Avenue de la Liberté (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Avenue de la Liberté
Numm lb: Nei Avenue
fr: Avenue de la Liberté
Fréieren Numm fr: Avenue Adolphe (bis 1925)[1]
de: Adolf-Hitlerstraße (1940-1944)
Deel vun N3
Längt ca. 850 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1930
Koordinaten 49° 36’ 15.1’’ N
      06° 07’ 49.8’’ O
d'Nei Avenue a Richtung Norde gekuckt (2014).

D'Avenue de la Liberté (am normale Sproochgebrauch: Nei Avenue) verbënnt am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg d'Place de Metz mat der Place de la Gare. Se ass en Deel vun der Nationalstrooss 3 an nieft der Aler Avenue déi zweet grouss Geschäftsstrooss am Garer Quartier.

Se gouf 2012 als zweet attraktiivst Avenue vun der Welt klasséiert[2].

Historesches

Uganks vum 20. Joerhonnert gouf d'Avenue vum Lëtzebuerger Staat - op de fréiere Festungsanlage vum Fort Bourbon - als Verlängerung vun der Neier Bréck ugeluecht. Se huet deemools Avenue Adolphe geheescht, benannt nom Groussherzog Adolphe.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Adolf-Hitlerstraße” geheescht[3].

D'Beem an der Neier Avenue

Déi éischt nei Beem an der Neier Avenue (Januar 2020)

1915 goufen am ieweschten Deel op deenen zwou Säite Platane geplanzt[4]. Dës hu missen am Oktonber-November 2018[5], wéinst dem Schantje vum Stater Tram a wéinst Aarbechten um Kanalisatiouns- a Stroumreseau ewech geholl ginn. Den 20. Januar 2020 goufen déi zwéin éischt vun am Ganzen 69 neie Beem geplanzt. Et handelt sech ëm 20 Joer al Platane mat enger Héicht vun 10 - 12 m. déi aus enger hollännescher Bamschoul vu Cuijk kommen[6].

Kuckeswäertes

Biller

Um Spaweck

Commons: Avenue de la Liberté – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. L'avenue de la Liberté la deuxième avenue la plus prestigieuse du monde op luxembourg.public.lu, dem offizielle Portal vu Lëtzebuerg (gekuckt den 13. Februar 2018)
  3. May G., 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  4. Friedrich E. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 19, 1985: 26
  5. Baumfällarbeiten beginnen am Montag op wort.lu de 26. Oktober 2018, fir d'lescht gekuckt den 28. Oktober 2018
  6. Nadine Schartz, Tram: Erste Fahrten zum Hauptbahnhof im Oktober op wort.lu den 20. Januar 2020 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 21. Januar 2020 S. 37 ënnert dem Titel Erst die Platanen, dann die Gleise