|
Schabloun:WDS 1
- ... d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
- ... de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?
Schabloun:WDS 2
- ... bei der Krispines-Kapell (och Péiter Onrou genannt) um Lampertsbierg et bis virun net all ze laanger Zäit de Brauch gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen, fir datt Männer, déi ontrei waren, solle "bestrooft" ginn?
Schabloun:WDS 3
- ... d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonns an der Antikitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
- ... d' Luxemburger Wort déi eelste lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
Schabloun:WDS 4
- … et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?
- ... et bei der Lëtzebuerg-Kris 1867 ëm d'Diskussioune goung, ob Lëtzebuerg u Frankräich verkaf sollt ginn?
Schabloun:WDS 5
- ... dem Wope vu Lëtzebuerg seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg huet, an op den Henri V. (1136-1196) zréckgeet?
- ... de lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher Gordian Troeller (1917-2003) 1992 den Adolf-Grimme-Preis fir säi Liewenswierk krut?
- ... e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafrost-Buedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?
Schabloun:WDS 6
- ... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale -Stil benannt ass?
- ... d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft Baikonur genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewech louch?
Schabloun:WDS 7
- ... de 50-Euro-Billjee deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der Eurozon ass? Am Abrëll 2012 ware 5.927.889.500 Exemplairen dovunner am Ëmlaf. Dono kommen dee vun 20 a vun 10 Euro.
Schabloun:WDS 8
- ... Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an dono d'Belsch op der anerer, sech net eens goufen, ween e kréich?
- ... de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
- ... et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Joere virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?
Schabloun:WDS 9
Schabloun:WDS 10
- … et vum fréiere Gauleiter Gustav Simon sengem Doud eng "offiziell" an eng "inoffiziell" Versioun gëtt?
- ... den Ieselsfouss, eng Fréijoersplanz, och Fils avant le père genannt gëtt, well d'Bléi virun de Blieder erauskënnt?
Schabloun:WDS 11
- ... de Peschtvull esou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?
Schabloun:WDS 12
- ... op der Palette vum Narmer, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den Narmer duergestallt gëtt?
- ... "Sequoiaen" wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem déi 5 Vokaler hannertenee stinn?
Schabloun:WDS 13
- ... beim Waasserball Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
- … deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?
Schabloun:WDS 14
- ... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
- ... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Mangel un natierleche Feinden a genuch ze friessen ëmmer méi kleng gouf?
Schabloun:WDS 15
- ... d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Televisiounsemissioun hat?
Schabloun:WDS 16
- ... d'Mundaneum vum Belsch Paul Otlet (1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng "analog Sichmaschinn" vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?
Schabloun:WDS 17
- ... bei Uergelpäifen ë. a. tëscht Labial- an Zongepäifen ënnerscheet gëtt?
- ... de lëtzebuergeschen Auteur Norbert Jacques d'Figur vum Doktor Mabuse erfonnt huet?
- ... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg esou genannt gëtt. wellt et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?
- … de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
Schabloun:WDS 18
- ... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
- ... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
Schabloun:WDS 19
- ... dem Henry Miller säi Roman Quiet Days in Clichy ënner anerem och zu Lëtzebuerg spillt?
- ... den Amazonas 190 km vum Pazifik ewech seng Quell huet, ma da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
Schabloun:WDS 20
- ... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaf gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
- … Baarle-Hertog eng belsch Gemeng, ë. a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
- ... den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?
Schabloun:WDS 21
- ... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
- ... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
- … am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
Schabloun:WDS 22
- ... den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
- ... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
Schabloun:WDS 23
- ...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
- ... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, am Joer 2012 eng 6.74 Milliounen Euro bedroen huet, an datt 2 Verlagshaiser bal 4/5 dovunner kritt hunn?
Schabloun:WDS 24
- … d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
- …d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
- ... Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
Schabloun:WDS 25
Schabloun:WDS 26
- … de Mitock (Upupa epops) op lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
- ... de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turnen war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
|
|
Schabloun:WDS 27
- ... d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mee e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
Schabloun:WDS 28
- … den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesender, eng 130 bis dohin onbekannten Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvunner der eng Partie säin Numm kruten, z.B. d' Acacia Lujaei oder d' Eulophia Lujaeana?
- ... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, an esou säin typesche Goût kritt?
Schabloun:WDS 29
- … de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?
- … d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
Schabloun:WDS 30
- …den Étienne Lenoir (1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domatter ugedriwwe gouf, gebaut huet?
Schabloun:WDS 31
- ... de William J. Kroll (1889 - 1973) e lëtzebuergesche Metallurg war, deen ë.a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
- ... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträifte Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dogéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn dierfen eraushänken?
- ... deen éischte Long métrage op lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
Schabloun:WDS 32
- ... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d.h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
- … de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungstreesender Guillaume Capus (1857-1939) annerhalwe Mount am Norde vun Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op interventioun vum Vize-Kinnek vun Indien fräikomm ass?
- ... den Zoo vun Antwerpen schonns 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
- ... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnëss e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
Schabloun:WDS 33
- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
- … zu Keel an der Léif'frächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
Schabloun:WDS 34
- … de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mee de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en esou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
- ... d'Brubbel zu Wallenborn deen eenzege Kalwaassergeysir an Däischland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
- … de Paul Lauterbur (1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?
Schabloun:WDS 35
- ... en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d’Sonn, mee hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
- ... de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, deen sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
- ... Ashcan (d.h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangenlager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?
Schabloun:WDS 36
- ... de Buffalo Bill mat senger Wild West Show den 3. September 1906 en Optrëtt zu Lëtzebuerg hat?
- ... bei der Schluecht vu Salamis enger vun de gréisste Séischluechten an der griichescher Antikitéit, Athen ënnert dem Themistokles d'Flott vum Xerxes I. vu Persien verdriwwen huet?
- … de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domatter de Grondsteen fir den elektresche Motor geluecht huet?
Schabloun:WDS 37
- ... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?
- ... op der Karibikinsel Saint-Martin Frankräich an Holland zesummen eng 10 km laang Grenz hunn?
- ... de Film Girl with a Pearl Earring bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint ginn ass?
Schabloun:WDS 38
- ... vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
- ... den Dollar säin Numm vun der Uertschaft Sankt Joachimsthal hier huet, déi haut Jáchymov heescht?
- … d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?
Schabloun:WDS 39
- … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
- … am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovunner laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationnéiert waren?
Schabloun:WDS 40
- ... Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéiner, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimerskiercher Händlerfamille geschwat gouf?
- ... d'Ionesch Revolt 500/499 v.Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
- ... fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?
Schabloun:WDS 41
- … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
- … déi zwou Bensinsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 300 Millioune Liter Brennes am Joer verkafen?
Schabloun:WDS 42
- … een an der Whirlpool-Galaxis (Messier 51 oder NGC 5194/5195), eng Spiralgalaxis am Stärebild Canes Venatici, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
- … d'Berwart Schlass zu Esch-Uelzecht 1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?
- … et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlofuerer mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dervunner, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, ze iwwerhuelen?
Schabloun:WDS 43
- … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
- ... vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
Schabloun:WDS 44
- … Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och "Manati" genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass, a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn, an opgehal hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
- … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
- ... d'Désirée Nosbusch schonns mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
- ... nodeems dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit dono nach als Büro fir déi theoretesch Führerschäinprüfung benotzt ginn ass?
Schabloun:WDS 45
- ... de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol, 1924 an 1928, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
- ... d'Kuer, mat hiren Niewebaachen an d'Fooschtbaach, eng kleng Baach am Éislek, déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum Rhäin gehéieren, mä zu deem vun der Meuse?
Schabloun:WDS 46
- ... de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?
- ... "Kueb" an de spéiden 1970er Joeren wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen erstat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?
- … d'Hélène Hiertz (1911-1985) déi éischt Kächin zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut?
Schabloun:WDS 47
- ... Nauru deen eenzege Memberstaat vun der UNO ass, dee keng Haaptstad huet?
- … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
- ... dee leschte Wollef zu Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1893 am Ouljer Bësch erschoss gouf?
Schabloun:WDS 48
- ...d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen, e Kondominium sinn?
Schabloun:WDS 49
- … et am Kader vun der Affär Dreyfus, déi déi franséisch Ëffentlechkeet joerelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den Alfred Dreyfus nees rehabilitéiert gouf?
- …den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
Schabloun:WDS 50
- … den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676 ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
Schabloun:WDS 51
- ... de Schwaarzspiecht, dee virun dem Ufank vun den 1960er Joere just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zënterhier am flaache Land bis op den Atlantik breet gemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
Schabloun:WDS 52
- ... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d' Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
- ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
- ... den Antoine Meyer (1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829) war?
Schabloun:WDS 53
- ...déi gréisste lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
- ...de Rapport iwwert e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
|