2019
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2015 |
2016 |
2017 |
2018 |
2019
| 2020
| 2021
| 2022
| 2023
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2019.
D'Joer 2019 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : Rumänien iwwerhëlt turnusgeméiss bis den 30. Juni des Joers d' 1. JanuarPresidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
- 23. Januar: De Krišjānis Kariņš gëtt neie Premierminister a Lettland.
- 12. Februar: Aus der Republik Mazedonie gëtt offiziell Nordmazedonien.
- : Parlamentswalen an 3. MäerzEstland.
- 31. Mäerz: D'Zuzana Čaputová gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen an der Slowakei.
- : Den 4. AbrëllGeorge Vella gëtt neie Staatspresident a Malta.
- 14. Abrëll: D'Sozialdemokratesch SDP mat un der Spëtzt dem Antti Rinne gewënnt knapps d'Parlamentswalen a Finnland, virun de Basisfinnen.
- 21. Abrëll: De Wolodymyr Selenskyj gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen an der Ukrain, hie gëtt den 20. Mee vereedegt.
- : De 4. MeeStevo Pendarovski gewënnt d'Presidentschaftswalen an Nordmazedonien.
- 16. Mee: De Xavier Espot Zamora gëtt neie Premierminister an Andorra.
- 23. bis 26. Mee: Wale fir d'Europäescht Parlament.
- 26. Mee: Wale fir dat Federaalt Parlament an der Belsch.
- 26. Mee: De Gitanas Nausėda gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen a Litauen; hie gëtt den 12. Juli vereedegt.
- : Nom Mësstrauensvott géint de 3. JuniSebastian Kurz gëtt d'Brigitte Bierlein Bundeskanzlerin an Éisträich.
- : Bei de Parlamentswalen an 5. JuniDänemark kritt déi sozialdemokratesch Partei déi meescht Stëmmen. Hir Presidentin, d'Mette Frederiksen gëtt de 27. Juni als nei Premierministesch vereedegt.
- : Den 6. JuniAntti Rinne gëtt neie Premierminister a Finnland.
- : 1. JuliFinnland iwwerhëlt turnusgeméiss bis Enn des Joers d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
- : D'Oppositiounspartei Nea Dimokratia vum 7. JuliKyriakos Mitsotakis gewënnt déi virgezunne Parlamentswalen a Griicheland; dëse gëtt deen Dag drop zum neie Premierminister ernannt.
- : Den 8. JuliEgils Levits gëtt nei Staatspresident vun der Republik Lettland.
- 24. Juli: Nom Récktrëtt vun der Theresa May, well se fir dat mat der EU ausgehandelt Ofkommes iwwer den Austrëtt aus der Europäescher Unioun am House of Commons keng Majoritéit fonnt huet, gëtt de Boris Johnson zum neie Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich ernannt.
- 29. August: Den Oleksij Hontscharuk gëtt neie Premierminister an der Ukrain.
- 29. September: Bei de virgezunnene Parlamentswalen an Éisträich kritt d'ÖVP vum Sebastian Kurz déi meeschte Stëmmen.
- : D'Sozialisten ënnert dem 6. OktoberAntónio Costa gi stäerkst Partei bei de Parlamentswalen a Portugal.
- 13. Oktober: Parlamentswalen a Polen, d'PiS bleift stäerkst Partei.
- 15. Oktober: De Ludovic Orban gëtt zum neie Premierminister a Rumänien ernannt.
- 27. Oktober: D'Sophie Wilmès gëtt zur neier Interims-Premierministesch an der Belsch ernannt.
- 10. November: Nei Parlamentswalen a Spuenien, nodeems bei deene vum 28. Abrëll keng Regierungskoalitioun fonnt konnt ginn.
- 24. November: De Klaus Iohannis gëtt am 2. Tour als President vu Rumänien erëmgewielt.
- 10. Dezember: Nom Récktrëtt vum Antti Rinne gëtt d'Sanna Marin nei Premierministesch a Finnland.
- 10. Dezember: Bei de virgezunnene Parlamentswalen am Vereenegte Kinnekräich, déi de Premier Boris Johnson ausgeruff hat, nodeems och hie keng Majoritéit am Parlament fonnt hat, fir den Austrëttsaccord aus der EU, deen en ausgehandelt hat, duerchzezéien, kritt d'Conservative Party mat 365 Sëtz déi absolut Majoritéit.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Mee: Bei den Europawale gi vun der CSV 2 (-1), der DP 2 (+1), an deene Gréngen an der LSAP jee 1 Deputéierten an d'Europaparlament gewielt. Am Ganzen hate jee 6 Kandidaten aus 10 Parteie kandidéiert.
- 25. Juli: Mat 40,8 °C gëtt déi héchst jee zu Lëtzebuerg gemoossen Temperatur registréiert.
- : En 9. AugustTornado zitt iwwer d'Gemenge Péiteng a Käerjeng ewech; 160 Gebaier ginn zum Deel schwéier beschiedegt, 19 Leit blesséiert, dovun 2 schwéier.
- : D' 1. OktoberLëtzebuerger Nationalbibliothéik mécht hir Dieren an hirem neie Gebai um Kierchbierg op.
-
Stëmmziedel Europawalen
-
Neit Gebai vun der Nationalbibliothéik
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Januar: Nom Ausziele vun de Wale vum 30. Dezember 2018, gëtt bekannt, datt de Félix Tshisekedi als President vun der Demokratescher Republik Kongo gewielt gouf.
- 23. Februar: De Muhammadu Buhari gëtt als President vun Nigeria erëmgewielt.
- 24. Februar: De Macky Sall gëtt als President vum Senegal erëmgewielt.
- 2. Abrëll: Den algeeresche President Abd al-Aziz Bouteflika trëtt zeréck.
- 18. Abrëll: De Premierminister vum Mali Soumeylou Boubèye Maïga demissionéiert an d'Regierung gëtt deemno opgeléist.
- 14. Mee: D'Plaz vum Premierminister gëtt am Senegal ofgeschaaft.[1] De leschte Premierminister war de Mahammed Dionne.
- 13. Oktober: De Kaïs Saïed gewënnt d'Presidentschaftswalen an Tunesien.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Nordamerika
[änneren | Quelltext änneren]Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Januar: De Parlamentspresident Juan Guaidó ernennt sech selwer zum Interimspresident vu Venezuela, a Konkurrenz zum gewielte President Nicolás Maduro.
- 3. Februar: Den Nayib Bukele gëtt zum neie President vun El Salvador gewielt.
- : De 4. MeeLaurentino Cortizo gewënnt d'Presidentschaftswalen am Panama.
- 11. August: Den Alejandro Giammattei gewënnt d'Presidentschaftswalen am Guatemala.
- 10. Dezember: Den Alberto Ángel Fernández gëtt als neie President an Argentinie vereedegt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- : De 6. JanuarMuhammad V., Kinnek vu Malaysia, trëtt zeréck.
- 25. Februar: Den Asqar Mamin gëtt neie Premierminister a Kasachstan.
- 19. Mäerz: Nom Récktrëtt vum kasachesche Staatspresident Nursultan Nasarbajew gëtt den Dag drop de Qassym-Schomart Toqajew als säin Nofollger vereedegt.
- 17. Abrëll: De Joko Widodo gëtt bei de Presidentschaftswalen an Indonesien erëmgewielt.
- : Den 1. MeeNaruhito gëtt neie Keeser vu Japan.
- 16. November: De Gotabaya Rajapaksa gëtt zum President vu Sri Lanka gewielt.
Ozeanien
[änneren | Quelltext änneren]- 18. Mee: D'Koalitioun ënner dem Premierminister Scott Morrison gewënnt d'Parlamentswalen an Australien.
Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Matera (Italien) a Plovdiv (Bulgarien) sinn Europäesch Kulturhaaptstied 2019.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]- November: De Franz Ruf kritt de Prix Grand-Duc Adolphe
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 2. JuliElise Schmit kritt de Servais-Präis fir hir Kuerzgeschichten Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen.
- : De 4. DezemberSamuel Hamen gewënnt den éischte Präis beim Nationale Literaturconcours 2019 fir säi Roman I.L.E.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 16. Mee: Den Duncan Laurence gewënnt mat Arcade d'Finall vum Eurovision Song Contest 2019 zu Tel Aviv.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- César fir dee beschte Film: Jusqu'à la garde vum Xavier Legrand
- Oscar fir dee beschte Film: Green Book vum Peter Farrelly
- Gëlle Palm fir dee beschte Film: Parasite vum Bong Joon-Ho
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Première vun: Péitruss (12.3.), Sawah (20.3.), Lost in the 80s (9.10.), De Buttek (27.11.),...
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- 28. Juni: D'EU an d'Mercosur-Länner (Argentinien, Brasilien, Paraguay, Uruguay) ënnerschreiwen en Handelsaccord.
- 30. Juni: D'EU an de Vietnam ënnerschreiwen en Handelsaccord.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- : D'US-amerikanesch 1. JanuarRaumsond New Horizons flitt op ongeféier 3.500 km laanscht den transneptuneschen Objet (486958) Arrokoth, deen Objet am wäitste vun eis ewech, dee vun enger Sond ënnersicht gouf.
- : Déi chineesesch Raumsond 3. JanuarChang'e-4, déi de 7. Dezember 2018 gestart war, lant um 3:26 Auer MEZ als éischt op der hënneschter Säit vum Mound.
- : E Mineral, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf, kritt offiziell den Numm 9. AbrëllLuxembourgit.
- 11. Abrëll: Déi éischt Foto vun engem Schwaarze Lach, opgeholl vum Event Horizon Telescope an der Galaxie Messier 87, gëtt publizéiert.
- : De Modul vun der indescher Moundmissioun 6. SeptemberChandrayaan-2, deen um Mound lande sollt, fält erof. Den Orbiter, mat deem en den 22. Juli 2019 gestart ass, funktionéiert normal.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Januar: D'Naomi Osaka gewënnt d'Australian Open bei den Dammen.
- 27. Januar: Den Novak Djokovic gewënnt d'Australian Open bei den Hären.
- : De 3. MäerzBob Jungels gewënnt Kuurne-Brussel-Kuurne 2019.
- 22. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stater Josy-Barthel-Stadion an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2:1 géint Litauen. De Leandro Barreiro Martins an de Gerson Rodrigues hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss[2].
- 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Josy-Barthel-Stadion an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:2 géint d'Ukrain. Den Dave Turpel huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss, an an der 93. Spillminutt war de Gerson Rodrigues den "Auteur" vum Selbstgol[3].
- 11. Mee–2. Juni: Giro d'Italia 2019; den Ecuadorianer Richard Carapaz gewënnt d'Course.
- 27. Mee–1. Juni: Spiller vun de klenge Länner 2019 a Montenegro.
- 2. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet am Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 3:3 mat Madagaskar gläichgespillt. De Vincent Thill (an der zweeter Minutt), de Vahid Selimovic (90') an de Laurent Jans (och an der 90') hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Fir de Selimovic war et den éischte Match am Kader vun de Roude Léiwen. Et war och den Debutmatch fir de Kevin Holtz[4], an et war de leschte Match an der Nationalekippkarriär vum Mario Mutsch[5].
- 7. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp huet a litauesche Vilnius an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:1 mat Litaue gläichgespillt. De Gerson Rodrigues huet an der 21. Minutt den eenzege Gol fir Lëtzebuerg geschoss[6].
- 10. Juni: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Arena-Lwiw-Stadion zu Lwiw (Ukrain) an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:0 géint d'Ukrain[7].
- : D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 5. SeptemberBelfast an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Nordirland. De Gol fir Nordirland war de Selbstgol vum Lëtzebuerger Verdeedeger Kevin Malget[8].
- 12. Oktober: Den Eliud Kipchoge leeft, mat 1h 59min 40sec, als Éischten de Marathon ënner 2 Stonnen.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 2. JanuarBob Einstein, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 3. JanuarChristine de Rivoyre, franséisch Schrëftstellerin.
- : 9. JanuarVerna Bloom, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Carol Channing, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 24. Januar: Fernand Weber, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Januar: Jean Guillou, franséische Komponist a Pianist.
- 26. Januar: Michel Legrand, franséische Museker a Komponist.
- : 3. FebruarJulie Adams, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 6. FebruarRudi Assauer, däitsche Foussballprofi a -manager.
- Manfred Eigen, däitsche Cheemiker. 6. Februar:
- Rosamunde Pilcher, englesch Schrëftstellerin. 6. Februar:
- : 8. FebruarAlbert Finney, brittesche Schauspiller.
- : 9. FebruarTomi Ungerer, franséischen Zeechner.
- André Scheuer, lëtzebuergesche Mathematiker a Lycéesprofesser. 9. Februar:
- 10. Februar: Maximilian Reinelt, däitsche Rudderer.
- 11. Februar: Alix vu Lëtzebuerg, Duechter vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix.
- 13. Februar: Marisa Solinas, italieenesch Schauspillerin a Sängerin.
- 16. Februar: Bruno Ganz, Schwäizer Schauspiller.
- 19. Februar: Karl Lagerfeld, däitsche Couturier.
- 20. Februar: Chelo Alonso, kubanesch Dänzerin a Filmschauspillerin.
- 20. Februar: Claude Goretta, Schwäizer Filmregisseur.
- 21. Februar: Gus Backus, US-amerikanesche Popsänger a Filmschauspiller.
- 21. Februar: Benny Berg, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 21. Februar: Triny Bourkel, lëtzebuergesch Liichtathleetin.
- 23. Februar: Stanley Donen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 28. Februar: André Previn, däitsch-US-amerikanesche Pianist, Dirigent a Komponist.
- : 1. MäerzJores Alfjorow, russesche Physiker.
- : 4. MäerzKeith Flint, brittesche Sänger an Dänzer.
- Klaus Kinkel, däitsche Politiker. 4. Mäerz:
- Luke Perry, US-amerikanesche Schauspiller. 4. Mäerz:
- : 5. MäerzJacques Loussier, franséische Pianist.
- 14. Mäerz: Godfried Danneels, belsche Kardinol.
- 22. Mäerz: Frans Andriessen, hollännesche Politiker.
- 23. Mäerz: Larry Cohen, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 23. Mäerz: Ferd Lahur, fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 26. Mäerz: Nicolas Plein, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 29. Mäerz: Agnès Varda, franséisch Filmregisseurin.
- 30. Mäerz: Tania Mallet, brittesche Mannequin a Schauspillerin.
- : 3. AbrëllAlbertine Biermann, lëtzebuergesch Botanikerin.
- : 4. AbrëllJean Goedert, lëtzebuergesche Politiker an Dokter.
- : 6. AbrëllDavid J. Thouless, brittesche Physiker.
- 14. Abrëll: Bibi Andersson, schweedesch Schauspillerin.
- 19. Abrëll: Martin Böttcher, däitsche Filmkomponist.
- 21. Abrëll: Hannelore Elsner, däitsch Schauspillerin.
- 23. Abrëll: Jean, Groussherzog vu Lëtzebuerg 1964-2000.
- 24. Abrëll: Jean-Pierre Marielle, franséische Schauspiller.
- 26. Abrëll: Ellen Schwiers, däitsch Schauspillerin.
- 29. Abrëll: John Llewellyn Moxey, brittesche Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Anémone, franséisch Schauspillerin.
- 30. Abrëll: Peter Mayhew, englesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- : 1. MeeAlessandra Panaro, italieenesch Schauspillerin.
- Pierre Berchem, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur. 1. Mee:
- 10. Mee: Nicolas Eickmann, lëtzebuergesche Politiker, Buergermeeschter vun Déifferdeng.
- 11. Mee: Jean-Claude Brisseau, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent.
- 13. Mee: Doris Day, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 16. Mee: Ieoh Ming Pei, taiwaneschen-amerikaneschen Architekt.
- 20. Mee: Niki Lauda, éisträichesche Formel-1-Weltmeeschter an Entreprener.
- 24. Mee: Murray Gell-Mann, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 27. Mee: François Weyergans, belsche Schrëftsteller a Filmregisseur.
- : 2. JuniYannick Bellon, franséisch Filmediteurin.
- : 6. JuniCarl Schell, Schwäizer Schauspiller.
- 15. Juni: Franco Zeffirelli, italieenesche Filmregisseur.
- 16. Juni: Rolf von Sydow, däitsche Filmregisseur.
- 17. Juni: Mohammed Mursi, egyptesche Politiker.
- 21. Juni: Dimitris Christofias, zypriotesche Politiker.
- 23. Juni: Menn Bodson, lëtzebuergeschen Televisiounsregisseur a -produzent.
- 26. Juni: Edith Scob, franséisch Schauspillerin.
- 29. Juni: Guillermo Mordillo, argentineschen Zeechner.
- : 3. JuliPol Cruchten, lëtzebuergesche Filmproduzent, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- : 5. JuliNelly Wies, lëtzebuergesch Sportlerin am Bouschéissen an Olympionickin.
- : 6. JuliJoão Gilberto brasilianesche Gittarist, Sänger a Komponist.
- : 7. JuliArtur Brauner, polnesch-däitsche Filmproduzent.
- : 9. JuliFernando de la Rúa, argentinesche Politiker.
- 10. Juli: Valentina Cortese, italieenesch Schauspillerin.
- 16. Juli: Johnny Clegg, südafrikanesche Museker an Anthropolog.
- 17. Juli: Andrea Camilleri, italieenesche Schrëftsteller.
- 19. Juli: Rutger Hauer, hollännesche Schauspiller.
- 22. Juli: Li Peng, chineesesche Politiker.
- 22. Juli: Brigitte Kronauer, däitsch Schrëftstellerin.
- 25. Juli: Beji Caid Essebsi, tuneesesche Politiker.
- 28. Juli: George Hilton, uruguayesche Schauspiller.
- : 5. AugustJosef Kadraba, tschechoslowakesch-éisträichesche Foussballstiermer.
- Bjorg Lambrecht, belsche Vëlossportler. 5. August:
- Toni Morrison, US-amerikanesch Schrëftstellerin a Literaturnobelpräisdréierin. 5. August:
- : 8. AugustJean-Pierre Mocky, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 16. August: Peter Fonda, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 16. August: Felice Gimondi, italieenesche Vëlossportler.
- 22. August: Jochen Pützenbacher, däitsche Radiosspeaker.
- 26. August: Pál Benkő, ungaresche Schachgroussmeeschter.
- 28. August: Michel Aumont, franséische Schauspiller.
- : 3. SeptemberPeter Lindbergh, däitsche Fotograf a Filmmécher.
- : 6. SeptemberRobert Mugabe, simbabwesche President a Politiker.
- : 9. SeptemberRené Hemmer, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 11. September: Bacharuddin Jusuf Habibie, indoneesesche Politiker a Staatspresident.
- 13. September: György Konrád, ongresche Schrëftsteller.
- 15. September: Ric Ocasek, US-amerikanesche Museker.
- 16. September: Luigi Colani, däitschen Designer.
- 19. September: Zine el-Abidine Ben Ali, tuneesesche Politiker.
- 19. September: Charles Gérard, franséische Regisseur a Schauspiller.
- 21. September: Sigmund Jähn, däitsche Kosmonaut.
- 26. September: Jacques Chirac, franséische Politiker.
- 30. September: Jessye Norman, US-amerikanesch Sopranistin.
- : 1. OktoberKarel Gott, tschechesche Sänger.
- : 2. OktoberGiya Kancheli, sowjetesch-georgesche Komponist
- : 3. OktoberRoger Taillibert, franséischen Architekt.
- : 5. OktoberFrançois Decker, lëtzebuergeschen Historiker.
- 10. Oktober: Marie-José Nat, franséisch Schauspillerin.
- 11. Oktober: Alexei Archipowitsch Leonow, sowjetesche Kosmonaut.
- 12. Oktober: Carlo Croccolo, italieenesche Schauspiller.
- 26. Oktober: Pascale Roberts, franséisch Schauspillerin.
- 27. Oktober: Paul Margue, lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Editeur.
- 31. Oktober: Florence Giorgetti, franséisch Schauspillerin.
- : 1. NovemberJohannes Schaaf, däitsche Regisseur a Schauspiller.
- : 2. NovemberMarie Laforêt, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- : 6. NovemberRené Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. November: Raymond Poulidor, franséische Cyclist.
- 14. November: Jean Milmeister, lëtzebuergesche Regionalhistoriker, Literaturwëssenschaftler a Schoulmeeschter.
- 15. November: Marcel Mart, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. November: Michael J. Pollard, US-amerikanesche Schauspiller.
- 25. November: Joseph Wagener, lëtzebuergesche Beruffsoffizéier.
- 25. November: Jean-Pierre Fandel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 9. DezemberRené Auberjonois, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 9. DezemberMarie Fredriksson, schweedesch Musekerin.
- 14. Dezember: Anna Karina, dänesch-franséisch Schauspillerin.
- 14. Dezember: Bernard Lavalette, franséische Schauspiller a Chansonnier.
- 18. Dezember: Claudine Auger, franséisch Schauspillerin.
- 18. Dezember: Alain Barrière, franséische Sänger a Schauspiller.
- 18. Dezember: François Schaack, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Dezember: Emanuel Ungaro, franséische Moudendesigner.
- 26. Dezember: Nicolas Estgen, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Dezember: Sue Lyon, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. Dezember: Jan Fedder, däitsche Schauspiller.
- Lou Kreintz, lëtzebuergesch Molerin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2019 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ lefigaro.fr: Sénégal: le poste de premier ministre officiellement supprimé (14. Mee 2019)
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/news/a/1324097.html
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2019-03-25. Gekuckt de(n) 2019-03-25.
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/news/a/1356890.html
- ↑ http://www.tageblatt.lu/meinung/kommentar/ein-vorbild-mario-mutsch-beendet-karriere/
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2019-06-07. Gekuckt de(n) 2019-06-07.
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/news/a/1359412.html
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/news/a/1399444.html