Op den Inhalt sprangen

Rue Saint-Mathieu

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sichegaass)
Rue Saint Mathieu
Numm lb: Descherwee[1], Sichegaass[2]
fr: Rue Saint Mathieu
Fréieren Numm fr: Rue des Tisserands (bis 1925)[3]
Längt ca. 540 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 2138
Koordinaten 49° 37’ 06’’ N
      06° 07’ 56.4’’ O

D'Rue Saint Mathieu ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Bréckergaass bei der Pafendaller Kierch a Richtung Norden, laanscht d'Sichepaart an ënnert der Rouder Bréck erduerch bis op de Sichenhaff. Se ass en Deel vum CR218.

D'Strooss huet den Numm vum Patréiner vun der Kierch, dem hellegen Téiwes.

Tëscht 2015 an Enn 2017 gouf am Descherwee déi nei Zuchhalt Gare Kierchbierg-Pafendall op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen gebaut, zesumme mat engem Funiculaire a Richtung Kierchbierg.

Commons: Rue Saint-Mathieu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. vum Sichenhaff bis bei d'Sichepaart
  2. vun der Sichepaart bis bei d'Bréckergaass
  3. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11