Op den Inhalt sprangen

Rue de Strasbourg (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stroossbuergerstrooss)
Rue de Strasbourg
Numm lb: Stroossbuerger Strooss,
Nilleswee
fr: Rue de Strasbourg
Fréieren Numm fr: Rue Nilles (bis 1925)[1]
Längt ca. 770 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 2560, 2561,
2562 (Plaz)
Koordinaten 49° 36’ 01.7’’ N
      06° 07’ 42.3’’ O
Genannt no Stroossbuerg

D'Stroossbuerger Strooss (offiziell: Rue de Strasbourg) ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank um Wupp vun der Neier Avenue a leeft a Richtung Südweste bis bei d'Rue Jean-Baptiste Merkels.

Ongeféier an der Mëtt vun der Strooss läit nërdlech dovun - tëscht der Rue Adolphe-Fischer an der Rue 1900 - d'Stroossbuerger Plaz.

Ausganks vun den 1850er Jore gouf d'Gare a Betrib geholl. De Standuert vun der Gare war sengerzäit vun der preisescher Militärverwaltung strateegesch baussent der Festung festgeluecht ginn, um Territoire vun der deemoleger Gemeng Hollerech.

Ronderëm d'Gare huet sech dunn am Laf vun der Zäit e Wunn- a Geschäftsquartier entwéckelt; d'Stroossbuerger Strooss ass haut - absënns am ieweschten Deel - eng lieweg Geschäftsstrooss mat klenge Butteker, Caféen a Restauranten.

Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, gouf et néideg verschidde Stroossen nei ze benennen, well et vereenzelt Odonymmen e puermol gouf. Bis 1925 huet d'Strooss Nilleswee (Rue Nilles) geheescht, no der Zéissenger Bauereamill, déi do Lännereien hat.[2],[3] ier se dunn den haitegen Numm krut.

Stroossbuerger Plaz

[änneren | Quelltext änneren]

D'Stroosbuerger Plaz läit um halwem Wee op der Stroossbuerger Strooss.[4] 1910 war virgesinn, duer eng Kierch fir den neie Quartier, deen am Entstoe war, ze bauen. Well awer kuerz drop d'Garer Kierch um Stater Territoire gebaut gouf, déi och d'Awunner vun Hollerech besiche konnten (nach éier d'Stad an d'Gemeng Hollerech fusionéiert haten) gouf dës Iddi nees fale gelooss. D'20. Joerhonnert duerch war et eng ëffentlech Plaz, déi als Maartplaz, an ëmmer méi als Parkplaz benotzt gouf, a wou eemol am Joer Kiermesbuden drop waren. 1999 gouf d'Plaz autofräi gemaach an eng Spillplaz amenagéiert.

Vun 1951 bis 1999 war do den Economat, ee vun den éischte Supermarchéen am Land.

Commons: Rue de Strasbourg (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Céline Spithoven, Monica Camposeo, Anne Wolff, „An der Stroossbuerger Strooss“, Reportagen op RTL, gekuckt de 16. Abrëll 2022 op RTL-Play:

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
  3. Fanny Beck, 2005. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 79: 32
  4. [Quell vun dësem Kapitel: Céline Spithoven, Monica Camposeo, Anne Wolff: Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit." rtl.lu, 11.04.2022.