Rue Philippe-II
Lëtzeb. Numm |
Philippsgaass, Hällepull |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-2340 |
Koordinaten | 49°36'39,89"N, 6°7'41,05"O |
Morphologie | |
Längt | 280 m |
Héicht i. M. | 302 m |
Geschicht | |
Genannt | 1945 |
Genannt no | Felipe II. vu Spuenien |
D'Rue Philippe II (op lëtzebuergesch „Philippsgaass“) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se leeft vun der Groussgaass a Richtung Süden, bis bei de Boulevard Roosevelt.
Se ass nom Philippe II. vu Spuenien (1512-1598) genannt. Deem säi Papp, de Karel V., huet de 25. Oktober 1555 zu Bréissel zu Gonschte vu sengem Jong op de spueneschen Troun verzicht. De Philippe II. gouf deemno ë. a. Kinnek vun de Spueneschen Nidderlanden, an domat och vum Herzogtum Lëtzebuerg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Strooss ass 1555 ugeluecht ginn, nodeems et duerch d'Brandkatastroph dat Joer virdrun néideg gi war, fir d'Uewerstad z'urbaniséieren. Dem François Lascombes no soll awer op d'mannst den ieweschten Deel, zur Uecht[1] hin, nach méi al sinn.
Um Deventer sengem Plang vun ëm 1560 gesäit een, datt vun der Rue Saint-Joss[2] aus e Wee a Richtung Norde fort geet, bis bei eng Hal déi vun der Mëtt vum 13. Joerhonnert bis 1554 do stoung. Vun dëser Hal (déi 1554 duerch d'Feier zerstéiert gouf) aus huet eng kleng Gaass[3] an engem Bou bis op d'Uecht gefouert.
An de Bebauungspläng déi nom Feier opgestallt goufen, si weeder d'Hal nach d'Gaass agezeechent. Den Eustache de Wiltheim (1600-1667) ernimmt iwwerdeems awer d'Uleeë vun der Philippsgaass am ieweschten Deel.
Den Duerchbroch fir eng Strooss an enger riichter Linn unzeleeën ass 1610 erfollegt, wéi vum Magistrat nei Stroossentrasse geplangt goufen. Esou Pläng hunn zwar scho virdru bestanen, konnten awer wéinst dem Widderstand vun de Franziskaner vum Knuedler ni realiséiert ginn, déi bis dohin net averstane ware fir eng Partie vun hiren Terrainen ofzetrieden.
1670 hat de Grof vu Louvigny Pläng erstallt fir an der Verlängerung vun der Philippsgaass eng Bréck iwwer de Péitrussdall ze bauen.
Den Numm vun der Strooss
[änneren | Quelltext änneren]An alen Dokumenter gëtt d'Strooss iertemlecherweis och emol als Rue Saint-Philippe bezeechent. Wärend der Franséischer Revolutioun gouf se de 15. September 1798 (29. Fructidor am Joer VI) a Rue de la Nation ëmgenannt an 1807 an Rue Saint-Philippe.
Vun 1925 un housch d'Strooss Rue Philippe, wärend der däitscher Besatzung Philippsgasse an 1945 krut se - duerch e Beschloss vum Stater Gemengerot - nees hiren ursprénglechen Numm Rue Philippe II.
Hällepull
[änneren | Quelltext änneren]Op der Kräizung vun der Philippsgaass mat der Ënneschtgaass gouf et an der Zäit en Dëmpel an deen d'Ofwaasser vun de Stroossen uewendriwwer gefloss ass, ier et weider an d'Péitruss gelaf ass. Duerch Aarbechten un de Befestegungsmauere koum et awer dozou, datt d'Waasser net méi richteg ofgezunn ass an et huet sech sou e sténkege Pull gebilt.
Dem Lascombes no ass den Numm „Hällepull “op d'Hal zeréckzeféieren, déi hei driwwer ernimmt ass. Et kéint awer och sinn, datt et - wéinst dem Gestank - mat der Häll associéiert gouf.
Eng aner Explikatioun liwwert d'Isabelle Yegles-Becker: Den Numm kéim dohier, well de Waaserbaseng hannert enger Maarthal fir Baumaterial louch, an deen no där Hal "Halepull" > "Hellepull" genannt gouf.[4]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
An der Philippsgaass, a Richtung Norde gekuckt.
-
Um Eck mat der Montereysavenue.
-
D'Maison Bonn um Eck vun der Poststrooss.
-
D'Philippsgaass mat der Chrëschtbeliichtung
Quell
[änneren | Quelltext änneren]Wann net anescht uginn: Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an ons stad, Nr. 39/1992, S. 30
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rue Philippe-II (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ haut: Groussgaass
- ↑ haut: Ënneschtgaass
- ↑ an de Chroniken als „nuwengasse“ bezeechent
- ↑ "Firwat heescht ... den Hällepull Hällepull? ons stad Nr.122/2020.