidder no Rassen ze trennen.
- : De Population Registration Act deelt d'Leit a Südafrika a verschidde "Rassen" an, fir d'Apartheidspolitik ze stäerken. 7. Juli
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 31. Januar: Den US-President Harry S. Truman gëtt den Uerder eng Waasserstoffbomm ze bauen.
- : Den 9. Februaramerikanesche Senator Joseph McCarthy fänkt mat senger "Kommunistejuegd" un.
- 16. Dezember: Wéinst dem Koreakrich rifft de President Truman fir d'USA den nationalen Noutstand aus.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- : De 3. OktoberGetúlio Dornelles Vargas gëtt zum Staatspresident vu Brasilien gewielt.
- 13. November: De venezolanische President Carlos Delgado Chalbaud, dee Member vun der Militärjunta ass, déi un der Muecht ass, gëtt entféiert an ermuert.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Januar: Indien gëtt offiziell eng Republik, de Rajendra Prasad gëtt hiren éischte President.
- : Den 1. MäerzChiang Kai-shek rifft op Taiwan, wou sech de Kuomintang nom Biergerkrich zeréckgezunn huet, d'Republik China aus.
- : D'chineesesch 7. OktoberVolleksbefreiungsarméi besetzt den Tibet.
- : 4. OktoberIndochinakrich: Frankräich verléiert d'Festung Cao Bằng.
- 21. Oktober: Indochinakrich: D'Vietnamesesch Volleksarméi eruewert d'Festung Lang Son.
Koreakrich
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Juni: Ufank vum Koreakrich: Nordkoreanesch Truppen iwwerfale Südkorea.
- 27. Juni: De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen decidéiert, eng Interventiounstrupp opzestellen.
- 28. Juni: Nordkoreanesch Truppen eruewere Seoul De 5. Juli komme se no der Schluecht vun Osan bis un d'Südküst vu Korea weider.
- : Den US-Generol 7. JuliDouglas MacArthur iwwerhëlt déi iewescht Commande vun den UN-Truppen am Koreakrich.
- 11. Juli: D'USA gi Südkorea 1,2 Mrd. Dollar Militärhëllef.
- 31. Juli: Mat der Resolutioun 85 autoriséiert den UNO-Sécherheetsrot d'militäresch Interventioun vun enger UNO-Trupp a Korea.
- 15. September: Mat der Landung bei Incheon fänkt d'Géigenoffensiv vun der UNO-Trupp un.
- 30. September: Südkoreanesch Truppe ginn iwwer den 38. Breetegrad eraus; dëst gëtt nodréiglech de 7. Oktober vun der UNO accordéiert.
- 19. Oktober: UN- Truppen eruewere Pjöngjang. Fräiwëllegenverbänn aus China kommen iwwer d'Grenz, fir Nordkorea ze hëllefen.
- 25. Oktober: Éischt Kämpf tëscht der chineesescher Fräiwëllegenarméi an enger südkoreanescher Infanteriesunitéit.
- 26. November: Ufank vun der Schluecht ëm de Chosin-Reservoir: d'UN-Truppe musse sech op de Bréckekapp vu Hŭngnam zeréckzéien, vu wou aus se Enn Dezember a Südkorea evakuéiert ginn.
- 30. November: Den US-President Harry S. Truman dréit domat, dAtombomm anzesetzen.
- : D'Amerikaner musse sech aus 5. DezemberPjöngjang zeréckzéien.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- : 4. JanuarIsrael deklaréiert Jerusalem als seng Haaptstad.
- 24. Mee: D'haschemitescht Kinnekräich Jordanien gëtt proclaméiert.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Edmond Dune, Matière première.
- Edmond Dune, Enfantines.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 19. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Schwäiz. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[1]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales a Marcel Rewenig geschoss.[2]
- 21. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint England. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich. 4. Juni[4]
- 18. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bergen 2:2 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Letsch a François Muller geschoss.[5]
- 22. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oslo 0:1 géint Norwegen.[6]
- 29. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[7]
- 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. No engem Selbstgol vun de Belsch huet den Nicolas Kettel fir d'Lëtzebuerger den zweete Gol geschoss.[8]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Volker Einrauch, däitsche Filmregisseur.
- Péter Esterházy, ungaresche Schrëftsteller.
- Monique Hermes, lëtzebuergesch Léierin a Journalistin.
- Michael C. Malin, US-amerikanesche Physiker, Planetolog a Geowëssenschaftler.
- Armand Thill, lëtzebuergeschen Historiker.
- 17. Januar: Cristina Galbó, spuenesch Schauspillerin.
- 22. Januar: Marie-Josée Jacobs, lëtzebuergesch Politikerin.
- 24. Januar: Daniel Auteuil, franséische Schauspiller.
- 25. Januar: Jean-Marc Ayrault, franséische Politiker.
- 26. Januar: Jörg Haider, éisträichesche Politiker.
- 28. Januar: Philippe Marini, franséische Politiker.
- : 6. FebruarNatalie Cole, US-amerikanesch Sängerin.
- : 7. FebruarAriel Wagner-Parker, brittesch Schrëftstellerin.
- : 8. FebruarGuy W. Stoos, lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
- 10. Februar: Mark Spitz, US-amerikanesche Schwëmmer.
- 13. Februar: Ewa Aulin, schweedesch Schauspillerin.
- 13. Februar: Peter Gabriel, brittesche Pop-Museker.
- 15. Februar: Jean Hansen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Februar: Jacques Mousel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. Februar: Johan Leysen, belsche Schauspiller.
- 21. Februar: Sahle-Work Zewde, ethiopesch Diplomatin a Staatspresidentin.
- 22. Februar: Miou-Miou, franséisch Schauspillerin.
- 23. Februar Ingrid Stampa, däitsch Museksprofessesch an Haushälterin vum Poopst Benedikt XVI.
- 25. Februar: Néstor Kirchner, argentinesche Politiker; Staatspresident.
- 27. Februar: Raymond Waringo, lëtzebuergeschen Historiker an Archeolog.
- 28. Februar: Carole Mersch, lëtzebuergesch Geschichtsprofessesch an Historikerin.
- : 2. MäerzKaren Carpenter, US-amerikanesch Sängerin.
- Nico Schneider, lëtzebuergesche Professer an Zoolog. 2. Mäerz:
- : 7. MäerzMill Majerus, lëtzebuergesche Politiker a Sexolog.
- 15. Mäerz: Fränz Dasbourg, lëtzebuergeschen Ingenieur a Buchillustrateur.
- 16. Mäerz: Robert Mancini, lëtzebuergesche Journalist a Sculpteur.
- 18. Mäerz: Brad Dourif, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Mäerz: William Hurt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Mäerz: Sergei Wiktorowitsch Lawrow, russesche Politiker.
- 22. Mäerz: Goran Bregović, bosnesche Museker a Komponist.
- 30. Mäerz: Robbie Coltrane, schottesche Schauspiller.
- : 5. AbrëllAgnetha Fältskog, schweedesch Sängerin.
- Guy Schons, lëtzebuergesche Vollekslidd-fuerscher a -Sänger. 5. Abrëll:
- 12. Abrëll: Joyce Banda, Politikerin aus Malawi.
- 12. Abrëll: David Cassidy, US-amerikanesche Schauspiller a Sänger.
- 13. Abrëll: Ron Perlman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Abrëll: Isabelle Weingarten, franséisch Schauspillerin, Fotografin a Mannequin.
- 21. Abrëll: Pierre Mores, lëtzebuergesche Jurist a fréiere President vum Staatsrot.
- 26. Abrëll: Victor Rod, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 28. Abrëll: Jay Leno, US-amerikanesche Komiker an Tëleesanimateur.
- 29. Abrëll: Jeannot Krecké, lëtzebuergesche Politiker.
- : 5. MeeAnnette Weiwers-Probst, lëtzebuergesch Molerin.
- 6. MeeJeffery Deaver, US-amerikanesche Krimi-Auteur.
- : 9. MeeFernand Fehlen, lëtzebuergesche Soziolog.
- Frank Feitler, lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur. 9. Mee:
- 13. Mee: Stevie Wonder, US-amerikanesche Pop-Sänger.
- 17. Mee: Martina Kempff, däitsch Schrëftstellerin.
- 18. Mee: Thomas Gottschalk, däitsche Radios- an Tëleesanimateur a Schauspiller.
- 19. Mee: Anne Brasseur, lëtzebuergesch Politikerin.
- 20. Mee: Jhala Nath Khanal, nepaleesesche Politiker.
- 20. Mee: Ed Maroldt, lëtzebuergesche Professer, Auteur, Theaterschauspiller a Regisseur.
- 20. Mee: Arlette Wilmes, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 24. Mee: Alain Anen, lëtzebuergesche Fechter.
- 25. Mee: Richard Salisbury Ellis, britteschen Astronom.
- 27. Mee: Dee Dee Bridgewater, US-amerikanesch Jazz-Sängerin.
- 31. Mee: Tom Berenger, amerikanesche Schauspiller.
- : 4. JuniGeorges Ressler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 6. JuniChantal Akerman, belsch Regisseurin.
- 10. Juni: Jacques Hansen, Direkter vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.
- 15. Juni: Lakshmi Mittal, indeschen Industriellen.
- 15. Juni: Jup Weber, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Juni: Ray Lovelock, italieenesche Schauspiller.
- 20. Juni: Gudrun Landgrebe, däitsch Schauspillerin.
- 29. Juni: Gaby Geimer, lëtzebuergesch Biologin.
- 29. Juni: Gaston Gibéryen, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 30. Juni: Leonard Whiting, englesche Schauspiller.
- : 3. JuliÉlie Chouraqui, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- : 7. JuliGerda Hasselfeldt, däitsch Politikerin.
- Yūji Hyakutake, japaneschen Amateurastronom. 7. Juli:
- : 9. JuliViktor Janukowytsch, ukrainesche Politiker.
- 10. Juli: Jeannot Bonifas, lëtzebuergesche Gemengepolitiker.
- 10. Juli: Prokopis Pavlopoulos, griichesche Politiker, Staatspresident.
- 13. Juli: Georges Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- 16. Juli: Henri Grethen, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Juli: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.
- 18. Juli: Raymond Zender, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Juli: James Glickenhaus, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 26. Juli: Susan George, englesch Schauspillerin.
- 31. Juli: Richard Berry, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- : 5. AugustLucien Didier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- Rosi Mittermaier, däitsch Schileeferin. 5. August:
- : 8. AugustMartine Aubry, franséisch Politikerin.
- : 9. AugustAnémone, franséisch Schauspillerin.
- 12. August: Iris Berben, däitsch Schauspillerin.
- 13. August: Marlyse Pauly, Generalsekretärin vum COSL a Lycéesprofessorin.
- 14. August: Gary Larson, US-amerikanesche Comic-Zeechner a Cartoonist.
- 14. August: François Dupeyron, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 21. August: Patrick Juvet, Schwäizer Sänger a Lidderschreiwer.
- 30. August: John Landis, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Théid Faber, lëtzebuergesche Biolog an Ëmweltaktivist.
- 14. September: Howard Deutch, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 14. September: Geneviève Ley, lëtzebuergesch Molerin.
- 14. September: Eugene Trinh, US-amerikaneschen Astronaut.
- 16. September: Loyola de Palacio, spuenesch Politikerin.
- 17. September: Narendra Modi, indesche Politiker.
- 21. September: Bill Murray, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. September: Joseph Salentiny, lëtzebuergesche Biolog an Direkter vum Kolléisch.
- 25. September: Bernard Le Coq, franséische Schauspiller
- : 6. OktoberRomain Durlet, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Politiker.
- : 7. OktoberMarcel Barthel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Oktober: Mady Delvaux-Stehres, lëtzebuergesch Politikerin.
- 20. Oktober: Tom Petty, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 21. Oktober: Paul Philipp, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Oktober: Bert Pronk, hollännesche Vëlossportler.
- 26. Oktober: Nico Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. Oktober: Abdullah Gül, tierkesche Politiker.
- 31. Oktober: Zaha Hadid, irakesch-brittesch Architektin an Designerin.
- 10. November: Josy Christen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 11. November: Nico Demuth, lëtzebuergeschen Autoscoureur.
- 12. November: Coen van Vrijberghe de Coningh, hollännesche Schauspiller.
- 17. November: Marco Lorenzini, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 28. November: Ed Harris, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent.
- 28. November: Josiane Kartheiser, lëtzebuergesch Léierin, Schrëftstellerin a Journalistin.
- 28. November: Russell Hulse, US-amerikanesche Physiker
- 18. Dezember: Gillian Armstrong, Filmregisseur.
- 19. Dezember: Jean Portante, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer, Editeur a Journalist.
- 26. Dezember: Michel Demart, belschen Aquarellist an Illustrateur.
- 26. Dezember: Raja Pervaiz Ashraf, pakistanesche Politiker.
- 29. Dezember: Raymond Reuter, lëtzebuergesche Fotograf.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarAuguste Engel, lëtzebuergesche Komponist, Sänger a Schauspiller.
- : 3. JanuarEmil Jannings, däitsche Schauspiller.
- 21. Januar: George Orwell, englesche Schrëftsteller.
- 22. Januar: Nicolas Schaeftgen, lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.
- 27. Januar: Joseph Capgras, franséische Psychiater.
- : 1. FebruarPierre Prüm, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Februar: Karl Guthe Jansky, US-amerikanesche Physiker, Astronom a Radioingenieur.
- 19. Februar: Joseph Tockert, lëtzebuergesche Sproochfuerscher.
- 25. Februar: Alphonse Benoît, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- : 6. MäerzAlbert Lebrun, President vun der franséischer Republik.
- Ernest Feltgen, lëtzebuergeschen Dokter. 6. Mäerz:
- 11. Mäerz: Heinrich Mann, däitsche Schrëftsteller.
- 19. Mäerz: Edgar Rice Burroughs, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 25. Mäerz: Jean-Pierre Theisen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 30. Mäerz: Léon Blum, franséische Politiker.
- : 3. AbrëllKurt Weill, däitsche Komponist.
- : 4. AbrëllGustave Jacquemart, lëtzebuergesche Sportspionéier a Politiker.
- : 7. AbrëllWalter Huston, kanadesche Schauspiller.
- : 8. AbrëllVaslav Nijinsky, polnesch-russesche Balletsdänzer a Choreograph.
- : 2. MeeArthur Diderrich, lëtzebuergesche Jurist an Historiker.
- : 7. MeeJean-Baptiste Sax, Direkter vun der Steier-, Akzisen- a Kadasterverwaltung.
- 24. Juni: Jacques Battin, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 29. Juni: Melitta Bentz, Entrepreneuse; Erfinderin vum Kaffisfilter.
- 18. Juli: Mignon Talbot, US-amerikanesch Paleontologin.
- 17. Juli: Alphonse Kemp, lëtzebuergeschen Architekt.
- 11. August: Nicolas Wampach, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 13. August: Urbain Heintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 22. August: Michel Gindt, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 27. August: Henri Kellen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 13. September: Sara Allgood, iresch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 24. September: Adolphe Krieps, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 24. September: Albert Hoefler, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist a Literaturkritiker.
- 14. Oktober: António Maria da Silva, portugisesche Politiker; Ministerpresident.
- 28. Oktober: Jean-Pierre Franck, lëtzebuergeschen Enseignant an Historiker.
- 29. Oktober: Gustav V., Kinnek vu Schweden 1907 bis 1950.
- : 2. NovemberGeorge Bernard Shaw, ireschen Theaterschrëftsteller, Literatur-Nobelpräisdréier.
- : 3. NovemberEugène Ruppert, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- Chrétien Angelsberg, lëtzebuergesche Bauer a Politiker. 3. November:
- 26. November: Hedwig Courths-Mahler, däitsch Schrëftstellerin.
- 29. November: Lambert Piedboeuf, däitsche Sculpteur.
- 21. Dezember: Edwin Foster Coddington, US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 27. Dezember: Max Beckmann, däitsche Moler a Grafiker.
- 31. Dezember: Charles Koechlin, franséische Komponist.
- 31. Dezember: Karl Renner, éisträichesche Politiker.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1950 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 19. Mäerz 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 16. Abrëll 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 21. Mee 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 4. Juni 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg den 18. August 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg den 22. August 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich den 29. Oktober 1950 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 12. November 1950 op der Websäit vun European Football