|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
• 1813: D'Vëlkerschluecht bei Leipzig fänkt un.
• 1854: Gebuert vum iresche Schrëftsteller Oscar Wilde.
• 1893: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Alexander Weicker gëtt gebuer.
• 1927: Den däitsche Schrëftsteller Günter Grass kënnt op d'Welt.
• 1934: D'chineesesch Kommunisten ënner dem Mao Tse-Tung fänken hire Laange Marsch un.
• 1941: Vun der Stater Gare ginn déi éischt 323 Judden an de Getto op Litzmannstadt (Łódź) deportéiert. Nëmmen 12 vun hinnen iwwerliewen den Zweete Weltkrich.
• 1946: Zéng zum Doud verurteelt Ugeklot aus dem Nürnberger Prozess ginn opgehaangen.
• 1973: D'OPEC decidéiert, de Pëtrolspräis ëm 70% ze héijen; Ufank vun der éischter Pëtrolskris.
|
|
• 1685: De Louis XIV. revokéiert den Edikt vun Nantes.
• 1777: Gebuert vum däitsche Schrëftsteller Heinrich von Kleist.
• 1883: Doud vum lëtzebuergesche Politiker, Jurist an Auteur Charles-Théodore André.
• 1896: Zu Iechternach gi fir d'éischt zu Lëtzebuerg Filmer gewisen, ë. a. L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière.
• 1920: Déi griichesch Schauspillerin, Sängerin a Politikerin Melina Mercouri gëtt gebuer.
• 1926: Den US-amerikanesche Museker Chuck Berry an den däitsche Schauspiller Klaus Kinski kommen op d'Welt.
• 1927: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur George C. Scott.
• 1931: Den US-amerikaneschen Erfinder Thomas Alva Edison stierft.
|
|
|
|
|
|
|
|
• 1759: Gebuert vum franséische Revolutionär Georges Jacques Danton.
• 1795: A Frankräich trëtt de Regime vum Directoire a Kraaft.
• 1863: Op enger internationaler Konferenz zu Genf gëtt d'Rout Kräiz als Institutioun gegrënnt.
• 1916: De franséische Politiker a Staatspresident François Mitterrand gëtt gebuer.
• 1919: Éischt Chamberwalen nom allgemenge Walrecht zu Lëtzebuerg. D'Rietspartei etabléiert sech als stäerkst politesch Kraaft.
• 1947: Déi US-amerikanesch Politikerin Hillary Clinton kënnt op d'Welt.
• 1994: Jordanien an Israel ënnerschreiwe e Friddensvertrag.
• Nationalfeierdag an Éisträich.
|
|
|
|
|
|