Sosthène-Weis-Strooss

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Neie Wee (Stad Lëtzebuerg))
Rue Sosthène-Weis
Numm lb: Neie Wee
fr: Rue Sosthène-Weis
Fréieren Numm fr: Rue Neuve (bis 1925)[1],
rue des Rochers
Längt ca. 855 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn, Pafendall
Postcode 2722
Koordinaten 49° 36’ 39.2’’ N
      06° 08’ 07.3’’ O
Genannt no Sosthène Weis
Verlaf vun der Sosthène-Weis-Strooss (bloe Stréch). Quell: Open street map.

D'Sosthène-Weis-Strooss, och nach Neie Wee, offiziell rue Sosthène-Weis, ass eng Strooss déi de Stadgronn mam Pafendall verbënnt.

Si fänkt un op enger Gafelung mam Gronnbierg (Montée du Grund) an der Plaetisgaass, geet dann, ënne laanscht d'Sandsteefielsen an d'Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch an dann op der Pafendaller Säit laanscht den Hang erof bis do, wou se mat der Laurent-Menager-Strooss, dem Pafendaller Bierg an dem Päerdswee zesummekënnt.

D'Van-der-Vekene-Haus ass e bekannt Haus wat direkt um Ufank vun der Sosthène-Weis-Strooss am Gronn läit.

Fréier Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Bezeechnung vun der Sosthène-Weis-Strooss war Neie Wee, offiziell rue Neuve. 1925 gouf den Numm op Felsenstrasse / rue des Rochers geännert, an eréischt 1946[2] gouf d'Strooss nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941) genannt.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Van der Vekene, Émile, 2009. "L'ancienne Maison van der Vekene au Grund. Essai iconographique." In: Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte Jg. 61 (H. 3), S.403-424.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sosthène-Weis-Strooss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Decisioun vum Stater Gemengerot vum 29.Dezember 1945.
  3. Cf. van der Vekene 2009:403 an der Literatur.
  4. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015