Avenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg)
Numm | fr: Avenue John-F.-Kennedy |
---|---|
Längt | ca. 3.700 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier |
Kierchbierg, Neiduerf/Weimeschhaff, |
Postcode | 1855 |
Koordinaten |
49° 37’ 34.5’’ N 06° 09’ 41.4’’ O |
Genannt no | John F. Kennedy |
D'Avenue John-F.-Kennedy ass eng Strooss um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg. Et ass d'Haaptstrooss, déi, op knapps 4 km, vun der Rouder Bréck aus queesch iwwer de Plateau bis bei de Rond-point Serra geet, wou se Uschloss mat der Autobunn A1 huet. D'N51 féiert driwwer.
D'Avenue Kennedy war ursprénglech als Autobunn gebaut ginn. Tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore gouf se zu engem Stadboulevard zeréckgebaut: Autobunnsop- an offaarten, souwéi Ënnerféierunge goufen ewechgemaach, normal Kräizunge mat Foussgängersträif goufen ugeluecht, asw.[1] Bei dësem Ëmbau goufen och Vëlosweeër an en Tracé fir den Tram amenagéiert, deen do zanter dem Dezember 2017 fiert.
Hiren Numm krut s'als Erënnerung un den US-President John F. Kennedy.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Avenue J.F. Kennedy op der Héicht vun der Coque.
-
Vue op d'Enn vun der Avenue, mam Rond-point Serra am Hannergrond.
-
De Stater Tram an der Avenue Kennedy.
-
Vue vun uewen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Avenue John-F.-Kennedy (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien |