All Dag gëtt op der Haaptsäit eng kleng Lëscht vun deene wichtegsten Evenementer gewisen, déi op deem Dag geschitt sinn. Op dëser Säit sinn d'Schabloune vum Mount Oktober.
1941: Déi däitsch Zivilverwaltung muss hir Personenstandsaufnahme ofblosen, mat där se d'Lëtzebuerger wollte soen doen, si wieren "deutsch", wéi s'erausfannen, datt et an enger Majoritéit vun den Äntwerten "3 x Lëtzebuerg" heescht.
1985: Doud vum US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur Orson Welles.
1977: D'LufthansamaschinnLandshut vu Palma op Frankfurt gëtt an den Noen Osten an duerno op Mogadischu entfouert, wou se 5 Deeg drop vun enger däitscher Spezialunitéit befreit gouf.
1582: De Poopst Gregor XIII. féiert deen no him benannte Gregorianesche Kalenner an. Dobäi ginn zéng Deeg iwwersprongen. Op Donneschdes, 4. Oktober 1582 (Julianesch), koum direkt drop Freiden, de 15. Oktober 1582 (Gregorianesch).
2003: China schéisst d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem TaikonautYang Liwei an den All. Et ass domat dat drëtt Land op der Welt dat ee bemannte Weltraumfluch gemaach huet.
1961: Zu Paräis ginn no enger net geneemegter Manifestatioun vun 30.000 Algerier eng onbekannt Zuel vu Manifestanten doutgemaach, dausende gi blesséiert a 14.000 festgeholl.
1938: D'Radiosemissioun vum Héierspill The War of the Worlds nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air léist an den USA bei verschiddenen Nolauschterer eng staark Veronsécherung aus.